Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

09.04.2008, 13:59

Skoda Superb 2.5 V6 TDI Tiptronic

Ech wees, ech kréien lo em d'Ouren gehaan, dass ech dach en Toyotafan sin.... sinn ech och nach, mee nodeems ech des lescht mol rem eng Kéier eng Automatik gefuer sinn ass mir bewosst ginn wat ech déi lescht Joren vermesst hunn ;)
A leider huet Toyota keen Diesel mat Automatik am Programm, dofir kréien ech de Samsden lo en Superb, als Okkasioun versteet sech. En ass vum Mee 2006 an huet 40 000 Kilometer erof.

Ech wollt eigentlech wessen ob Leit hei sinn, déi mam Superb oder mat Skoda iwwerhaapt schlecht Erfahrungen gemaach hunn? Um Spaweck hunn ech bis elo näicht allze schlemmes fonnt.

Hoffentlech bedauren ech de Kaf net, well den Toyota huet mech nie am Stach gelooss..... dat wärt mam Skoda jo alt esou bleiwen :S
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

09.04.2008, 14:17

Kriss de och en Hutt derbäi?

3

09.04.2008, 14:21

Gutt Äntwert :D

Ech hu mir et och duerch de Kapp goën gelooss a wann ech sou kucken wéi ech mam Auto fueren a mam Moto kann ee soën, dass ech mam Auto relax fueren a mam Moto..... nujee....... ;)

Ausserdeem ginn ech jo schon mat groussen Schrëtt Richtung Këscht (35!), do därf een et dann déi lescht Joren e bessi méi roueg ugoën :rolleyes:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

4

09.04.2008, 15:01

Ech hun mol décidéiert, dass ech mol eng Zäitchen keen Auto kafen - Mazda an DS stinn net zur Diskussioun, an de Prius antauschen fir eng duerschnettlech 12tkm d'Joer ze fueren mecht wierklech keen Senn. An mat menger Aarbecht ginn et der éischter manner wéi méi an den nächste Joeren.

Sollten elo Emstänn zu engem Tosch féiren (z.B. en Accident oder vol) , giff et e bellegt klengt Deppchen ginn. De Konzept vu gudd goenden Autoen as säit dem A-Schäin souwisou gestuerw, an fir 10-12tkm duerch de Wanter ze juckelen geet och en Dausender Aygo duer. Wann ech mol wéilt en längeren Tour maachen, iwwert mäin Employeur kréien ech Europcar oder Hertz Mettelklass bei onbegrenzte km fir 60 EUR den Daag.

35 as natierlech schon scheindoud, ech sinn och deemnächst do. Ech si scho gläich méi al wéi d'Stewardessen bei der Lufthansa ;)

5

09.04.2008, 15:22

De Konzept vu gudd goenden Autoen as säit dem A-Schäin souwisou gestuerw

Sou hat ech och iwwerluecht...

Zitat

an fir 10-12tkm duerch de Wanter ze juckelen geet och en Dausender Aygo duer.

Wa mer lo mol op den Aygo aginn: ech hat en eng Kéier probéiert, den Dausender, an obwuel ech wierklech verwonnert war wéi sprëtzeg dass dat Spillchen ass, kéint ech mir zwar net virstellen all Dag domat ze fueren. En ass WIERKLECH kleng. Den Superb ass zwar lo och iwwerdriwwe grouss mee ech hunn awer léiwer e bessi méi Komfort wéi ze mann ;)

Zitat

35 as natierlech schon scheindoud

Eben! Ech hat wëlles mech och mol demnächst iwwer déi Plegeversëcherung ze informéiren an mir e Bett am Altersheim ze reservéiren - dat kann ee guer net fréi genuch maachen :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

09.04.2008, 15:33

vun Toyota op Skoda.. ;( .. naja ;)

An 35 as dach keen Alter, et as een nie ze aal, alles Anstellungssach.

7

09.04.2008, 15:42

vun Toyota op Skoda.. ;( .. naja ;)

Jo, ech wees, dofir hunn ech och alt dat Déckst geholl wat Skoda zesummeschrauft mee trotzdem.... :S

Zitat

An 35 as dach keen Alter, et as een nie ze aal, alles Anstellungssach.

Waart wanns Du bis an eisen geseenten Alter kenns... :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

09.04.2008, 15:56

an fir 10-12tkm duerch de Wanter ze juckelen geet och en Dausender Aygo duer.

Wa mer lo mol op den Aygo aginn: ech hat en eng Kéier probéiert, den Dausender, an obwuel ech wierklech verwonnert war wéi sprëtzeg dass dat Spillchen ass, kéint ech mir zwar net virstellen all Dag domat ze fueren. En ass WIERKLECH kleng. Den Superb ass zwar lo och iwwerdriwwe grouss mee ech hunn awer léiwer e bessi méi Komfort wéi ze mann ;)

A priori: méi Auto kascht méi Souen - an Uschafung, Ennerhalt an allem. Wann ech 12tkm d'Joer fueren, meeschtens am Wanter a bei schlechtem Wieder, iwwert kleng Landstroossen, dann gesinn ech mech net méi vun enger decker Sechszylinder-Berline profitéiren wéi vum engem Aygo. Nei kaaft läit do en Facteur vun mindestens 2.5 derteschent, an Occasioun gesäit et net vill anescht aus. An ech gesi mech net 2.5-mol souvill Spaass dermatt hun. Wann ech den decken Auto kéint genéissen, fueren ech souwisou mat enger vu menge Spillsaachen.

En plus, mee dat as perséinlech, fannen ech kleng, gudd gemaachten Autoen einfach flott. An den Aygo/C1/107 as nun mol richteg gudd gemaach. Wéi ech réaliséiert hun, dass den Mallendeckel eigentlech nemmen d'Heckscheiw as, dat huet mech sou amüséiert, do kéim e Superb net matt.

Zitat

Zitat

35 as natierlech schon scheindoud

Eben! Ech hat wëlles mech och mol demnächst iwwer déi Plegeversëcherung ze informéiren an mir e Bett am Altersheim ze reservéiren - dat kann ee guer net fréi genuch maachen :D

jojo :)

9

09.04.2008, 16:05

A priori: méi Auto kascht méi Souen - an Uschafung, Ennerhalt an allem. Wann ech 12tkm d'Joer fueren, meeschtens am Wanter a bei schlechtem Wieder, iwwert kleng Landstroossen, dann gesinn ech mech net méi vun enger decker Sechszylinder-Berline profitéiren wéi vum engem Aygo. Nei kaaft läit do en Facteur vun mindestens 2.5 derteschent, an Occasioun gesäit et net vill anescht aus. An ech gesi mech net 2.5-mol souvill Spaass dermatt hun. Wann ech den decken Auto kéint genéissen, fueren ech souwisou mat enger vu menge Spillsaachen.

Sécher, den Superb ass besteemt net DEEN Vernunftauto ;)
Spass huet een mat aneren Auto natirlech méi mee wéi gesot: wann der de Sensenmann bis am Geneck setzt gëtt ee méi roueg :D

Zitat

En plus, mee dat as perséinlech, fannen ech kleng, gudd gemaachten Autoen einfach flott. An den Aygo/C1/107 as nun mol richteg gudd gemaach. Wéi ech réaliséiert hun, dass den Mallendeckel eigentlech nemmen d'Heckscheiw as, dat huet mech sou amüséiert, do kéim e Superb net matt.

Ech fannen en och flott a léif.....awer ewen och e bessi ze kléng
Mäin klengsten Auto war mäin Éischten: e Fiesta, duerno koum Cadillac, Citroen Kombi, Opel Omega an den Avensis Verso. Fällt der eppes op? ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

10

09.04.2008, 16:10

Ech fannen en och flott a léif.....awer ewen och e bessi ze kléng
Mäin klengsten Auto war mäin Éischten: e Fiesta, duerno koum Cadillac, Citroen Kombi, Opel Omega an den Avensis Verso. Fällt der eppes op? ;)

Mmmmh.... Du hues kee Gout?

;)

VW Polo, Citroën AX Sport, Citroën BX, Citroën Xantia V6 Activa, Lancia Delta, Alfa 147, Citroën 2CV, Fiat Punto, Citroën DS, nach eng DS, Mahindra CJ, BMW 320i Cabrio, Peugeot 307SW, Prius, Citroën Berlingo, Mazda MX-5, Subaru Impreza. Wann ech keen vergiess hun.

Sou, lo maach doraus mol en Anwendungsprofil, ausser 'gett zevill Souen aus a weess net wat e well' :D

11

09.04.2008, 16:21

Ech kann mech mam Aygo an denen aneren (C1, 107,) net unfrennen. Hun eng keier een Akzident gesin mam 107, een camion as dem Auto hannendrop gerannt, dun war een nach mei kleng wei en schon as :S an wann d'Schiebelen der vun hannen em d'Ouer fleien...autsch

12

09.04.2008, 16:49

@sandrA

Déi kleng Späitsdeppecher sinn mettlerweil op 5 Stären am NCAP. Wann ech dann mäin decke Xantia vun virun 10 Joer kucken, komplett mat 4 Airbagen an annerhallef Tonnen Kampfgewiicht, deen woer 3 Stären. Wann e Camion iwwert Dech rennt, as all Auto futti.

13

09.04.2008, 19:24

@Bouf,

huës du dir ë Bopi's Auto kaaf? ;) Waat gëtt daat mat dir! Ech fuehren keng Automatik an fir d'frëcken net!

Hues du daat hei schon geliës?http://www.automobil-magazin.de/skosu25.htm

14

09.04.2008, 20:42

@Bouf,

huës du dir ë Bopi's Auto kaaf? ;) Waat gëtt daat mat dir! Ech fuehren keng Automatik an fir d'frëcken net!

Hues du daat hei schon geliës?http://www.automobil-magazin.de/skosu25.htm

Iergendwann bass Du och aus dem Alter eraus, wou's de den Auto nom Image eraussichs. :)

15

09.04.2008, 20:59

@sandrA

Déi kleng Späitsdeppecher sinn mettlerweil op 5 Stären am NCAP.

Nee, 4 Staeren :P

Wann ech dann mäin decke Xantia vun virun 10 Joer kucken, komplett mat 4 Airbagen an annerhallef Tonnen Kampfgewiicht, deen woer 3 Stären. Wann e Camion iwwert Dech rennt, as all Auto futti.

An mat vill pech as den chauffeur och futti :huh:

16

09.04.2008, 21:49

@sandrA

Déi kleng Späitsdeppecher sinn mettlerweil op 5 Stären am NCAP.

Nee, 4 Staeren :P

Jo? Ah, dann as et den Twingo, deen der 5 huet, oder?

Zitat

Wann ech dann mäin decke Xantia vun virun 10 Joer kucken, komplett mat 4 Airbagen an annerhallef Tonnen Kampfgewiicht, deen woer 3 Stären. Wann e Camion iwwert Dech rennt, as all Auto futti.

An mat vill pech as den chauffeur och futti :huh:

Jo. Et ginn einfach Situatiounen, déi sinn net iwwerliefbar. E Camion, deen iwwert Dech rennt, gehéiert oft dozou. Stroosseverkéier huet eng gewessen inhärent Gefoer, domadder muss een emzegoen léiren.

Bei der allergréisster Majoritéit vun Accidenten handelt et sech net em sou Fäll. Do as en Verständnis vun Vitesse, Bremswee, kinetescher Energie asw hellefräich, fir ze verstoen, wat 10 km/h méi oder manner an der Ufanksvitesse ausmaachen. Dat misst de an der Physik eigentlech matkritt hun.

17

09.04.2008, 22:01

Iergendwann bass Du och aus dem Alter eraus, wou's de den Auto nom Image eraussichs. :)
Do war ech nach nie dran an deem Alter. Ech hun mat 2CV ungefang an et net vill méi weit bruëcht. Fir emol mam Auto bis op d'belge Plage ze fuehren, oder op Dijon oder Aix-en-Provence brauch ech nëmmen ë klengen Auto. Méi weit fuehren ech net.

18

09.04.2008, 22:05

A ween huet dräi Nooriichte méi wäit uewen gemengt, nie en Auto mat Automatik ze fueren? Wann dat awer nät mam Image ze dinn huet...

19

09.04.2008, 22:23

Fir an deem Zësummenhang all Diskussioun aus dem Wee ze goen, géif ech rooden déi Froen am
Kader vu Luxforum (ouni Minus dozwëschen) ze stellen. Do dréit sech praktësch alles ëm den Auto !
Wann der mech froot, ech hun aaner Idealer !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

20

09.04.2008, 22:29

A ween huet dräi Nooriichte méi wäit uewen gemengt, nie en Auto mat Automatik ze fueren? Wann dat awer nät mam Image ze dinn huet...
Waat huët dann eng Gangschaltung mat Image ze dinn? Déi Auto'en sin meeschtens méi bëlleg, an et entschléift een net während dem Fuehren. :?: