Sie sind nicht angemeldet.

41

23.04.2008, 10:28

jo mJang, dei mat der Drepp dran :D

42

17.02.2009, 09:11

Eng Nouvelle fir d'Fëmmerten hei am Forum:

Am Saarland ass d'Fëmmverbued gelockert gin. Do gin et elo schon etlech Rest. wou én awer därf fëmmen. An zu Tréier därf am Eurener Hof och gefëmmt gin.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

43

17.02.2009, 10:11

Eng Nouvelle fir d'Fëmmerten hei am Forum:

Am Saarland ass d'Fëmmverbued gelockert gin. Do gin et elo schon etlech Rest. wou én awer därf fëmmen. An zu Tréier därf am Eurener Hof och gefëmmt gin.

Wéi dann? Wat dann? Wou dann??????

Wéi virun e puer Joer d'Fëmmverbued an Restauranten hei zu Lëtzebuerg agefouert gouf, huet dach eisen Gesondheetsminister op Radio, Tele an och an aneren Rieden ëmmer erëm widderholl, dat missten mir maachen, well et eng europäesch Direktiv wir, déi an all den EU Länner misst emgesat ginn.

Also, ech gesinn nëmmen 2 Méiglechkeeten: Entweeder sinn elo d'Saarland an Rheinland-Pfalz aus der EU ausgetratt oder eisen Gesondheetsminister huet eis belunn.

Weess een do méi?????
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Luxator

unregistriert

44

17.02.2009, 10:47

Esou weit ech weess, ass a Bayern och d'Fëmmverbued gelockert ginn, an och nach aaner Bundesländer denken doriwwer no. Do sinn och d'Parteien staark involwéiert. Hei zu Lëtzebuerg geschitt jo de Géigendeel, déi hunn och aaner Lobby'en, ewéi mir hei zu Lëtzebuerg.

Géing et der Marie-Paule Prost-Heinisch no, der Fanatikerin vun der Anti-Kriibsliga, géinge mir Fëmmerten jo alleguer direkt vum Erdbuedem verbannt ginn. Däer Fra hiir Verbruedheed géint d'Tubaak-Konsumenten kennt keng Limiten méi ! Sie déit besser drunn, deene Leit, déi wëllen ophaale matt Fëmmen, eng réell a seriös Ënnerstëtzung unzebidden, amplaatz baal all Daag op en Neis erëm géint déiselwecht Leit ze stänkeren. :huh:

45

17.02.2009, 10:54

Also, ech gesinn nëmmen 2 Méiglechkeeten: Entweeder sinn elo d'Saarland an Rheinland-Pfalz aus der EU ausgetratt oder eisen Gesondheetsminister huet eis belunn.
Weess een do méi?????
... letzterës ass de Fall ! Ët ass nach nie eng Direktiv vun der EU gin, déi viirschreiwt wéini, wéi, wou a waat gefëmmt däerf gin.
Ët besteet nëmmen eng Direktiv iwer d'Aschränkung vun der Publizitéit vun Tubakwueren, a soss glaat näischt !
Ët ass alt gudd, dass de Batholomeus nët an der CSV ass, soss wär en elo vum Ratz-Fatz exkommunizéiert gin wéint Bedrug um Vollek!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

47

17.02.2009, 11:06

Ët ass nach nie eng Direktiv vun der EU gin, déi viirschreiwt wéini, wéi, wou a waat gefëmmt däerf gin.
Ët besteet nëmmen eng Direktiv iwer d'Aschränkung vun der Publizitéit vun Tubakwueren, a soss glaat näischt !

mJANG,

Dat weess ech. Wou d'Gesetz agefouert gouf, hat ech déi Direktiv esou guer op méngem Schreiwdësch leien, well am alen Forum vill Leit waren, déi di Ligen vum Monni Mars all nogeplappert hunn (ech soen nëmmen Jegas). Schon deemols ass mir den Hutt héich gaangen, wéi ech gemierkt hunn, wéi einfach et ass, Leit matt enger décken Ligen ze manipuléieren.

PS: Déi Leit, déi sech nach fir déi Direktiv interesséieren, kënnen hei kucken.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

48

17.02.2009, 11:44

Schon deemols ass mir den Hutt héich gaangen, wéi ech gemierkt hunn, wéi einfach et ass, Leit matt enger décken Ligen ze manipuléieren.
... du hues absolut recht ; wann d'Politiker e Gesetz wëllen duerchsetzen,dann invoquéieren se ëmmer nees iergend eng vague Initiativ vun der EU fir daat ze rechtfertegen. Mierken déi Iëselen dann nët dass se bei de Wahlen fir hir Ligen bestrooft gin, an dass d'Vollek sech , dank dem Internet, ëmmer besser können dokumentéieren, an dass doduerch hire Schwindel méi séier opfléit.
P.S. Jempi, du schengs dech jo gudd an dem EU-Recht auszekennen, daat Wëssen iwer daat thema hun ech nët, mais ech fannen ët äusserst wichteg sech an déi Problematik anzeschaffen, a wann ët nëmme wär fir ons dichteg Ministeren hire Ligen ze iwerféieren.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

49

17.02.2009, 11:51

P.S. Jempi, du schengs dech jo gudd an dem EU-Recht auszekennen,

Elo wou ech pensionnéiert sinn, kann ech et jo roueg hei soen: Ech hunn 25 Joer bei deem Veräin geschafft.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain