Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

03.10.2011, 16:28

Webseit einfach an schnell bekannt machen zu letzebuerg

Gudden moien,

" Vue que dass et mein eichten Post hei am forum ass stellen ech mech ganz kuerz fier:
Numm: Dani
Alter: 24
Beruff: Informatiker
hun mech hei ob deem forum ugemellt fier verschiden meenungen fun aerch zekreien iwert en klengen Projet deen ech gaeren starten zu Letzebuerg.
Mat aerer hellef an ideen erhoffen ech ma deen projet sou gudd wei meiglech kennen zerealiseiern."

An deem Thread geng ech gaeren eng diskussioun ufanken wei ech am beschten eng webseit zu letzebuerg bekannt machen kann.
waat ech bis elo gema hun :
1) SEO fier google Search engines optimiseiert
2) Facebook Fan page erstallt
3) um site selwer dei addins facebook likes, Google + , twitter agesaat
4) Iwert Facebook meng friends den Facebook Site gescheckt
5) Flyeren waerten demnachst och gedreckt gin

ech sin fier all propose/hellef dankbar dei ech fun aerch kreien kann

Zielpersounen sin :
- susst leit aus letzebuerg
- ab 20 Joer

2

04.10.2011, 12:51

Du mengs dat jo lo nët wiirlèech eescht oder? Du wëlls also gaer Suën verdéngen an anstatt bei eng Matrketing-agence ze goën sollen mer deng Aarbëcht lo gratis maan;-) eeehm nee merci
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

3

04.10.2011, 16:56

moment hun net engkeier gesoot dass ech suen well man oder ? an hat geduert dass en forum fier sou ideen do wier ?

ech hun ma lo net erward dass daer irgendwei werbung fier mech mat oder soss na epps ! hun jo dorfir mol net mei angaben zum Projet gema...


Also dei antfert hun ech lo definitiv net passend font ... well daat jo amfong net den senn fun engem forum ass oder?

an wiesou eng marketing-agence bezuerlen zemussen wan een en projet well lanceieren deen net an eegen genschden soll sin mee eichter fier
letzeboier "vollek".

Also falls mein Thread sollt sou negativ riwer kommen geng ech deen gaeren loeschen loosen.


Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

05.10.2011, 12:08

Rico,

Wanns du e bëssi méi détailléiert iwer däi Projet geschwriwwen häss, wier mat zimmlecher Sécherheet dee Malentendu mam Murf net vierkomm. Allez, et ass net ze spéit, erziel eis emol e bëssi dovun.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Ähnliche Themen