Sie sind nicht angemeldet.

1

03.05.2008, 11:25

Philip Ball - critical mass (how one thing leads to another)

B'schuer.

Grad firdeggeliess, an duerchaus z'empfehlen. Schwéiert Buch, am Senn dass et keent as, an deem een owes virum Aschlofen nach en Säit oder zwee liest. Awer populär genuch, dass och ech et ouni wessenschaftlechen Background (gréisstendeels) verstan hun.

Den Auteur fänkt un mam Hobbes sengem Leviathan an da geet et an d'Thermodynamik - dat ass Preparatioun op en interessante Sujet: sou wéi d'Physik éirenswann huet missen opginn, all Atom eenzel ze betruechten an erausfonnt huet, dass een mat statisteschen Approchen duerchaus gudd weiderkennt, get gewissen, wéi déi Approchen och op d'Verhalen vun de Leit ugewandt kenne ginn. Relativ einfacht Beispill, Verhalen vun den Autofuerer, wat zu Stau verleet: ouni all Chauffeur eenzel ze betruechten, kann een iwwert d'ganz Populatioun op der Strooss relativ secher soen, wéini et zu engem Stau kann kommen.

Quasi-stabil Zoustänn an Phasewiesselen ginn an d'Spill bruet, an d'Schwarmverhalen vun Villercher simuléiert. Ekonomesche Wuesstem, sozial Netzwierker, d'Warscheinlechkeet vun Entscheedungen, d'Entwecklung an d'Konkurrenz vu Kulturen, den Oracle of Bacon, d'Organisatioun vum Internet, Game Theory an virwat et evolutionär sennvoll as, fein mateneen ze sinn couvréiren de Rescht vum Buch, an et as emmer ganz no bei der Realitéit, mat ville Beispiller, déi direkt novollzéibar sinn. Sou gett zum Beispill un der politescher Situatioun an den 30er Joeren erklärt, wat fir eng Allianzen tescht de Länner fir de Krich warscheinlech woeren.

Faszinéirend Geschirr, as kapabel, fir engem nawell e puer Kniet an d'Gehier ze zwaffen.

2

03.05.2008, 11:55

schengt en interessant Buch ze sin , ech kaafen ët emol iwer Amazon ( ab 8 € krit een ët do schon, gebraucht )
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

3

03.05.2008, 12:04

Vill Spaass dermadd. Ech hun et, wann mäin Lesezeichen stemmt, den 20. Januar nomettes zu Heathrow kaaft :)

Dohir och meng Erkenntnis, dass et näischt as, fir owes virum Aschlofen ze liesen. ;)

4

03.05.2008, 12:18

Dohir och meng Erkenntnis, dass et näischt as, fir owes virum Aschlofen ze liesen. ;)
... nee daat maachen ech sou wéi sou och nët.
Bei mir gët owens nach grad de Sandmännche gekuckt, an da séier an d'Bett :sleeping: !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

5

03.05.2008, 12:54

Johnny, wann ech mech net ieren hass du op deser Platz och eng Keier The World without us rekommendeiert, sin amgangen et ze liesen, genialt Buch !! :thumbup:

6

03.05.2008, 15:08

@sandrA,

Freet mech, wann et gefällt. :)

Déi läscht Amazon-Liwwerung huet 'Pale Blue Dot' vum Carl Sagan bruet. Den Sagan as bekannt fir 'Contact', wat virun enger Rei Joeren mam Jodie Foster verfilmt ginn as, mee richteg gudd gefall huet mer 'Cosmos' vun him. As allerdengs schon en Tick méi al.

7

03.05.2008, 17:37

@Johnny,

ass dat Buch nie iwersaat gin? Ech wëll et net op englesch liësen, ass mir ze schwéier.

8

03.05.2008, 19:22

Ech mengen net, Hydra. Den Ball as Englänner an huet net ganz vill iwwersat kritt :S

9

03.05.2008, 22:17

Ech mengen net, Hydra. Den Ball as Englänner an huet net ganz vill iwwersat kritt :S
Jo, et wärt dann esou sin, ech hun iwerall gesicht, mee dat do Buch net op enger anerer Sprooch fonnt. Schuëd! Esou speziell Sachen op englesch ze liësen mëcht mech immens midd, ech hun net genug mat där Sprooch ze din.

Ähnliche Themen