Sie sind nicht angemeldet.

1

30.01.2012, 15:36

ACTA

Stop ACTA

Info ob YouTube

oder Hei

Zitat

Was ist ACTA? Die Abkürzung «ACTA» steht für das geplante plurilaterale Handelsabkommen «Anti-Counterfeiting Trade Agreement». Die teilnehmenden Nationen bzw. Staatenbünde geben an, damit den Kampf gegen Produktpiraterie verbessern zu wollen. Das angeblich wachsende Problem der Fälschungen und der Piraterie soll mit dem Abkommen besser bekämpft werden können. Die geheimen Verhandlungen laufen seit 2008 und sollen noch in diesem Jahr abgeschlossen werden. Die teilnehmenden Parteien sind die Schweiz, die USA, die EU, Kanada, Japan, Korea, Singapur, Australien, Neuseeland, Mexiko, Jordanien, Marokko und die Vereinigten Arabischen Emirate

2

30.01.2012, 19:22

wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

3

01.03.2012, 16:38

Den neien Minister huet zu Acta gesot :

Zitat RTL

Schneider iwwer ACTA: Schwaarz Downloade bleift erlaabt


E. Schneider: Zu Lëtzebuerg kann ee weider schwaarz am Internet eroflueden, ouni bestrooft ze ginn, esou laang een dat net aus geschäftleche Grënn mécht.

Donieft huet den Etienne Schneider nach emol erkläert, dass sech un der Lëtzebuerger Gesetzgebung net wierklech eppes ännere wäert, wann den ëmstriddenen ACTA Accord bis a Kraaft trëtt.

Zu Lëtzebuerg kann ee weider schwaarz am Internet eroflueden, ouni dofir bestrooft ze ginn – sou laang een dat net aus geschäftleche Grënn mécht, fir z. B. domat Profit ze maachen.

Den Eugène Berger vun der DP ass do awer méi skeptesch, well déi aktuell Texter net ganz kloer sinn. Dofir fäert hien och, dass sech an Zukunft eventuell awer eppes zu Lëtzebuerg kéint änneren.

Wa mir géifen an Tunesien z. B. eppes akloen, well do eng Raubkopie vun engem Lëtzebuerger Produit gemaach gouf, sou kéint et jo och eventuell ëmgedréint de Fall sinn, sou den Eugène Berger.


Den europäesche Geriichtshaff iwwerpréift den Accord jo souwisou nach fir ze kucken op ACTA net op iergendeng Aart a Weis géint d’Grondrechter an d’Grondfräiheete vun der EU verstéisst. Dat hat jo souwuel d’EU-Kommissioun wéi och d’EU-Parlament gefuerdert.
http://news.rtl.lu/news/national/204803.html

Wie kann eng Regierung eppes ënnerschreiwen wat nach vum EU Geriicht muss analyséiert ginn ?

btw Aner Länner hunn et nach net ënnerschriwwen a waarden mol nach of.......


.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

4

02.03.2012, 08:33

Ech si jo nawell duercheneen, dass downloaden lo soll erlaabt sinn, an dat mam Segen vum Minister.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

5

02.03.2012, 11:03

Ech si jo nawell duercheneen, dass downloaden lo soll erlaabt sinn, an dat mam Segen vum Minister.

johnny,

Et gëtt een Ënnerscheed tëschend Saachen, déi erlabt sinn, a Saachen, déi toleréiert ginn. Privat Kopéieren gouf bis elo nach ëmmer toleréiert an dat scho laang ee et iwwerhaapt den Internet gouf. An de 60er a 70er Joren hunn déi Jugendlech dach alleguerten hier Schallplacken ënnereneen ausgetosch, fir se mam Kassetterekorder opzehuelen. Dat ass dach am Prinzip näischt aneschter wéi en Download via Internet, nëmmen dass d'Technik sech geännert huet.

Awer dem Minister Schneider séng Aussoën kann ech net sérieux huelen. Do kréien d'Leit nees Sand an d'Aë gestreet, fir dass se sollen de Mond halen. Wéi kann et sinn, dass, obwuel den EU-Geriichtshaff seet, déi Texter wiere ganz onkloer a missten nach analyséiert ginn, eise Minister awer schon ganz genee Interpretatiounen dovunner huet? Je nodeem, wéi den EU-Geriichtshaff déi Texter befënnt, kann et ganz gudd sinn, dass US-Firmen Leit hei zu Lëtzebuerg wéinst Downloaden kënne verkloën, ouni dass do engem Minister séng Meenung gefrot gëtt.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

6

02.03.2012, 17:08

Astrid ad Acta part II

Den Etienne verwiesselt sécher den Download mat dem Elektresch an der Steckdous....wat méi wat besser ...


Ons Pärel vun der CSV ( di mam Whisky an de Poschen) huet fir de Weekend dann en neien Youtube realiséiert.



Ab 11:00 fir di ganz couragéiert


Et ass jo schued dass hier Wielerschaft keen Internet huet an den Heemer.
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

Ähnliche Themen