Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

01.05.2008, 00:36

Linux, Ubuntu, an esou weider...

Den Aender huet deelweis Recht. Ech misst dei Froen no den SPs och fir Linux stellen. Well et do awer keng SPs gett, froen ech dann no de Versioun upgrades, waat jo och "major changes" sinn.
Den Aender huet awer nemmen deelweis Recht, en ziviliseierten OS, wann e richteg a secher konfigureiert ass, brauch vielleicht och net esou oft en upgrade? Et get jo am Linux schliesslech keen IE a kee WMP.

Huelt dir iech emmer geschwenn dei allerneisten Version vun aerer Linux-Distributioun soubaal se do ass?

Oder nom Motto "never change a running system" nemmen wann et keng Updates fir dei aal Versioun gett, oder bei neier Hardware?

Oder dei drett Meiglechkeet: Parellel-Installatioun vun engem neien Linux ouni deen aalen ewech ze maachen?
(Meiglechkeet dei et bei Windows net gett, oder allenfalls mat vill Gebastels)

Ech: dei drett Meiglechkeet (parallel)
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

2

01.05.2008, 00:39

RE: Linux upgrades an updates regelmaesseg, emmer aktuell oder waarden?

Den Aender huet deelweis Recht.

Ey, Bouf, den Admin (ech!) huet EMMER Recht :D

Zitat

Huelt dir iech emmer geschwenn dei allerneisten Version vun aerer Linux-Distributioun soubaal se do ass?

Jop :)
Bis elo 3 version updates --> null problemo
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

20.06.2008, 18:30

E klengen Tipp nierwenbäi (posten en hei well ech et lo mol bäi mengem ubuntu probéiert hunn)

Ech hunn IPv6 bäi mir ausgeschalt an sinn elo vill méi séier um Spaweck ennerwee...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

4

28.08.2008, 13:19

Zitat

Soll een iwwer souvill Inkompetenz laachen oder kräischen?

[Ausserdem hunn ech den Titel vum Thread e bessi geännert fir dass en méi universell ass]
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

5

01.09.2008, 21:58

Skripting

Ech hunn grat e klengen Skript zesummengeschrauwt deen mäin Webspace als Lafwierk mount an dann mat rsync en Backup zidd. Klappt souwäit wonnerbar mee ech well et nach méi wäit dreiwen:

1. ech well dee Skript als Cronjob ausféiren loossen (ech sinn vun Natur aus liddereg) mee am Cron muss ech absolut Pfaden uginn an ech wees net wéi een Pfad curlftpfs an rsync hunn. Am Filesystem vun Ubuntu sinn ech ouni Navigatiounsgerät nach e besschen verluer :D . Kann do een hellefen? Oder besser nach: wéi fannen ech d'Pfaden selwer raus? Ech sinn Fan vun Learning by doing.

2. déi Befehler brauchen Root-Rechter fir executéiert ze ginn. Wéi realiséiren ech dat am Cronjob?

3. dann nach eppes wat net direkt mat Ubuntu ze doen huet: mat mysqldumper kann ech mat hellef vun Skripten automatesch Backups vun der SQL-Db zéihen. Kann ech bäi root.lu sou Cronjobs lafen loossen? Wann jo, wou muss ech den Skript hispäicheren? Do wärt ech wuel root.lu kontaktéiren mussen...

Dat war et lo mol. Hei eng Kopie vum Skript. Fir Verbesserungsvirschléi sinn ech emmer ze begeeschteren ;)

Zitat

# backupskript
#
# - this script will back up aste.lu to /home/andre/Typo3/astebu/ using rsync. only new or modified files on aste.lu will be backed up. root access needed.
#
#
#

echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"
echo "Mounting aste.lu..."
echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"

sudo curlftpfs -r ftp://*****:*****@ftp.aste.lu/ /home/andre/Typo3/aste.lu/

echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"
echo "Synchronizing..."
echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"

sudo rsync -a --progress --delete /home/andre/Typo3/aste.lu/*****/html/ /home/andre/Typo3/astebu/ > /home/andre/backuplog.txt

echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"
echo "Done!"
echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"

cd /home/andre/Typo3/
sudo umount aste.lu

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

02.09.2008, 07:45

RE: Skripting

which <befehl> weist der op der Shell den Path vun <befehl>

warscheinlech /usr/bin oder /usr/sbin, mee ech benotzen och emmer which

Zitat

2. déi Befehler brauchen Root-Rechter fir executéiert ze ginn. Wéi realiséiren ech dat am Cronjob?

