Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

21

22.04.2008, 12:32

Zum Fëmmen am Restaurant: ech fëmmen jo och mee ech hunn awer och kee Problem domat virun d'Dir eng fëmmen ze goën. Dann ginn et awer Leit deenen dat zeguer net duer geet (mir haten hei am Forum mol sou en Camionschauffer :whistling: ) an sech dann och do duerch den Damp belästegt fillen. Do héiert de Spaass awer op. Gott sei Dank sinn ech nach net esou ugemaach ginn.... ech kéint mech soss mol liicht am Toun vergräifen ;)

Fëmmen am Café: ass et jo effektiv nach éiweg ginn an soll och sou bleiwen, djö namol :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

22

22.04.2008, 12:57

Mir geet et em c'Cafféen, d'Femmregelungen fir Café'en as totalen Humbug, well et schons emmer sou war datt an de Caffé'en di meecht gefemmt hun. Een deen an e Café wollt wosst emmer wat e geng erwaarden a wann em dat net gepasst huet as en net gaang, Milkbars an Etablissementer wou net gefemmt duerft gin gouf et och schons virun dem Gesetz. 90% vun denen di net femmen an nie ane Café oder Bistrot gin denken sech dann lo wi den Johnny: "Ech femmen zwar net a geng och nie an e Bistro goen mee wéinstens daerfen déi di dat wellen et léo och net méi!"

Loosse mer lo einfach mol dohigestallt sinn, wéivill Leit net an e Café ginn, well eben do gefemmt get an et nawell oft zimmlech ekleg stenkt.

Mäi Papp as een vun deenen, déi hiert Liewen laang all owes no der Aarbecht een huele gaang sinn, an ech sinn an der Zäit duerchaus regelméisseg matgaangen. Haut maachen ech dat net méi wierklech oft, well et net a mäin Aarbechtsdag passt.

Zitat

Déi Workahliker an de Pinguinskostümer daat sin nach richteg Männer di wessen de Geroch vu Schweess vun haarder aarbecht nach ze schätzen-et as wouer, Bankiersschweess as wesentlech méi angenhem wi Zigarettengestank.

Ei, d'gett awer näischt méi agréables wéi en komfortablen Virurteel ;)

Éiers de dech drasteigers, looss der gesot sinn, dass ech an der Industrie schaffen - mat Kaméiner, Koméidi, Kamionen an Knascht. Mat de Banker kann ech mech och nemme schwéier ufrenden.

23

22.04.2008, 13:35

@Johnny:Et kann jo keen soen datt café'en soss net gestonk hun, just lo stenkt et eben aanescht wi virdrun oder besser et mierkt een mol ob a wéivill et wiirklech stenkt well net mi souvill gefemmt gëtt.
Ech fannen trotzdem datt d'Femmen an de caffé'en zu kengem Zaitpunkt daerft verbueden gin, et zerstéiert e Steck Kultur-kloer wien brauch nach café'en a Bistro'en an Zaiten vun Foren an Internet? En Daitschen Auteur huet oich en interessant Buch iwwer deen Phenomen geschriwwen, posten hei de link wann et mer rem afällt;
Dann has de nach eng Kéierchance. ;)
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

24

22.04.2008, 13:47

@Johnny:Et kann jo keen soen datt café'en soss net gestonk hun, just lo stenkt et eben aanescht wi virdrun oder besser et mierkt een mol ob a wéivill et wiirklech stenkt well net mi souvill gefemmt gëtt.

Jo, een Punkt hues De: verschidde Leit huelen et net sou genau mat der Hygiene, dat fällt elo éischter op wéi fréier ;)

Zitat

Ech fannen trotzdem datt d'Femmen an de caffé'en zu kengem Zaitpunkt daerft verbueden gin, et zerstéiert e Steck Kultur-kloer wien brauch nach café'en a Bistro'en an Zaiten vun Foren an Internet?

Ech sinn duerchaus der Meenung, dass Cafeen a Bistro eng wichteg sozial Funktioun erfellen (vläit net grad eng kulturell). Mee ech gesinn net, dass duerch en Femmverbuet déi Funktioun nët méi kann erfellt ginn.

Hu mer e bessche Gedanken gemaach, firwat ech tendenziell net sou oft een huele ginn, a mäin Papp méi oft. Hien hat en kierperlech ustrengenden Job, bei deem en oft de ganzen Dag eleng woer. Ech hun en kierperlech net belaaschtenden Job, bei deem ech quasi de ganzen Dag mat Leit ze dinn hun. Dass 'een huelen goen' no der Aarbecht fir hien eng agreabel Combine tescht enger Stonn Raschten an sozialen Kontakten woer, kann ech novollzéien. Ech sinn ganz zefridden, wann ech owes eng Stonn fir mech eleng hun, an wann ech e Besoin hun, dann éischter no kierperlecher Aktivitéit. Dat verdréit sech net wierklech mat 'een huele goen'.

