Sie sind nicht angemeldet.

1

21.12.2012, 20:55

openVPN enner Ubuntu

Hunn e klengen Problem. Hunn bäi https://mullvad.net/en/ mol testweis en VPN-Tunnel gelount. Klappt enner Windows problemlos, soudass ech Problemer bäi hinnen ausschléissen.

Mäin Problem enner Ubuntu: ech kann d'Verbindung hierstellen, surfen an eroflueden. Wann ech d'VPN-Verbindung awer nees zoumaachen hunn ech keen Zougreff op den Internet méi. Muss dann nei starten. E weideren Problem: geleegentlech brecht d'Verbindung no ca 30 Sekonnen of a kann net méi hiergestallt ginn. Och dann ass den Zougreff zum WWW fleeten. Hänkt vläicht zesummen

Een eng Iddi wou ech mat der Sich ufänke kéint? Hunn bäi Google schon munches fonnt mee näicht huet mer wierklech gehollef. Den Provider kann vu senger Säit och keen Problem feststellen.

Hei meng aktuell iptables:

Quellcode

1
2
3
Chain INPUT (policy ACCEPT)target     prot opt source               destination         
Chain FORWARD (policy ACCEPT)target     prot opt source               destination         
Chain OUTPUT (policy ACCEPT)target     prot opt source               destination


Do misst alles op sinn.

Ech hunn den Verdacht, dass bäim Zoumaachen vun der Verbindung eppes net richteg zreckgesat gett. Meng Kenntnisser ginn awer fir eng weider Diagnose net duer. Ass do ee méi bewandert?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

27.12.2012, 08:26

Huet sech erleedegt.

De Problem war, dass automatesch 2 identesch VPN's opgemaach goufen bäim Start (wuel duerch mäin Gepiddels).

D'Verbindungsofbrech kommen duerch en Bug am Network Manager. Mat der hauseegener Software vum Provider klappt elo alles wonnerbar.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

07.01.2013, 11:28

Mmmh. Wat mecht Der Gedanken, dass de den Tunnel wellst hun? Vum Buro aus surfen?

4

07.01.2013, 16:31

torrent
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Ähnliche Themen