Sie sind nicht angemeldet.

Den Hänkert

unregistriert

1

26.08.2009, 16:16

Musik am Alldaag

Waat mech mol ging interesseieren, ass weivill Musek jiddwereen wou läuschtert an weieng Richtung dei dann ass...

Ech perseinlech keint ouni Musek net weit kommen, läuschteren et esou gudd ewei iwwerall an haaptsächlech Metal.

2

26.08.2009, 16:56

Momentan, aus gegebenem Anlass, 'Kind of Blue'.

3

26.08.2009, 21:10

Aktuell meng perséinlech Virléiften: Paolo Nutini, iwerhaapt alles wat aus Shottland oder Irland kent. Dofir och Snow Patrol, am groussen Ganzen sin ech op fir all Richtungen!

4

26.08.2009, 22:01

Momentan, aus gegebenem Anlass, 'Kind of Blue'.


Miles Davis Fan? Ech och.

5

27.08.2009, 10:15

Momentan, aus gegebenem Anlass, 'Kind of Blue'.


Miles Davis Fan? Ech och.


Einfach ee vun deene grousse Klassiker. Gären, awer phaseweis.

6

27.08.2009, 13:39

Trompett! Ma kennt dir jo och bestemmt den Mark Isham! "Pure Mark Isham" as en Album den ech empfehlen kann!

7

27.08.2009, 15:10

@Ganymedes,

Kennen ech net, mee momentan leeft hei 'Hornucopia' vum Jon Faddis.

8

27.08.2009, 22:20

@Ganymedes,

jo, ech hun "Songs My Children Taught Me" vum Mark Isham. :)

@Johnny,

du hänks am Jazz. :)

9

28.08.2009, 08:09

@Johnny,

du hänks am Jazz.


Jo dat kennen ech, bei mir sin dat esou Phasen wou ech einfach näischt anescht wëll héieren. Ewech vun dem Mainstream den eis Radioen verzapen!

10

28.08.2009, 08:42

Ech lauschteren muenches un Jazz, stemmt - awer bei wäitem net exklusiv.

Radio lauschteren ech eigentlich guer net, ausser Talk Radio, an och do lauschteren ech éischter Podcasts, fir kennen de Reklammen z'entgoen.

NP: David Bowie - Ziggy Stardust

Ähnliche Themen