Zitat

En Daitschen Auteur huet oich en interessant Buch iwwer deen Phenomen geschriwwen, posten hei de link wann et mer rem afällt;
Dann has de nach eng Kéierchance. ;)

Firwat, well ech kee Banker sinn?

Ech hu jo näischt géint se, mee 't si meeschtens komescher. Ech zecken se nawell gäeren, well emmer alles fir si mat Souen ze dinn huet. ;)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

25

22.04.2008, 14:53

Ech fëmmen nët : gehéieren also zu 2/3 vun de Leit ;
meng Fraa fëmmt : gehéiert zu 1/3 vun de Leit .
Aus Solidaritéit (an esou ass ët bei ville vun onse Frënn ) gin ech nët méi zu L an ë Restaurant !!
All déi selbsternannte Statistik-Spezialisten hei am Forum solle mer elo ëmool viirrechnen
wéi dann elo déi speziell Korrelatioun op d'Gesamtresultat ze berücksichtegen ass ! (eng klassësch Examensfroo !)

Majo ganz einfach:

Bei bestuetenen Koppelen gët et dann:
10,89% wou Mann an Fra fëmmen;
44,22% wou Mann oder Fra fëmmen;
44,89% wou weeder Mann nach Fra fëmmt.

Aneschter ausgedréckt: An 55,11 Prozent fëmmt op mannst een.

Sou, an elo maachen ech eng unn!

PS: Dat Ganzt heescht iwwregens "Binomgesetz".
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

26

22.04.2008, 15:28

Bon, ech hun dat lo net ennert deem Numm kannt (a mäi Kolleeg Google och net), mee et as kloer, dass De eng 2x2-Matrix duerchmultiplizéiert hues.

Dat geet natierlech dervun aus, dass d'Leit hier Affinitéit zoueneen net dervun ofhängeg maachen, op deen anere femmt oder net. Ouni et lo mat Zuelen beleen ze kennen, ginn ech mol net dervun aus, dass deem sou ass. Ech kennen quasi nemmen Koppelen, déi entweder allen zwee femmen, oder allen zwee netfemmen (ausgeholl den mjang a seng Madame). Mee dat as Beweis duerch Behauptung, dat zielt net.

Ech hun e Kolleeg, deen en Internet-Dating-Service bedreiwt, ech weess dass en fumeur/nonfumeur fir seng Profiles offreet. Ech froen en emol, op en Zuelen driwwer huet, wat d'Leit uginn respective sichen.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

27

22.04.2008, 15:48

et as kloer, dass De eng 2x2-Matrix duerchmultiplizéiert hues.

Nix Matrix!!
Du Binom kennen??

Du wëssen wat (p + q) ² ergët wann p + q = 1.

Du dat emol ausrechnen.
Ech nach eng fëmmen!
Uga!

PS: Du och bei Aendokter goen.
Duerno du och hei fannen: http://fr.wikipedia.org/wiki/Loi_binomiale

Ech elo nach eng fëmmen
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Jempi« (22.04.2008, 15:56)

28

22.04.2008, 15:52

@johnny: du has chance dats de kee Bankier bas soss hätt ech nach e puer daer Sprech aus dem coffre-fort gekromt. 8)
Waat an de caffé goen ugeet si mer eis zimlech ähnlech, ech sin och keen klasseschen Cafésclient, passéiren vlait 2-3 mol am Mount do, wat mer genuch Distanz gëtt fir changementer och schnell matzekréien. Ee caffé war soss eng Plaz wou een och mol konnt iwwer d'Sträng schloen,eng Art "ilôt aux petits secrets sales" wou e bessen mi e lockeren Emgang ennerteneen gepflegt gouf an net all Mensch no de Flicken geruff huet wann de Jos dem Pier eng an d'Sabbel gehaan huet. Waren d'caffé'en soss den sozialen Treffpunkt fir vill Schichten vun der Gesellschaft sou gin se haut zu schappegen konformisteschen Yuppi-Milkbars degradéiert.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

29

22.04.2008, 17:00

Quizfro :

Wat ass mei wichteg ?

a) d' Recht ze femmen
b) d' Recht op eng gudd Gesondheet

Ech geif op b) tippen, doweinst fannen ech et gudd dat an Restauranten net gefemmt dierf gin. An a Caféen keint et och roueg verbueden sin.
Iwwregens gin et och Lait ennert denen 1/3 Femmerten dei et degoutant fannen wann am Restaurant gefemmt get.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

30

22.04.2008, 17:09

Quizfro :

Wat ass mei wichteg ?

a) d' Recht ze femmen
b) d' Recht op eng gudd Gesondheet

Ech geif op b) tippen, doweinst fannen ech et gudd dat an Restauranten net gefemmt dierf gin. An a Caféen keint et och roueg verbueden sin.
Iwwregens gin et och Lait ennert denen 1/3 Femmerten dei et degoutant fannen wann am Restaurant gefemmt get.

Populismus puer! Hei den Beweis:

Wat ass méi wichteg?

a) d'Recht op d'Aarbecht ze fueren
b) D'Recht, net Affer vun engem Autosaccident ze ginn

Ech géif op..... jo, op wat dann elo???? tippen?
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

31

22.04.2008, 17:12

Kohlenstoffdioxid 45–65 mg
Kohlenmonoxid** 10–23 mg
Stickstoffoxide** 0,1–0,6 mg
Butadien* 0,025–0,04 mg
Benzol*/** 0,012–0,05 mg
Formaldehyd** 0,02–0,1 mg
Acetaldehyd*/** 0,4–1,4 mg
Methanol** 0,08–0,18 mg
Blausäure** 1,3 mg
Nikotin** 0,8–3 mg
polyzyklische aromatische Kohlenwasserstoffe* 0,0001–0,00025 mg
aromatische Amine* 0,00025 mg N-Nitrosamine* 0,00034–0,0027 mg

Mmmmh lecker !! Ech froen mech wirklech wei een sech dat do all Daag undoen kann, dann waert een jo dei puer Stonnen am Restaurant kennen aushaalen, ouni gefemms ! Sidd dach leiw mat aerer Long !

32

22.04.2008, 17:25

Quizfro :

Wat ass mei wichteg ?

a) d' Recht ze femmen
b) d' Recht op eng gudd Gesondheet

Ech geif op b) tippen, doweinst fannen ech et gudd dat an Restauranten net gefemmt dierf gin. An a Caféen keint et och roueg verbueden sin.
Iwwregens gin et och Lait ennert denen 1/3 Femmerten dei et degoutant fannen wann am Restaurant gefemmt get.

Populismus puer! Hei den Beweis:

Wat ass méi wichteg?

a) d'Recht op d'Aarbecht ze fueren
b) D'Recht, net Affer vun engem Autosaccident ze ginn

Ech géif op..... jo, op wat dann elo???? tippen?

Aha, an wat hueste domadder bewisen ?

33

22.04.2008, 20:46

@SandrA,

du huës nie gefëmmt, dat miërkt een. :) Bei ëngem Fëmmert gehéiert d'Zigarett derzou, ech wees vun wat ech schwätzen. Hun elo virun 2 Méint fir d'xxxxxten Kéier opgehalen. Gleew mir, et ass mir vill méi schlecht wéi virdrun, ech sin nervös, zidderen alt emol, gin énorm schnell granzeg, kréien net méi Loft wéi virdrun, hun nie gehouscht, also ass do och keen Ennerscheed, souguer beim Lafen mierken ech neischt. an ech richen nach ëmmer den Damp ganz ganz gären. Et mag pervers klëngen, mee et ass esou.

Dofir: FÄNK NIE DOMAT UN, ET ASS ENG DROGUE!!!!! :)

34

22.04.2008, 20:52

Komesch, dat een muss unfänken vir ze mierken dat et eng Drog as :P

35

22.04.2008, 21:04

Komesch, dat een muss unfänken vir ze mierken dat et eng Drog as :P
Neen, wéi ech ungefangen hun, ass guer net iwert Drogue geschwaat gin, vergiëss net ech sin vill méi aal wéi's du, (du klengt virlaut Meedchen). Deemols war dat eng ganz normal Sach. Dat wat mir haut wëssen, gouf deemols net gesoot.

36

22.04.2008, 21:23

.... vergiëss net ech sin vill méi aal wéi's du, (du klengt virlaut Meedchen) .....
... also sandrA , ech gin der e gudde Rot : looss dech nët vun der Hydra-Boom ënnerbotteren ;) !!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

37

22.04.2008, 21:23

Neen, wéi ech ungefangen hun, ass guer net iwert Drogue geschwaat gin, vergiëss net ech sin vill méi aal wéi's du, (du klengt virlaut Meedchen). Deemols war dat eng ganz normal Sach. Dat wat mir haut wëssen, gouf deemols net gesoot.
Jop, hat vergies, daat dir demols net doriwer opgeklärt gin sidd, ech sin een beisst klengt virlaut Meedchen :S

38

22.04.2008, 23:36

Jop, hat vergies, daat dir demols net doriwer opgeklärt gin sidd, ech sin een beisst klengt virlaut Meedchen :S
Neen, du bass ëng klëng léif virlaut Maischen. :) :)

39

22.04.2008, 23:50

Merci Hydra, lo kann ech rouheg schlofen :)

Jidwereen huet seng kleng Drog, bei mir sin et Seissegkeeten. :huh:

40

23.04.2008, 00:09

Merci Hydra, lo kann ech rouheg schlofen :)
Jidwereen huet seng kleng Drog, bei mir sin et Seissegkeeten. :huh:
Namur's Knippercher etwa ????