Sie sind nicht angemeldet.

1

12.01.2009, 08:43

Den Thierry van Werveke ass dout

Am Alter vu 50 Joer ass de Schauspiller a Sänger Thierry van Werveke
gestuerwen. Hie war duerch de Film Troublemaker berühmt ginn.
De Fils vun engem Diplomat war zu Genève an der Schwäiz gebuer a koum
mat 14 Joer op Lëtzebuerg; 1982 huet hien de Régisseur Andy Bausch
kenne geléiert, deen den Thierry van Werveke fir Filmer wéi
„Troublemaker", „A Wopbopaloobop a Lopbamboom" oder „Le club des
chômeurs" engagéiert huet. Donieft huet den Thierry van Werveke ë.a. am
Film „Hochzäitsnuecht" vum Pol Cruchten an an „Knockin' on heaven's
door" vum Thomas Jahn matgespillt. De Sänger vun der Rockgrupp
Nazz-Nazz war 2003 beim Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht
kënschtlerech Leeschtung ausgezeechent ginn.
Mein Beileed

2

12.01.2009, 09:45

Den Thierry wousst dass hien net géing aal gin. Hien huet bewosst mat sengem Liewen gespillt. Trotzdem hat hien nach Hoffnung no senger Liewertransplantatioun.

Den Thierry war ë ganz sensiblen Mënsch. Am Theater hun ech hien am léiwsten gesin.

Ciao Thierry! :)

Luxator

unregistriert

3

12.01.2009, 10:14

Déi Nouvel do stëmmt een traureg. Den Thierry waar e groussen Schauspiller, dee wousst, d'Liewen ze genéissen.

Vun hei aus, och mäin Bäileed.

Knockin' on Heaven's door ass elo fiir den Thierry leider zur Taatsaach ginn ! Adieu Johny Chicago, maach et gudd !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

12.01.2009, 10:20

Mäin Bäileed un d'Famill.

Ech kann just hoffen, das RTL Télé professionnell genuch ass, fir haut den Owend de Programm ze änneren an een vum Thierry séngen Filmer ze weisen, wéi dat am Ausland jo an esou engem Fall ëmmer gemaach gëtt
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

6

12.01.2009, 11:37

Haut den Owend 8 Auer RTL2: Le club des chômeurs.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

7

12.01.2009, 12:31

Haut den Owend 8 Auer RTL2: Le club des chômeurs.


Déi liesen tatsächlech hei mat! :)

8

13.01.2009, 08:50

Haut den Owend 8 Auer RTL2: Le club des chômeurs.
Ech wees jo net wei et bei ierch war. Mir haten 10 Minuten eng Panne mam Toun :thumbdown:
De Film selwer war :thumbsup:

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

9

13.01.2009, 09:08

Ech wees jo net wei et bei ierch war. Mir haten 10 Minuten eng Panne mam Toun :thumbdown:

Et war eng zimmlech minabel Opféierung: Fir d'éischt 15 Minutten normalen Film, dann 10 Minutten Film ouni Toun, dann ouni Erklärung oder Entschëllegung fängt de Film nees vun vir un, an de Rescht vun der Zäit ännert all 5 Minutten d'Bildgréisst, sou dass een dauernd huet missen d'Opléisung änneren.

Naja, eeben eng richteg lëtzebuerger Opféierung, ech hätt mir fir den Thierry eppes besseres gewënscht ewéi dat doten.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

10

13.01.2009, 09:29

Mir konnten hei eréischt um 8.30 Auer kucken, mir haten vun 19.00 Auer bis 20.30 keen Stroum!

11

13.01.2009, 09:33

Remmeleng
Mat schwéierem Häerzen deele mär den Doud vun eisem léiwe Mann, Jong, Brudder, Edem, Schwoer, Monni a Kolleg mat, dem
Thierry VAN WERVEKE
Grimme-Preisträger 2008
Chevalier de l’ordre du Mérite
du Grand-Duché de Luxembourg 2004
Lëtzebuerger Filmpräis 2003
Mann vum Danielle VAN WERVEKE-MENEGHETTI
Hien
ass den 11. Januar 2009 no schwéierer a mat groussem Courage erdroener
Krankheet am Alter vu 50 Joer am Centre Hospitalier Kierchbierg
gestuerwen.
D’Anäscherung fënnt am engste Familljen- a Frëndeskrees statt.
Et traueren ëm hien:
seng Fra: Danielle van Werveke-Meneghetti;
säi Brudder: Guy van Werveke;
säi Papp: Henri van Werveke an d’Verena an de Marc van Werveke;
seng Schwéierelteren: Fernand a Paula Meneghetti-Linari;
seng Schwoeren: Erny Meneghetti a René Meneghetti an hir Familljen;
seng gutt Kollegen: Andy Bausch, Ender Frings, Jupp Guddebuer a Marc Limpach;
an d’ganz Famill an all déi vill Kollegen aus Theater, Kino a Musék.
Rëmeleng, Wien (A) an Diddeleng, den 11. Januar 2009.
E
grousse Merci un d’Dokteren an un all dat léift Personal vun der
Universitätsklinik Heidelberg an dem Centre Hospitalier Kierchbierg
(Unité 2B).
Déi Leit, déi besonnesch un den Thierry wëllen denken,
kënnen dat maache mat engem Don un d’„Fondation Thierry van Werveke“,
déi deemnächst konstituéiert soll gi mat dem Zweck e.a. an
Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen jugendlechen
„Troublemakeren“ ze hëllefen, op de Konto CCPL IBAN LU75 0030 7810 7666
0000, mat dem Vermierk „Yeppo“.
Rock ’n’Roll!

12

04.04.2009, 19:28

Um 3 sat léft haut um 20.15 den Film 'Rebellion' mam T. van Verweke.