Andeems de se an /etc/crontab andréis, do ginn se automatesch als root ausgefouert.

Zitat

3. dann nach eppes wat net direkt mat Ubuntu ze doen huet: mat mysqldumper kann ech mat hellef vun Skripten automatesch Backups vun der SQL-Db zéihen. Kann ech bäi root.lu sou Cronjobs lafen loossen? Wann jo, wou muss ech den Skript hispäicheren? Do wärt ech wuel root.lu kontaktéiren mussen...

Warscheinlech erlaben se der kee cron, se erlaben der jo och keng shell.

Zitat

Dat war et lo mol. Hei eng Kopie vum Skript. Fir Verbesserungsvirschléi sinn ech emmer ze begeeschteren ;)

Zitat

# backupskript

Et as gudde Stil, de Skript mat enger Shebang-Zeil unzefänken - z.B. mat #!/bin/bash fir dass den System weess wat fir eng Shell en soll benotzen fir en auszeféiren.

Zitat

Zitat

#
# - this script will back up aste.lu to /home/andre/Typo3/astebu/ using rsync. only new or modified files on aste.lu will be backed up. root access needed.
#
#
#

echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"
echo "Mounting aste.lu..."
echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"

sudo curlftpfs -r ftp://*****:*****@ftp.aste.lu/ /home/andre/Typo3/aste.lu/

D'Sudo'en loosse mer natierlech ewech, gell?

Zitat

Zitat

echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"
echo "Synchronizing..."
echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"

sudo rsync -a --progress --delete /home/andre/Typo3/aste.lu/*****/html/ /home/andre/Typo3/astebu/ > /home/andre/backuplog.txt

Den Output vum Script kriss de als mail gescheckt - iwwerlee der, ops de den progress indicator an dergläichen brauch.

Boaff, probéier et, Du verstees séier wat ech mengen ;)

Zitat

Zitat

echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"
echo "Done!"
echo ""
echo "~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*~*"

cd /home/andre/Typo3/
sudo umount aste.lu

Chic :)

Klenge Probleem, weiderféirend:

Däin rsync hellt e mirro vun Dengem Folder. Du bass der bewosst, dass domadder en richtege Backup, deen der Zougreff op d'Ännerungen get, nach net erreecht as? Mess Du lokal sou en Backup, liefs de dermatt, oder as et der nach net opgefall?

Vill Spaass :)

7

02.09.2008, 08:14

RE: RE: Skripting

which <befehl> weist der op der Shell den Path vun <befehl>

warscheinlech /usr/bin oder /usr/sbin, mee ech benotzen och emmer which
Genee dat do hunn ech gesicht. Merci! :)

Zitat

Andeems de se an /etc/crontab andréis, do ginn se automatesch als root ausgefouert.
Dat ass déi systemwide crontab, gell? Hunn geschter nach geliest, dass, wann een als root eng Crontab uleet, déi dann och mat root-Rechter ausgefouert gett. Ass dat esou? Dat wier dann vläicht méi ubruecht/sécher wéi un déi intern Crontab schrauwen ze goen. Oder?

Zitat

Warscheinlech erlaben se der kee cron, se erlaben der jo och keng shell.
Wärt wuel sou sinn, checken dat nach

Zitat

Et as gudde Stil, de Skript mat enger Shebang-Zeil unzefänken - z.B. mat #!/bin/bash fir dass den System weess wat fir eng Shell en soll benotzen fir en auszeféiren.
Ups, hunn déi éischt Zeil net am Copy-Paste matgeholl. D'Shell gett definéiert mee ech gesinn dass Du oppass ;)

Zitat

D'Sudo'en loosse mer natierlech ewech, gell?
Wann de Skript bis Root-Rechter huet, natierlech :)

Zitat

Den Output vum Script kriss de als mail gescheckt - iwwerlee der, ops de den progress indicator an dergläichen brauch.

Boaff, probéier et, Du verstees séier wat ech mengen ;)
Hmm, jo, déi Mail-Geschicht..... dat klappt nach net. Postfix ass lo mol installéiert mee ouni Messagerie kréien ech och keng Mailen. Benotzen jo nemmen Gmail. Dofir och den Output an eng Textfile. Dat kéint ech wierklech mol änneren.

Zitat

Chic :)

Klenge Probleem, weiderféirend:

Däin rsync hellt e mirro vun Dengem Folder. Du bass der bewosst, dass domadder en richtege Backup, deen der Zougreff op d'Ännerungen get, nach net erreecht as? Mess Du lokal sou en Backup, liefs de dermatt, oder as et der nach net opgefall?

Vill Spaass :)
Äh, do verstinn ech lo net wats de mengs ?(
Kanns Du do méi genau ginn?
Ech mounten den Webspace als Lafwierk an synchroniséiren dat Lafwierk (also den Webspace) mam Dossier ..../astebu/
Alles wat um Webspace steet, steet och am ..../astebu/ . Ech erkennen den Problem net ?(
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

02.09.2008, 08:57

RE: RE: RE: Skripting

Andeems de se an /etc/crontab andréis, do ginn se automatesch als root ausgefouert.
Dat ass déi systemwide crontab, gell? Hunn geschter nach geliest, dass, wann een als root eng Crontab uleet, déi dann och mat root-Rechter ausgefouert gett. Ass dat esou? Dat wier dann vläicht méi ubruecht/sécher wéi un déi intern Crontab schrauwen ze goen. Oder?

Affaire à débattre. Mech huet nach keen novollzéibar iwwerzeegt, dass d'system-crontab méi oder manner secher wier wéi déi vum root. A vue dass ech eigentlech nemmen root-jobs crontabben, a liddreg sin... Du verstees ;)

Zitat

Zitat

Den Output vum Script kriss de als mail gescheckt - iwwerlee der, ops de den progress indicator an dergläichen brauch.

Boaff, probéier et, Du verstees séier wat ech mengen ;)
Hmm, jo, déi Mail-Geschicht..... dat klappt nach net. Postfix ass lo mol installéiert mee ouni Messagerie kréien ech och keng Mailen. Benotzen jo nemmen Gmail. Dofir och den Output an eng Textfile. Dat kéint ech wierklech mol änneren.

Klengen Tipp, et ginn mini-Maileren wéi z.B. ssmtp oder esmtp, déi als eenzegen Job mail forwarden (an déi klassesch interfaces iwwert 'mail' oder 'sendmail' offréiren). Wanns de dann deng änder@gmail als root Adress définéiers, brauchs de Der keng Gedanken iwwert postfix ze maachen, den System dreckt einfach d'mail iwwert däi Provider zum gmail hin.

Zitat

Zitat

Chic :)

Klenge Probleem, weiderféirend:

Däin rsync hellt e mirro vun Dengem Folder. Du bass der bewosst, dass domadder en richtege Backup, deen der Zougreff op d'Ännerungen get, nach net erreecht as? Mess Du lokal sou en Backup, liefs de dermatt, oder as et der nach net opgefall?

Vill Spaass :)
Äh, do verstinn ech lo net wats de mengs ?(
Kanns Du do méi genau ginn?
Ech mounten den Webspace als Lafwierk an synchroniséiren dat Lafwierk (also den Webspace) mam Dossier ..../astebu/
Alles wat um Webspace steet, steet och am ..../astebu/ . Ech erkennen den Problem net ?(

Genau dat as de Probleem - ugeholl, Däin Skript leeft nuets um 3 Auer. Wanns de haut eng Ännerung op aste.lu mechs, hues De déi muer de moien um Backup. Wanns de also muer mierkst dass Deng Ännerung schlecht woer, kanns de se net méi vum Backup reckgängeg maachen.

Wanns de se selwer gemaach hues - tant pis, Du bass grouss an al genuch. Par contre, wann's de Der eppes agefaang hues, wou en Attacker eppes manipuléiert huet, an dat zum Beispill geschter owend um 11, da gesäis de de moien wat geschitt as, an Däi Backup as glad guer näischt wäert, well en grad sou beschiedegt as wéi d'Säit u sech.

root.lu hat et jo virun e puer Wochen fierdeg bruet, den Folder ze beschiedegen, mee d'Säit life ze loossen, dat heescht de Backup fätt funktionéiert an Du häss als 'backup' en grad sou eidelen Directory gehat wéi deen um Server.

9

02.09.2008, 09:09

I see the light now. Djö, dorun hat ech wierklech net geduecht :)

Spontan falen mir lo 2 Méiglechkeeten an: ech maachen den Backup manuell, also net als Cronjob (an vergiessen et dann déi hallef Zäit) oder ech bauen eng Rotatioun an, zum Beispill 7 Backups, duerno iwwerschreift en nees den éischten. Dat iwwersteigt am Moment awer mäin Wëssen. Muss mol um Spaweck kucken ob ech do virgestrëckten Routinen fannen. Oder huet de Johnny sou eppes doruechter trëllen? :whistling:

Op alle Fall Merci fir den Hiweis!
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

10

02.09.2008, 09:24

I see the light now. Djö, dorun hat ech wierklech net geduecht :)

Wann een sech eng Kéier dermatt ugeschmiert huet, fänkt een un sou Saachen ze gesinn ;)

Zitat

Spontan falen mir lo 2 Méiglechkeeten an: ech maachen den Backup manuell, also net als Cronjob (an vergiessen et dann déi hallef Zäit) oder ech bauen eng Rotatioun an, zum Beispill 7 Backups, duerno iwwerschreift en nees den éischten. Dat iwwersteigt am Moment awer mäin Wëssen. Muss mol um Spaweck kucken ob ech do virgestrëckten Routinen fannen. Oder huet de Johnny sou eppes doruechter trëllen? :whistling:

Op alle Fall Merci fir den Hiweis!

De johnny mecht den mirror fir lux-forum.lu op eng ganz ähnlech Aart a Weis, mee huet lokal um Server eng zweet backup Plack, op däer en 'richtege' Backup gefuer get. Dofir benotzen ech dirvish, do kann een eng grouss Rotatioun pflegen, an doduerch dass den System hard links benotzt, ouni dass d'Backup-Plack direkt voll leeft.

Et ginn aner flott Backup Léisungen wéi amanda, oder bacula, mee wann een den Backup op en Hard Drive mecht, as dirvish eng fei Geschicht.

11

02.09.2008, 10:00

Ech hunn lo mol e séiren Bléck op dirvish geschmass. Kann ech dat och a mengem Fall asetzen? De Backup geet jo net op en aneren Server mee op meng lokal Plak. Well dat schéngt jo genee dat ze sinn wat ech sichen. Obwuel mir déi Iddi fir eng Rotatioun a mäin Script anzebauen nach emmer als déi "schlanksten" Methode virkennt...(an ech kann soen: "Selbst gebacken" :) )

Hunn do eppes fonnt:

Zitat

Du könntest natürlich eine rotation des backup location einbauen, wenn du darauf wert legst. date +%u gibt dir z.B. den Tag der Woche. Jetzt kannst du folgendes machen:
rsync -a backup sync_backup/$( date +$u)/
Die Ordner sync_backup/1/ bis sync_backup/7/ (bzw. 0-6) müssen existieren.
Wat hälls Du dovunner?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

12

02.09.2008, 16:33

Net dass dirvish lo grouss komplex wir, am groussen ganzen as et eng Kollektioun vu Scripten wéi Däin, just besser getest. Rsync iwwert eng FTP-Connectioun as net emmer ganz evident, well net alleguer d'attributen (atime, mtime etc) emmer richteg sinn. Fir den lux-forum backup maachen ech einfach all Dag en Dump, si jo nemmen e puer MB.

Mee Du kanns natierlech mat vill Opwand eppes selwer bauen, wat méi schlecht as wéi dirvish. Mir anerer sinn do eben liddreg/pragmatesch.

Zitat

Hunn do eppes fonnt:

Zitat

Du könntest natürlich eine rotation des backup location einbauen, wenn du darauf wert legst. date +%u gibt dir z.B. den Tag der Woche. Jetzt kannst du folgendes machen:
rsync -a backup sync_backup/$( date +$u)/
Die Ordner sync_backup/1/ bis sync_backup/7/ (bzw. 0-6) müssen existieren.
Wat hälls Du dovunner?

Priori - jo, misst klappen. Du kanns och iwwer find al Folderen automatesch purgen, neier mat enger Datums-Komponente krééiren, eng Rotatioun bauen etc. Du kanns do souvill Komplexitéit abauen wéi's de wells.

13

02.09.2008, 17:42

Mee Du kanns natierlech mat vill Opwand eppes selwer bauen, wat méi schlecht as wéi dirvish. Mir anerer sinn do eben liddreg/pragmatesch.

An éischter Linn geet et jo mol em d'Léiren :)
Ech huelen dach un, dass Du och mat esou Gekniwwels ugefangen hues. Wéi gesot: Learning by doing.

Zitat

Du kanns do souvill Komplexitéit abauen wéi's de wells.

Ech sinn jo nach net färdeg :D
Hunn do schon e puer Routinen gesinn, déi dat maachen sollen wats Du lo ugesprach hues: Folderen checken an am Fall wou, kreéiren, Filenimm- an datumen checken an demno wéi den File rotéiren, läschen asw.
Soubal ech duerch déi Syntax kucken geet et weider 8o
Lo well ech mol d'Basis un d'Lafen kréien
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

14

02.09.2008, 23:50

An éischter Linn geet et jo mol em d'Léiren :)
Ech huelen dach un, dass Du och mat esou Gekniwwels ugefangen hues. Wéi gesot: Learning by doing.

Du hues e Punkt do - léieren mess de iwwert probéiren. Net méi laang, bis den groussen Declick kennt... dee mat piping, Resultat vun engem Befehl an deen nächsten schecken an de Kreppeng just uneneen hänken. Free Dech, et mecht Spaass...

15

03.09.2008, 07:10

Kommt Zeit, kommt Rat :)

Bene, de Skript leeft lo mat den Modifikatiounen, d'Rotatioun klappt och (et geschéihen nach Wonner). E steet lo am Folder /etc/cron.daily a sinn gespaant wéi e Lastik ob dat och klappt...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

16

09.09.2008, 09:22

... ech hun XP an haat selten Problemer domat, a wann ee keng Problemer
huet dann ass een total onglécklech an da soll een sech onbedengt Problemer schaafen.
Lies emool daat hei an da versteehs de waat ech mengen !
Meng devise oofgeleet vun " never change a winning team " ,
laut : never change an working operating system.
(ech gleewen dorun obschon daat elo op amerikanesch ausdreckt ass !)
Den Zitat ass aus engem aneren Thread mee ech wëll hei awer kurz drop agoen:

Natierlech soll jiddereen deen OS benotzen mat deem en am glécklechsten ass mee hei ass meng Motivatioun firwat ech den Ubuntu probéiert hunn an meng Décisioun net bereien:
-en ass gratis
-ech brauch keen Antivirus (an Firewall)
-och 99% vun der Zousatzsoftware sinn gratis
-bal all Software, déi ënner Windows leeft gëtt et mëttlerweil och fir Ubuntu (am Noutfall kann een e kompletten Windowssystem virtuell ënner Linux lafen loossen)
-mäin Ubuntu ass nach nie einfach esou hänke bliwwen - wann, dann wosst ech emmer firwat ;) . An am Fall vun Problemer fënnt een um Netz eng rieseg Gemeinschaft, déi engem hëlleft. Gëtt Windows dir eng Fehlermeldung mess de meeschtens en dommt Gesiicht an hoffs, dass et no engem Neistart nees geet. Mault den Ubuntu, sees de dir: "Ok, dee Fehler fannen ech an korrigéiren en". An dat gelengt och!
-am Normalfall ass en Ubuntu geneesou einfach z'installéiren an ze benotzen wéi en Windows, gutt, do ginn et och Ausnahmen.
-wann een elo e bësschen méi wäit wëll an den System antauchen ass dat ënner Linux problemlos méiglech.
-déi Updates, déi fir den Ubuntu kommen gi méi wäit wéi bäi Windows. Ech hu mëttlerweil 2 VERSIOUNSupdates matgemaach, ouni Problem. Sou wéi wann een vun engem 98er op den XP updated, just ouni Investitioun, ouni frësch Installatioun, ouni 20 mol ze rebooten an ouni Stress.

Dat sinn Erfahrungen, déi ech selwer gemaach hunn an net enzwuerch geliest hunn. Wien sech minimal fir déi Saach interesséiert an e bessi domat spillt, stellt séier fest wou d'Ennerscheeder zu Windows leien an wees och bäi wéiengem OS en bleift ;)

Ech hunn aktuell 2 Leit, déi gewalteg Problemer mat hierem XP hunn ouni ze wëssen wat se falsch gemaach hunn. An ech wärt an Zukunft meng Hëllef fir Windowssystemer astellen. Hätt ech all déi Zäit, déi ech fir Windowsfrëschinstallatiounen op Bekannten hieren PCen gebraucht hunn dozou benotzt mech an Linux anzeschaffen wier den Linux haut en oppent Buch fir mech (an fir meng Bekannten wahrscheinlech och) :)
En Linuxsystem, deen eng Kéier proper leeft an wous du dem User d'Rootpasswuert net sees, leeft wahrscheinlech och no e puer Joer nach absolut problemlos :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Europäer

unregistriert

17

09.09.2008, 13:53

@ Änder

Ass ët net och esou, dass déi meeschten Computer-Useren, elo emool vun de Fachleit ofgesinn, zevill op Microsoft hiir Produkten fixéiert sinn ? Keeft een e Computer, ass jo standardméisseg ëmmer e Windows-Betriibssystem dropp installéiert. Wäer et net emool un der Zeit, dass een, deen sech e Computer keeft, de Choix tëschent dem Linux- oder dem Windows-Betriebssystem häett ? Mee froo emool an engem Geschäft no engem neie Computer matt dem Linux-System, da ginn d'Diskussiounen un.

Ech denken alt emool (heiansdo maachen ech daat och :D ), dass mir "normal" Computer-Useren zevill op de Windows fixéiert sinn, an eis schwéier dinn, emool eppes Neies auszeprobéieren, besonnesch, wann et sech ëm e Betriebssystem handelt. ;)

P.S.: Mein XP leeft ganz stabill, an ech ka mech net méi erënneren, wéini ech de leschten Oofstuerz haat. Dëst kann ech awer leider net vum Vista behaapten, de Vista, dee fiir mech geraad esou eng "Fehlgebuert", eben matt Kinkerlizercher ass, wéi de Windows Millenium. Daat beweist jo och, dass nach ëmmer noom XP bei engem Computerkaaf gefroot gëtt.

18

09.09.2008, 13:56

Mee froo emool an engem Geschäft no engem neie Computer matt dem Linux-System, da ginn d'Diskussiounen un.
Dat stëmmt (nach) gréisstendeels. E puer grouss Computerhiersteller bidden hier Këschten lo jo awer schon mat virinstalléiertem Linux un, geneesou wéi ëmmer méi Verwaltungen am Ausland op fräi Betriebssystemer emstellen. Ech kéint mir gutt virstellen, dass sech an den nächsten Joren do nach esou munches deet :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

19

24.04.2009, 10:19

Zanter geschter 15 Auer ass den Ubuntu 9.04 Jaunty Jackalope verfügbar. An zanter geschter owend leeft en op mengem Laptop. Problemlosen Upgrade, sou wéi dat soll sinn. An d'Booten an den Shutdown sinn och wéi versprach e gutt Stéck méi séier ginn (ca. 30%).

http://ikhaya.ubuntuusers.de/2009/04/23/…ope-erschienen/

Ubuntu iwwerzeegt mech einfach emmer méi :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Maranello_M

Administrator

Beiträge: 209

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

20

24.04.2009, 12:43

Fannen et och ziemlech intressant, ob mengen PC'en hun ech et aus bequemlechkeet nie laang ausgehaal.

Main Laoptop huelen ech awer greisstendeels fir domat ze schaffen d.h. textverarbeschtung.

Do ass et jo egal ob ech den Open Office ob Windows oder linux laafen hunn...
Eine eigene Meinung ist ein Luxus, den sich nicht viele Menschen leisten. (Alfred Polgar, österr. Schriftsteller u. Kritiker, 1873-1955)