Sie sind nicht angemeldet.

21

24.04.2009, 18:37

Wien et interesséiert:

den 9.04 huet jo deen indication applet, deen Systemnorichten zentraliséiert an uweist. Ausserdem schafft en ganz gutt mam Pidgin zesummen. An endlech gett et lo och d'Méiglechkeet - duerch deen applet - sech iwwer Gmailen informéiren ze loossen , ouni den Browser mussen opzehunn.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

22

30.04.2010, 10:50

Johnny, mäi Kolleg,

wéi eng Vitess ereegs du bäim Upload op deng Linode? Ech zuckelen do sou mat 5-10kb/s, do gëtt engem d'Zäit e bësschen laang ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

23

30.04.2010, 13:10

Upload, keng Ahnung - mee do bass de warscheinlech éischter un Denger outbound-Connection limitéiert wéi un der Linode.

Ech hun lo grad eppes vun doheem op Deng Linode gedreckt a sinn fir 23MB op eng Vitesse vu ronn 65kb/s komm. Dat schengt mer d'office net ganz falsch ze sinn, mee ech weess elo och net auswänneg, wat den upstream vun mengem DSL doheem ass.

Gehei deen Muppets-Show-File aus dengem /root eraus... ;)

24

30.04.2010, 13:12

Gehei deen Muppets-Show-File aus dengem /root eraus... ;)

Er spricht in Rätseln ?(

EDIT: ok, war grat kucken. Soutz op der Leitung :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

25

30.04.2010, 13:43


EDIT: ok, war grat kucken. Soutz op der Leitung :D


Da musse dech net wonneren, wann Deng Uploads lues ginn. :D

26

30.04.2010, 13:50

Bon, ännert näicht um Problem. Mäin DSL-Upload sollt eigentlech 512kbit/s sinn. Iergendwou ass do eng Bremse :huh:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

28

03.05.2010, 19:03

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

29

08.05.2010, 10:48

Fir Aneren (Johnny?) et méi einfach ze maachen:

-hunn haut mäin Webserver op den Ubuntu 10.04 upgedated. Ech maachen et kuerz, duerno ass näicht méi gaangen :D
Liest iech VIRDRUN dat hei duerch, et mecht d'Liewen méi einfach.

-nodeems den Server mol nees gestart huet hunn ech festgestallt, dass PHP op 5.3 aktualiséiert gouf. Meng Siten, alleguer Joomla, hunn mat PHP 5.3 awer nach Problemer. Also nees en Downgrade vun PHP gemaach, lo geet dat och nees.

Mee et war mer awer een Moment waarm ginn ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

30

10.12.2011, 21:27

Hunn lo hei grat en Laptop krut op deem zanter 768 Deeg keen Ubuntu-update méi gelaf ass. Falls et een interesséiert: den Versiounsupdate geet dann net méi sou einfach. Déi installéiert Versioun 9.04 huet hiert End Of Life erreecht an gett net méi ennerstetzt. Mise à jour geet just nach wann een den Image vun der nÄchster Versioun eroflued an den Update manuell mecht.

Also: Updaten maachen wann se disponibel sinn. Mecht d'Liewen méi einfach.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

31

11.12.2011, 10:31

Op sou Maschinnen ass et eigentlech am Beschten, en Ubuntu LTS dropzemaachen. Deen get e Steckchen méi laang supportet - mee security updates sollt een awer trotzdeem maachen :-)

32

11.12.2011, 10:44

Wéi gesot: stoung zanter Joren an engem Schaf a war scho bal vergiess ginn :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

33

02.11.2012, 21:08

Falls et een interesséiert:

hat den Update op d'Versioun 12.10 gemaach, mam Resultat dass meng graphesch Oberfläch Unity quasi net méi ze gebrauche war. Schold ass ATI, déi an hierem proprietären Driver meng Grafikkaart fir des Versioun net méi ennerstetzen. Fannen ech perséinlech kee feine Geste vun ATI a mäin nächsten Laptop muss doropshinn och net onbedengt eng ATI-Kaart hunn....

Lo hätt ee kenne mengen dass d'Deinstallatioun vum proprietären Driver an d'Benotzen vum fräien Driver den Problem behieft mee leider ass den Deinstall net ouni Problem ofgelaf (wéi bäi villen Aneren och). En ass zwar als Deinstalléiert ugewise ginn, den fräien Driver war awer net notzbar. Iwwer déi genee Uersaach vum Problem streiden se nach an den Foren :D

Wien sech net wéi ech eng Woch laang ploen well fir dann awer keng Léisung ze fannen deem roden ech direkt eng nei Installatioun. Vu dass mäin Homerépertoire op enger getrennter Partitioun läit war dat eng zimlech sécher an einfach Saach. War bannen 5 Minutten gemaach (vun USB-Stick), ouni Datenverloscht. Zeguer meng Bittorrent-Downloadlescht war nach komplett do. En Backup hat ech natierlech trotzdem gemaach, ass nie e Feeler. Mee och wann den Home op der selwechter Partitioun läit sollt et zimlech problemlos machbar sinn. Den Ubuntu Installer erkennt dat an bidd eng Installatioun un, déi deen alen Home mat iwwerhellt.

Enner dem Strech: schlecht Leeschtung vun ATI, duerch den Opbau vun Linux ass awer zeguer sou eppes einfach ze behiewen.

Helleft vläicht engem Aneren vill Zäit ze spueren.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme