Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

04.04.2008, 18:08

Biosprit

hei gesäit een, dass ë Minister och ëmol ka lernfähig oder méi gescheit ka gin, an e Gesetz reckgängeg mecht !
Eenzel Ministeren vun L sollten sech ëmol dorun ë Beispill huelen. Do wär op deem Punkt decken Handlungsbedarf !!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

2

04.04.2008, 22:29

@mJANG,

jo hat ech och geliës. Aus wat gëtt deen Biosprit eigentlech gemach?

3

04.04.2008, 22:54

@mJANG,jo hat ech och geliës. Aus wat gëtt deen Biosprit eigentlech gemach?
Dës Dokumentatioun ass ësou komplett, dass daaat der als Erklärung misst duurgoen.
De Problem läit doran, dass d'Baueren elo d'Tendenz hun nëmme méi Raps oder ähnleches unzeplanzen, mais dass ech awer op dèr aanerer Säit och nach an Zukunft uerdentlech Grompereren a Brout ze kaafe kréien zu engem anständege Präis !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

4

05.04.2008, 10:20

De Problem läit doran, dass d'Baueren elo d'Tendenz hun nëmme méi Raps oder ähnleches unzeplanzen, mais dass ech awer op dèr aanerer Säit och nach an Zukunft uerdentlech Grompereren a Brout ze kaafe kréien zu engem anständege Präis !
Ma genau dat ass et! Ass deen Biosprit et wert, dass net méi genug z.B. Gromperen an Wees ungeplanzt gin? Ech sin net gewëllt 10.- Euro fir ë Pond Brout ze bezuehlen, dann mussen mir eben manner mam Auto fuehren, wann daat esou schiëdlech soll sin. An dann gin anscheinend schon net genug Liëwensmëttel produzéiert fir dass keen méi op der Welt Honger huët, oder?

5

05.04.2008, 11:21

Do gesait een awer waat mir bereed sin ze opferen, vir nach kennen mam Auto ze fueren, ech fannen et soll een sech net sou op den Biosprit fixeieren. Et as keng Alternativ well mer hun guer net souvill Unbaufläch um ganzen Planeit fir d'Rohstoffer dei mer fir Biosprit brauchen; ech hoffen op d'Brennstoffzell, de Wasserstoff oder d'Solarzellen !

6

05.04.2008, 13:05

An wann sie mat hirem Biosprit färdeg sin, dann kënnen mir zwar nach Auto fuehren, hun awer neischt méi d'iëssen, stiërwen, an fuehren also och keen Auto méi. :D

7

05.04.2008, 14:45

@mJANG,jo hat ech och geliës. Aus wat gëtt deen Biosprit eigentlech gemach?
Dës Dokumentatioun ass ësou komplett, dass daaat der als Erklärung misst duurgoen.
De Problem läit doran, dass d'Baueren elo d'Tendenz hun nëmme méi Raps oder ähnleches unzeplanzen, mais dass ech awer op dèr aanerer Säit och nach an Zukunft uerdentlech Grompereren a Brout ze kaafe kréien zu engem anständege Präis !

Du bass zwar e besschen egozentresch an der Approche, mee am Fong hues de Recht: duerch des Emstänn get den Präis vun Grondnahrungsmettel un den Energiepräis gekoppelt. Effektiv konkurréiren déi zwee ärmsten Milliarden Leit mat deenen puer honnert Millioune räichsten em déi selwecht Wuer.

Ech fannen dat ganz beonrouhegend.

8

05.04.2008, 14:48

Do gesait een awer waat mir bereed sin ze opferen, vir nach kennen mam Auto ze fueren, ech fannen et soll een sech net sou op den Biosprit fixeieren. Et as keng Alternativ well mer hun guer net souvill Unbaufläch um ganzen Planeit fir d'Rohstoffer dei mer fir Biosprit brauchen; ech hoffen op d'Brennstoffzell, de Wasserstoff oder d'Solarzellen !

sandrA, et get net 'déi' Alternativ. Eisen momentanen Energieverbrauch muss, fir kennen komplett regenerativ ersat ze ginn aus engem Mix vu Quellen kommen. Biosprit kann do eng alternativ sinn, wou eng Späicherung mat grousser Energiedicht wichteg as, evtl am Fliger.

Brennstoffzell/Waasserstoff as aus dem Rennen.

9

06.04.2008, 19:47

http://www.tagesschau.de/wirtschaft/reispreis2.html

Exportbeschränkungen in mehreren Ländern

Biosprit-Anbau lässt Reispreise steigen

Weltweit werden immer mehr Flächen genutzt, um Rohstoffe für Biosprit anzubauen. Die Folge: Weniger Nahrungsmittel werden produziert, die Preise steigen dramatisch - beispielsweise für Reis. Mehrere Länder erließen inzwischen Exportverbote, um die Versorgung sicherzustellen.

Von Bernd Musch-Borowska, ARD-Hörfunkstudio Singapur

Die Reispreise in Südostasien sind auf den höchsten Stand seit Jahrzehnten gestiegen. Reis aus Thailand, dem größten Exporteur weltweit, ist um rund 30 Prozent teurer als Anfang des Jahres und kostet etwa 580 US-Dollar pro Tonne. Einen Dollar für zwei Kilo Reis, solche Preise können sich viele Menschen in Südostasien jedoch kaum noch leisten.

10

06.04.2008, 22:04

sandrA, et get net 'déi' Alternativ. Eisen momentanen Energieverbrauch muss, fir kennen komplett regenerativ ersat ze ginn aus engem Mix vu Quellen kommen. Biosprit kann do eng alternativ sinn, wou eng Späicherung mat grousser Energiedicht wichteg as, evtl am Fliger.

Brennstoffzell/Waasserstoff as aus dem Rennen.
Wisou as d'Brennstoffzell an de Wasserstoff as dem Rennen ? Kloer as, dat dei zwou Techniken nach laang net ausgereift sin, mee aus dem Rennen sin se menges Wessens nach net.

http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensc…,484724,00.html

11

06.04.2008, 22:59

Majo an éischter Linn well Waasserstoffhierstellung mat regenerativen Methoden opwänneg as (Elektrolyse) an den Transport vum Waasserstoff och net ohne as. Waasserstoff as dee klengste Molekül an diffundéiert duerch alles derduerch; en vollen Tank verléiert an 14 Deeg oder sou d'Halschecht vum Contenu.

Batterien hun mettlerweil vill méi eng héich Energiedicht, wéi Wasserstoff-Speicher, an se brauchen keng Fuel Cell fir Stroum erauszekréien, mee kennen direkt un de Moter.

Net fir ze soen, dass et keng Brennstoffzellen wäerten ginn, et wäert just keen Massenartikel ginn.

12

07.04.2008, 00:50

E.on as amgang Reklam ze machen fir Bio-Erdgas. An ob hierem Site (http://www.eon.com/de/unternehmen/tdw_20318.jsp )steht dat doo:

Zitat

Woraus wird Bio-Erdgas gewonnen? Die wichtigsten Einsatzstoffe für die Bio-Erdgaserzeugung sind nachwachsende Rohstoffe wie Mais, Getreide, Gräser, die eigens für die Herstellung von Bioerdgas angebaut werden

Ech hun eigentlech kee Problem mat Erdgas aus Biomass, wann dofir Ofall geholl gett, awer Pflanzen extra unbauen fir Erdgas.. :pinch:

13

07.04.2008, 09:56

@SandrA,

ma daat ass et jo, ech hätt och neischt géint Biosprit, op daat elo Biogaz oder waat wees ech ass. Mee d'Auswierkungen hun ech jo schon erangepost. Et ass elo schon net méi genug Iessen do, wann sie esou weider fuehren, dann gëtt et kriminel.

14

07.04.2008, 11:15

Et giff mech jo mol interesséiren, wéi dat mam net-genuch-Iessen wierklech as. Virun e puer Joer hate mer Mellech-, Botter- a soss Bierger. Baueren hu Subsiden kritt fir Land braach leien ze loossen.

Lo op eemol as iwwerall e Manktem. Gläichzäiteg sinn d'Präisser fir déi traditionell deier Iesswueren (Fleesch z.b.) relativ niddreg, obwuel sou en Kilo Büfteck nawell eng Rei Kiloen Getreide kascht...

Ech verstinn net wierklech wat op deem Marché lass as.

15

07.04.2008, 11:31

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

16

07.04.2008, 11:52

Ech vergiessen emmer, dass gewéinleche Bensin aus der Uelegquell direkt an den Tank hopst.

17

07.04.2008, 12:01

Et giff mech jo mol interesséiren, wéi dat mam net-genuch-Iessen wierklech as. Virun e puer Joer hate mer Mellech-, Botter- a soss Bierger. Baueren hu Subsiden kritt fir Land braach leien ze loossen.

Lo op eemol as iwwerall e Manktem. Gläichzäiteg sinn d'Präisser fir déi traditionell deier Iesswueren (Fleesch z.b.) relativ niddreg, obwuel sou en Kilo Büfteck nawell eng Rei Kiloen Getreide kascht...

Ech verstinn net wierklech wat op deem Marché lass as.
Ma du Egoist!!!! Liës emol mein Post, et geet net ëm Europa, mee ëm déi Kontinenter, déi souwiesou schon superarm drun sin. Wann së an Indonesien keen Reis méi hun, was soll's?

18

07.04.2008, 13:00

Ma du Egoist!!!! Liës emol mein Post, et geet net ëm Europa, mee ëm déi Kontinenter, déi souwiesou schon superarm drun sin. Wann së an Indonesien keen Reis méi hun, was soll's?

Ho, Brauner...

Räis an Biodiesel sinn inkompatibel. Do wou Räis wuesse kann, kanns de keen Mais/Weess pflanzen, well de Räis am Waasser steet. Do wou's de muss kenstlech bewässeren, bass de mat Mais/Weess etc besser drun wéi mat Räis. Ech weess net secher, firwat de Räis an Indonesien sou deier ass, mee et läit net an éischter Konsequenz um Biodiesel.

An meng Astellung derzou, dass Energie- an Iesswueren präislech gekoppelt sinn, hun ech méi wäit uewen däitlech gemaach. Ech kann mer de ganze Kreppeng souwisou ouni nozedenken leeschten - hun déi ieweschten 10% vun de Letzebuerger zwar verpasst, awer nemmen neelech. Wier ech Egoist, giff ech fir 3 Eur de Liter Bensinn plädéiren, dass den Pöbel mol vun de Stroossen kennt.

Wat ech net verstinn, as de fait, dass op der enger Säit Grondnahrungsmettel deier ginn, op der anerer Säit méi opwänneg Iesswueren belleg sinn. An wéi scho gefrot, wou as de Botterbierg an de Mellechséi hinn? As nach net sou laang hier dass se Orangen mam Bagger futtigemaach hun, well se der zevill haten. Kann ee mer dee Marché erklären, ech gleewen nämlech déi gängeg Meenung net ganz.

19

07.04.2008, 13:51

Wann een d'Flächen déi virgesin sin fir Iësswueren unzeplanzen benotzt fir Réistoffer fir Biodiesel unzebauen, ass eng faul.

Ha ha, dann mach den Benzin op 3.- Euro den Liter, ech halen mat. So spillen mir hei Poker? :D :D

20

07.04.2008, 14:17

Wann een d'Flächen déi virgesin sin fir Iësswueren unzeplanzen benotzt fir Réistoffer fir Biodiesel unzebauen, ass eng faul.

Dat as de Punkt, op deen ech uewen komm sinn: Do wou soss Räis gewuess as, wiisst elo kee Weess. Do as eng faul un däer Nooriicht. Räis wiisst am Waasser. Weess net.