Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

08.11.2010, 09:07

3G amplaz DSL

Mäin Razer V3i päift um läschte Lach an dofier muss demnächst en neien Handy an d'Haus. An well ech deenen Smartphonespiller net méi widderstoën kann freien ech mat dësen Zwee:

Samsung Galaxy 3 i5800
an
LG P500 Optimus One

Ech hätt eng Tendenz zum LG Wann do elo hei een e gutt Géigenargument huet wier ech frou et ze héiren.

Zu menger eigentlecher Fro: den LG ënnerstëtzt Tethering iwwer Wlan, wat bedeit dass een den Handy als Modem fir den Internetzougang benotzen kann. Technesch wieren mam LG 7,2 mbit/s Downstream an 2mbit/s Upstream dran an Orange téint mat bis zu 10 mbit/s AAAWER: wéi gesäit et mam 3G Netz vun Orange aus? Ass dat just fir d'Notzung mam Handy ausgeluecht oder kann een effektiv och verstänneg mam Computer den Internet notzen? Ech hunn do meng Bedenken...

Den Virdeel wier, dass ech keng Festlinn an keen DSL-Abo méi bräicht an domat och e bëssi Geld spueren kéint. Mee fonktionnéiren soll dat Ganzt natierlech och :)

Een Erfahrungen?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

08.11.2010, 10:04

Ech hun en HTC, an hun dat mam Tethering probéiert, dat fonctionnéiert am Prinzip ganz gudd (allerdengs hun ech nemmen 500MB de Mount, dat geet net laang ;-)) mee en DSL ass gefillt awer méi stabil a méi schnell.

Ech weess och net, wat däi Provider dervun hällt, wanns de op eemol gigabyteweis Donnéen ufänks ze zéien, mee wanns de an éischter Linn e besschen surfs, Emailen an dergläiche mess, kann dat nawell gudd goen. Schon mol däi Contract gelies?

3

08.11.2010, 10:14

Zitat

Cette option, ajoutée à votre abonnement mobile, vous permet d’accéder à Internet à partir de votre laptop ou de votre GSM de façon illimitée.
Dat soën sie mol dozou. Am Fall wou wärt ech mir dat am Shop awer nach détailléiert erklären loossen well bäi den Teutonen sollen se anschéngt wierklech net sou begeeschtert sinn mat menger Iddi :D

Zu dengem Post: d'Zäiten wou ech GB en masse mateneen erofgelueden hunn sinn eriwwer. Ass jo alles bah an domat verbueden......
Hëchstens mol en Image vun engem Ubuntu an dat presséiert net sou.

Ech denken, dass ech dann effektiv den LG wärt huelen an mol mat engem klengen Abo fir 5.- de Mount zousätzlech ufänken ze testen. Kann dann jo ëmmer nach op d'Flat eriwwergoën. Probéiren awer nach e puer Erfahrungsberichter opzedreiwen.... wéinst dem Netz vun Orange ;)

(iwwrigends: den Kolleg huet elo eng Hornet vun 2007, 2900 Km fir 5.000.-..... Moto Kaiser)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

4

08.11.2010, 12:05

Hues de eigentlech eng Iddi, wéivills de sou pro Mount erofziss, iwwert den DSL? Wanns de do am Beräich ennert 3 bis 5 GB bleiws, ass dat secher alles relax mam Handy. Wann et der awer 30 bis 50 sinn, kann ech mer virstellen, dass Däi Provider net frou ass... da kann een och emol traffic shapen oder sou...

5

08.11.2010, 12:18

Am Normalfall wärt ech ënner 3 Giga bleiwen. Vläicht zeguer ënner 2. Do gesinn ech also kee Problem
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

08.11.2010, 12:46

Oh freck, da rentéiert sech dach ISDN knapps fir Dech ;-)

Just als Fro, wat bezillst de dann un 3G-Abo? Ech hun 500MB fir 10 EUR bei der Post... net wierklech belleg, mee 500 MB gi mir am Normalfall um Handy duer...

7

08.11.2010, 13:07

Fir mech kéim deen "All-inklusive"-Pak a Fro: 50.-

Wanns de just 3G wëlls, do sinn d'Präisser folgendermoossen gestaffelt:

1.-/Mount = 5 Mb Traffic
3.- ... 25 Mb
5.- ... 125 Mb
10.- ... 1Gb
25.- ... illimité

Du bezills also 50% zevill ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

08.11.2010, 14:13

Jo, 50 EUR ass wuel de Standard fir unlimited (woubäi, pass op op de Roaming...)

Jo, ech bezuelen zevill, allerdengs benotzen ech am Mettel sou em déi 300MB/Mount. Op ech der elo 200 oder 700 verfale loossen, get sech net vill ;)

9

15.11.2010, 11:03

Sou, lo mol e bessi domat gespillt:

fonktionnéiert problemlos mee d'Vitess.... d'Vitess :S

ca. 800 kbit/s iwwer 3G géint 4000 kbit/s iwwer DSL.

Waarden mol nach of wéi sech d'Vitess am 3G entweckelt.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

10

15.11.2010, 11:24

Wéi, wéi... ech hätt geduecht, dat wier der alles net méi sou wichteg... ;-)

11

15.11.2010, 17:15

hunn grad probiert mat www.speedtest.net

dsl cegecom

down :10,2 Mb/s
up :0,61 MB/s
ping : 28 ms


3G tango option globetrotter gtmax pcmia

down : 2,76 Mb/s
up : 0,35 Mb/s
ping : 155 ms

ze bemierken ass datt 100% empfang wor an weider keen betrieb op deer 3G basis deen ament wor
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

12

15.11.2010, 19:05

down : 2,76 Mb/s
up : 0,35 Mb/s
ping : 155 ms
Dat wier schon besser. Bis op den Ping, mee soit
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

13

16.11.2010, 08:57

Grad och mol eng Kéier direkt vum Handi probéiert: 1,5 zu 0,9, mat engem 90ms Ping. Ech hun zwar keen Super-Empfang, hei.

14

16.11.2010, 09:05

Hmm, ka jo sinn, dass ech grat zu engem schlechten Moment gemooss hunn..... oder den Orange 3G muss nach e bessi gepimpt ginn.

Ob alle Fall hunn ech de Weekend festgestallt dass meng 125 Mb/Mount bäi wäitem net duer ginn. Sinn schon 70 Mb driwwer :D

1 GB ass awer wuel den Minimum, deen ech brauch.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

15

28.03.2011, 15:32

Eieiei,
ech kann jo d'Fanger net vun sou Spillsaachen loossen an hunn natierlech lo missen en Update vun der Firmware vu mengem Handy missen maachen. Bon, den Buttik ass zichmol hänke bliwwen an ech war schon kuerz virdrun fir en widdert d'Mauer ze schmäissen. Mat vill Gléck ass mer lo awer nach den Update gelongen an en Buttik fonktionnéiert nees.

Mee dat steet alles op wakklegen Been ... :S

Wéi gesot, et sinn Spillsaachen...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

16

28.03.2011, 16:36

dat ass jo schlëmmer wie russescht Roulette ;)


mä bon no Risk no Fun :D
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup: