Sie sind nicht angemeldet.

1

25.12.2011, 23:20

Internet Provider

Jongen -- vu dass ech deemnächst plenneren a souwisou en neien Uschloss brauch: wat keeft een da momentan esou? Am Moment sinn ech bei LOL, 16MB fir ech mengen 36 EUR, illimitéierten Volume. Telefonsleitung a sou Geschirr brauch ech net, just nemmen en Internetuschloss. Schon ee mat Glasfaser ugeschloss? Wéi sinn d'Vitessen sou? Ech hat héiren et kritt een keng öffentlech IP méi?

2

11.07.2012, 11:00

Ech vermudden, dass sech no 7 Méint d'Fro fir dech net méi stellt mee ech probéiren et lo mol heimadder: http://www.orange.lu/internet/internet-a…solo/index.html

An 2 Wochen sinn ech entweder doheem vum Internet ofgeschnidden an Orange huet dann en eeschten Problem oder et klappt. Wat mech awer éischter wonnere géing :rolleyes:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

14.07.2012, 10:02

Ech hun am Fong geholl och Internet ouni Telefon bei LOL. Mee ech sinn gespaant, wéi et leeft. :)

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

15.07.2012, 12:31

Ech hunn LOL. Och wann ech am Ufank net mat hinnen zefridde war (z.B. mëcht hir Hotline, bei där ee sech melle kann, wann ee Probleemer huet, strikt Bürosstonnen - Méindes bis Freides) hunn ech déi lescht 3 Joer näischt méi unn hinnen auszesetzen. Ënner anerem maache si Maintenance Aarbechten, wou d'Clientsconnexiounen gestéiert kënne ginn, wa iergendwéi méiglech, Moies vun 4 bis 6 Auer. Natierlech kann eng Pann ni ausgeschloss ginn, mee dat huet sech an deene leschte Joeren op 1 bis 2 Panne pro Joer limitéiert. Eng dovunner hat 3 Stone gedauert, mee do ware si ganz onschëlleg drun, ee Bagger hat zu Leideléng ee Glasfaserkabel duerchtrennt.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

radiorom

Anfänger

Beiträge: 39

Wohnort: Junglinster

Beruf: Techniker

  • Nachricht senden

5

18.07.2012, 17:06

Salut, hun een email account bei LOL an kann mech zanter 3 Deeg net méi aloggen. Op d'manst net iwwert all ons Internet Verbindungen vun der Post. Iwwert aner Provideren geet et problemlos.
Kann een dat bestätigen?

-Serge-

[X] <--- nail here for new monitor!

radiorom

Anfänger

Beiträge: 39

Wohnort: Junglinster

Beruf: Techniker

  • Nachricht senden

6

19.07.2012, 05:31

Huet sech elo erleedecht. Komesch Knapp 1 Stonn nodeems ech dat hei posten geet et erem. :rolleyes:

-s-

[X] <--- nail here for new monitor!

7

09.09.2012, 16:25

Bon, dat mat 2 Wochen war e gudde Witz, mir hunn alleguer härzlech gelaach ;(

Trotzdem soll et de Mettwoch souwäit sinn.

Fir e Verglach kennen ze zéien, hei mol en Speedtest mat der aler Linn:



Mol kucken wéi et den Donneschden ausgesäit (wann ech dann iwwerhapt nees online sinn....
Ech vermudden, dass sech no 7 Méint d'Fro fir dech net méi stellt mee ech probéiren et lo mol heimadder: http://www.orange.lu/internet/internet-a…solo/index.html

An 2 Wochen sinn ech entweder doheem vum Internet ofgeschnidden an Orange huet dann en eeschten Problem oder et klappt. Wat mech awer éischter wonnere géing :rolleyes:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

13.09.2012, 20:53



Sou, de Buttik leeft. Vitesse ass alt besser ginn, wann mer och nach wäit vun den theoretesch méiglechen 15 Mb/s ewech sinn. Mee bon, fir den nämlechten Präis méi Vitesse ass jo kee Feeler. Just d'Latenz ass méi schlecht ginn, dat messfällt mer e besschen. Ech spillen nach e besschen a wärt se awer dann mol dorobber opmierksam maachen.

Enner dem Strech gekuckt si mer am positiven Beräich, wann ech mer och e besschen méi erwaard hätt.

Positiv fällt mer bis elo d'Livebox op (hieren Router). Schengt brauchbar ze sinn. Allerdings muss en nach e puer Praxistester bestoen.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

9

14.09.2012, 10:34

Zum Verglach:



Woubäi mer dat och schon mol méi schnell konnten...

10

09.07.2013, 18:02

Hunn haut mol bäi Orange geschriwwen wéi se zur Vitesse an Latenz stinn, ech hätt gären e bessi méi. Mettlerweil verspriechen se bis zu 20 Mb/s fir mäin Abo an ech zucklen mat knapp 8Mb/s ronderem. Dovunner ofgesinn muss ech soen, dass den Service stabil ass. Uptime géing ech mat 99% uginn.
Positiv fällt mer bis elo d'Livebox op (hieren Router)
Dat muss ech allerdengs gewalteg zréckhuelen. Déi Livebox daacht näicht. Schwaachen Wlan, lächerlech Vitess um USB-Port an den Mediaserver hänkt sech e puer mol am Dag op. Dee gett lo iwwrigends duerch eng Synology DiskStation ersat.

Hu se gefrot wat sie sou vun Modemrouteren ze bidden hunn ausser der topeger Livebox. Mol kucken ob ech eng Äntwert kréien. Dorunner kenne mer dann jo och den Service um Client bewerten (de bis elo nawell ganz ok war)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Ähnliche Themen