Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

FlashBack

unregistriert

1

07.04.2010, 08:57

Packeten vun Daitschland aus verschecken

Moin,

verkaafen grad puer Saachen iwert Ebay, an froen mech grad ob et net méigelech ass déi dann vun Daitschland aus versechert ze verschecken. Muss een do eng Daitsch Residenz hun, oder geet dat bei enger Paketstaion z.b. ouni Residenz?

Oder gett et iergendwéi eng gënsteg Alternative zu der Post hei am Land?

well 22€ fier 3kg sin en bessen hefteg. :thumbdown:

2

07.04.2010, 09:15

Géi op eng däitsch Post a gëff de Pak op. Wou soll do den Problem sinn?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

FlashBack

unregistriert

3

07.04.2010, 09:31

sie brauchen jo meng Adress falls den Paak verluer geet an sou. Kann een do eng letzebuergesch Adress ugin?

4

07.04.2010, 09:38

Hey, mir sinn dach eng grouss, europäesch Famill. Firwat soll dat net goën? ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

FlashBack

unregistriert

5

07.04.2010, 11:47

du optimist :D

radiorom

Anfänger

Beiträge: 39

Wohnort: Junglinster

Beruf: Techniker

  • Nachricht senden

6

07.04.2010, 12:25

Ech machen dat emmer sou. Gin meng Päck fir an Däitschland emmer doiwwer op.
Dat ass absolut keen Problem an kascht nemmen een Brochdeel vun deem wat d'Letzebuerger Post freet.

[X] <--- nail here for new monitor!

7

07.04.2010, 14:52

Den emgedréitene Wee (postlagernd zu Nenneg) geet awer net méi, oder? Respektiv just nach bei Bréifer, net méi bei Päck...

FlashBack

unregistriert

8

11.04.2010, 09:51

nuja wann een 4 Saachen an d'Ausland schecken wellt, an et net grad an eisen Nopeschtlänner verscheckt gett, kann et mol schéin daier gin am Verglach zu Daitschland.

- 4 Artikelen, je 4kg an Spuenien verschecken, kascht bei der Post: 24€ pro Versendung, also stolz 96 € !!
- 40min auto fuern an 80km fier Benzin fier déi selwegt 4 Päck vun Daitschland aus ze verschecken: 8,9 € pro paak, also 39 €

Ausserdem sin héigh Versandkäschten net grad en Verkaafsargument, wann een z.b. op Ebay eppes verklappen wellt.
An mat denen 53€, kann een déi 40min Auto gudd kompenséieren an dems een gudd iessen geet

Muss een an Daitschland eppes verschecken waat 9kg wait, kascht et bei der Post 16€, an hannert der Grenz knappss 6€.

Natielech rentéiert et net fier 5€ bis an Daitschland ze fuern, mee fier 20-30€ oder méi, op alle Fall. Einfach puer Saachen bei eneen verschecken, an schon rentéiert sech den Ausfluch.

Klammer op * Héigh Payen vun den "Livreurs" rechtfertegen net déi daier Praisser. Wann een hei sou wéi an aaneren Themaen op eis héigh letzebuergesch Payen mam Fanger weisst, soll een och schéin un déi staierlech Vierdeeler hinweisen déi dem Patronat erméigelecht sou héigh payen ze bezuelen an trotzdem internazional Kompetitiv ze bleiwen, an dat net réicht sait puer Joer. Klammer zou*

radiorom

Anfänger

Beiträge: 39

Wohnort: Junglinster

Beruf: Techniker

  • Nachricht senden

9

11.04.2010, 15:59

Ech machen dat emmer sou. Gin meng Päck fir an Däitschland emmer doiwwer op.
Dat ass absolut keen Problem an kascht nemmen een Brochdeel vun deem wat d'Letzebuerger Post freet.


Also fir an Post brauch ech 5 Minuten, bis an Daitschland hin an zereck 1 Stonn + Bensin. Also waert ech kaum eppes spuren. Dat Steck vun dir bis op Grenz as dat waat et do manner kascht. An esou lang onsen Breifdreier en nach bis elo gudd bezuelten Staatsbeamten as waerten Praisser och net esou seier faalen.
Ech kruut eng mei lang Wuer vun enger Daitscher Firma geliwwert. Transportfirma kennt aus dem freiren Ostblock. Am Gespreich mam Chauffeur sin ech gewuer gin dass den Typ eng knaps 500 € verdingt.


Nic, wat soll déi blöd "Anmache"!?
Ech soot jo net dat een soll 1 Stonn bis an Däitschland fueren fir een Paak opzegin. Ofgesinn dovun hun ech just op dem Flashback seng Fro geäntwert op een dat kann machen.
An iwwrijehens, obwuel et dech guer näischt ugeet, ech senn oft zu Iechternach an gin meng Päck dann eben do op der aner Säit op. Dat ass dann keen Emwee.

Mais trotzdeem, iwwerlee der mol wats de schreiws iirts de aner Leit hei eng Reproche mechs wou se hir Päck opgin.
Bass wuel bei dem Veräin wou d'post ausdréit... dofir kann ech och net.

Ofgesin dovun hun ech och schons Päck wou em déi 6 Kilo schwéier senn vun hei an vun Däitschland aus verschéckt. Ass ongeféier den Präis 10 Euro an D zu 25Euro hei am Land.

Dajee dann:
-Serge-

[X] <--- nail here for new monitor!

10

11.04.2010, 22:30

Geschäftsidee ??

Ech froe mech firwaat nach keen op d'Idee koum, eng Associoatioun mat engem oder enger Familien ze maachen,
déi ganz no an Däitschland op der lëtzebuerger Grenz (Perl, Waasserliesch etc) wunnen an déi als klenge Business maachen andem se den Postempfang vu Päck aus Däitschland fir e Lëtzebuerger unhuelen (z.B. iwer Ebay), wou een déi Päck da kéint aus L oofhuele goen an dem Empfänger pro Paak z.B. 1 Euro oder och eppes méi bezuelt. Wann een do an der Luxpost a.s.w. gratis Reklamm géif maachen, da sin ech iwerzeecht,dass een do etlech Sue kéint verdengen. Wär interessant fir aarm däitsch Hartz-IV Empfänger wou ëmmer mindestens een am Haus ass.
De lëtzebuerger Handelspartner kéint och gesammelt Päck fir L an D siche goen a bis op eng Zentralplaatz z.B. an der Staat de Leit zougängeg maachen.
De Ënnerscheed zwëschen dem Posttarif vun L an D ass esou enorm, dass een do garantéiert genug Klient'en hätt zumool den Onlineverkaaf ëmmer méi zouhëlt an d'Firmen sech oft schwéier din fir an d'Ausland ze liweren.
Avis aux amateurs !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

radiorom

Anfänger

Beiträge: 39

Wohnort: Junglinster

Beruf: Techniker

  • Nachricht senden

11

12.04.2010, 07:51

Get et schons längst.
Op der Iechternacherbréck z.B. ass een wous de all Paak kanns liwweren loossen an dann do ewech huelen.

[X] <--- nail here for new monitor!

FlashBack

unregistriert

12

13.04.2010, 09:25

Zitat 4 Artikelen, je 4kg an Spuenien verschecken, kascht bei der Post: 24€ pro Versendung, also stolz 96 € !!
- 40min auto fuern an 80km fier Benzin fier déi selwegt 4 Päck vun Daitschland aus ze verschecken: 8,9 € pro paak, also 39 €


4 Päck vun Daitschland aus ze verschecken: 17.00 € pro paak Tarif 2010DHL = 68.00 € bis 5 kilo Haftung maximum 67€ pro Paak bei Post 530€


---------
En Ennerscheed bleiwt Trotzdem dass je wou de Pack hi soll en rechnen muss


Tjo, wann den Empfänger vum Paack eng Versecherung wellt, dierw en se kreien an bezuelen; dei Meigelegkeet huet en. Wann en keng wellt, brauch en keng ze bezuelen. Daat nennt een en "Service"
Well en onbedengt eng Versecherung, renteiert sech den Wee bis hannert d'Grenz net sou gudd, an kann een sech ganz gär den Ausfluch spueren.

mee, haal mol w.e.g. d'Lait fier domm ze haalen, just fier recht ze behaalen. naja well du jo sou gären rechercheiers an norechens, hun ech eppes klenges ze Rechnen fier dech:
muss 1x 1KG an Daitschland, 1x 3KG an Daitschland an 1x 2kg an Eisstraich verschecken.
Waat ass den Preissënnerscheed tëscht Post.lu an DHL.de? An renteiert et sech bis bei d'Grenz (20 km) ze fueren weint dem Praissennerscheed wann den Keefer/Empfänger keng Assurance wellt ?

** hun genuch Zait, an hätt och nach aaner Saachen op der Mousel ze din, wei z.b. Akaafen, Frënn besichen, Iessen an/oder Drenken usw usw

Ähnliche Themen