Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

21

09.04.2008, 22:30

Fir an deem Zësummenhang all Diskussioun aus dem Wee ze goen, géif ech rooden déi Froen am
Kader vu Luxforum (ouni Minus dozwëschen) ze stellen. Do dréit sech praktësch alles ëm den Auto !
Wann der mech froot, ech hun aaner Idealer !
Du mengs dach net etwa d'kathoulesch Kiërch?

22

09.04.2008, 22:32

Iergendwann bass Du och aus dem Alter eraus, wou's de den Auto nom Image eraussichs. :)
Do war ech nach nie dran an deem Alter. Ech hun mat 2CV ungefang an et net vill méi weit bruëcht. Fir emol mam Auto bis op d'belge Plage ze fuehren, oder op Dijon oder Aix-en-Provence brauch ech nëmmen ë klengen Auto. Méi weit fuehren ech net.

A ween huet dräi Nooriichte méi wäit uewen gemengt, nie en Auto mat Automatik ze fueren? Wann dat awer nät mam Image ze dinn huet...
Fir an deem Zësummenhang all Diskussioun aus dem Wee ze goen, géif ech rooden déi Froen am
Kader vu Luxforum (ouni Minus dozwëschen) ze stellen. Do dréit sech praktësch alles ëm den Auto !
Wann der mech froot, ech hun aaner Idealer !

As eisen éislecker mat sengem Mercedes-Camion net dohinner ausgewandert? Wa jo, dann huet e jo bestemmt vill Spaass do.

An wa mer am Autosforum iwwert Autoen steppelen, fannen ech dat net weider tragesch... Du muss jo net matmaachen, wann et der net gefällt.

23

09.04.2008, 22:40

Hydra, ech sin och keen Frend vun Automatik ;) hun einfach gaeren deen Hiewel do am Grapp beim Fueren, opwuel d'Schalten mat menger Millen net emmer sou einfach as :wacko: !! Ech muss zwar zougin dat ech schon Automatik gefuer sin, an zwar op engem Trakter do as dat nämlech eng fein Saach :thumbup:

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »sandrA« (09.04.2008, 22:45)

24

09.04.2008, 22:43

Hydra, ech sin och keen Frend vun Automatik ;) hun einfach gaeren deen Bengel do am Grapp beim Fueren, opwuel d'Schalten mat menger Millen net emmer sou einfach as :wacko: !! Ech muss zwar zougin dat ech schon Automatik gefuer sin, an zwar op engem Trakter do as dat nämlech eng fein Saach :thumbup:

Lo hängt et nemmen vum Änder sengem Hormonspiggel of, op eng knaschteg kennt :)

25

09.04.2008, 22:46

Uupsss :huh:

26

10.04.2008, 07:15

Dir fuerdert et jo förmlech eraus 8o

Mee ech probéiren mech ze packen...... awer dreif et net op d'Spetzt, Sandra ;)

An zu der Automatik: déi eng kafen sech en Auto WÉINST der Automatik, fir déi aner géif sou eppes nie a Fro kommen. Bon, jiddereen wéi e wëll, mee am Stadverkéier erzielt kee mir, dass eng Automatik keng flott Saach wier.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

27

10.04.2008, 11:10

An wa mer am Autosforum iwwert Autoen steppelen, fannen ech dat net weider tragesch... Du muss jo net matmaachen, wann et der net gefällt.
..... hei an dësem Thread ass daat jo awer völleg normal, an ech hu gur kee Problem damat wann ee iwer Autoen diskutéiert!
Ech haat eigentlech op deen aanere Forum ugspillt, wou ech oft mengen déi Reklam vun enger Bank op der däitschet TV ze gesinn : Mein Haus, mein Auto, mein Boot...", a baal all User huet do säin Auto als Avatar agestallt. Daat wollt ech eigentlech soen, dass daat nët mäin Deng ass !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

28

10.04.2008, 12:08

Sou reng generell as et jo dann och gudd, dass et verschidde Foren ginn: si amüséiren sech mat hieren Autoen, mir eis mam Bommeleer. Gefällt mer gudd, hoffentlech hun se genausouvill Spass wéi mir.

<winkewinke> eriwwer, et si jo wuel eng Retsch Leit, déi béides liesen.

Avataren hun ech ausgeschalt, well ech keen Interet un de Leit hiere Billercher hun.

29

11.04.2008, 15:42

VW Polo, Citroën AX Sport, Citroën BX, Citroën Xantia V6 Activa, Lancia Delta, Alfa 147, Citroën 2CV, Fiat Punto, Citroën DS, nach eng DS, Mahindra CJ, BMW 320i Cabrio, Peugeot 307SW, Prius, Citroën Berlingo, Mazda MX-5, Subaru Impreza. Wann ech keen vergiess hun.

Stuppes, du schengs jo een intressante "Mann" ze sin, knapp 35 Joer a schon 17 Autoen - wans de keen vergiess huest an dobei och nach oft an den USA.....majo dann..... :rolleyes:

Ech woer emol mat engem Meedche bestued, dat genausou en Autosgeck as wéi ech. Do gouf et dann deen Regelkreis net, no deem deen ee seet 'Ma hues de se dann nach all, mer brauchen dach net schon erem en neien Auto'. Allerdengs hu mer alt emmer opgepasst, eis finanziell net z'iwwerhuelen an hun eis op déi méi belleg Autoen beschränkt, well mer souwisou woussten, dass mer se net laang giffen halen.

Wat dat lo dermatt ze dinn huet, dass ech zäitweis vill an USA schaffen, do setzen ech op der Leitung.

Zitat

Mein Papp seet emmer- wer angibt, hat mehr vom Leben - schengt eppes drun ze sin :) (Stippchen)

Ach daher weht der Wind.

Majo, looss Der gesot sinn, dass déi allermeescht vun deenen Autoen belleg woeren, oft Occasiounen, an definitiv net fir unzeginn, mee einfach just, well ech/mir selwer Spaass drun haten. Do wou eng Maschinn e besschen méi flashy woer, hu mer d'Logoen vun der Motorisatioun erofgeholl, an dezent Fuerwen gewielt.

An wat d'USA betrefft, wanns de iwwert méinten- a joerelaang zwee oder dräi Weekender de Mount am Fliger verläbbers an d'Halschecht vun der Zäit an déi eng oder aner Richtung jetlagged bass, dann fällt den Angeberfaktor nawell wäit hannert d'Inconvenienten ewech. Zumol ech jo net op spannend Plazen reesen, mee emmer an déiselwecht kleng Stad mat Buroen fir de ganzen Dag an gréisstendeels ruppegen Restaurant'en fir owes. Den absoluten Highlight vun mengem läschten 2-Wochen-Trip woer et, sonndes einfach net ze schaffen, mee op Baltimore ze fueren an den Aquarium kucken ze goen. Scho bal e besschen jetset, gell? ;)

Dovun ofgesinn, Maisschen, fillen ech mech geéiert, dass de meng Posten mat souvill Opmierksamkeet lies ^^

Mee lo zreck bei den Thema, eigentlech woere mer jo amgaang den Änder mat sengem Bopisauto ze steppelen ;)

30

12.04.2008, 08:42

Mee lo zreck bei den Thema, eigentlech woere mer jo amgaang den Änder mat sengem Bopisauto ze steppelen ;)
Dir sidd guer net léif mat mir ;(
Mee steppelt dir roueg....... ech sinn déck zefridden mat mengem Bopisauto :D (wéinstens bis elo mol...)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

31

12.04.2008, 09:40

Hat geduet Du giffs en haut réischt kréien?

32

12.04.2008, 15:16

Mee lo zreck bei den Thema, eigentlech woere mer jo amgaang den Änder mat sengem Bopisauto ze steppelen ;)
Dir sidd guer net léif mat mir ;(
Mee steppelt dir roueg....... ech sinn déck zefridden mat mengem Bopisauto :D (wéinstens bis elo mol...)

änder ? weiss du ons eng Foto vun denger Voiture ;) ? Ech fannen net dat et een Bopi Auto as, eierbaar Felgen drop an geteinten Fensteren dann leist en sech weisen :D

33

13.04.2008, 08:54

RE: Skoda Superb 2.5 V6 TDI Tiptronic

Ech wollt eigentlech wessen ob Leit hei sinn, déi mam Superb oder mat Skoda iwwerhaapt schlecht Erfahrungen gemaach hunn? Um Spaweck hunn ech bis elo näicht allze schlemmes fonnt.

Hoffentlech bedauren ech de Kaf net, well den Toyota huet mech nie am Stach gelooss..... dat wärt mam Skoda jo alt esou bleiwen :S

E Bekannten vu mir war ziemlech skeptesch am Ufank wat Sokda ubelangt. Mais hien huet sech elo schon den 2. Skoda kaf an ass imens zefriden domat.

34

14.04.2008, 07:11

@Johnny
War en Iertum vu mir: krut en den freiden owend schon :)

@Sandra
Foto kënnt eng Kéier. A fir d'Fensteren téinen ze loossen hat ech mir och schon iwwerluecht. Hat dat um Avensis an hunn et net bereit. Déifleen zwar éischter net. Ech gi mir net de Confort deen ech eigentlech wollt elo duerch e Sportsfuerwierk futtimaachen. An déi aktuell Felgen fannen ech och flott genuch fir mech ;) . Ech hunn dëse Weekend 800 Kilometer gedréint a sinn mat der Fierderung eigentlech ganz zefridden :)

@Fifi
MErci, dat héiert ee gären :thumbsup:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

35

14.04.2008, 08:26

...a sinn mat der Fierderung eigentlech ganz zefridden :)

Aha Änder,

d'Fiederung hues du also och schon getest. Dobäi mëcht een normalerweis aver keng Kilometeren ... ;)
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

36

14.04.2008, 08:31

@Jempi

:D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

37

14.04.2008, 23:45

soulaang et net quietscht 8)

38

27.05.2008, 14:40

Setzen et mol heihinner, huet kee Wärt en neien Thread dofir ze starten:

Wéi vläicht bekannt ass Longlife-Ueleg jo schwengseg deier. Ech hunn haut zoufälleg des Offer gesinn.... an och direkt mol 2 Liter bestallt. Avis aux amateurs, laang wärt es net méi do sinn.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

39

27.05.2008, 19:31

Änder,

wéi bass du iwerhaapt bis elo zefridden mat dengem Skoda?

40

27.05.2008, 19:33

Hunn elo 5000 Kilometer erof a kann net dat Gerengsten géint den Auto soen. Bis elo ganz zefridden! :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme