Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

14.05.2010, 12:12

Autowäschen...

... an der Stad, wou kann een dat eigentlech?

Ech mengen lo keng Waschanlag, mee eng Handwäsch, fir dat e bessche méi kleespert Geschierr (Moto, Oldtimer) propper ze maachen. Ech hun zwar Stellplaz an der Garage,mee do ass explizit net virgesinn, mat Waasser an Seef ze hantéiren.

2

17.05.2010, 08:48

Salut Johnny,

Meng Garage zu Alzéng mecht dat: LENTZ PAUL S.A. ALZINGEN/HESPERANGE route de Thionville 535 (Nissan)

Se froen alls Beispill fir mäi Murano 50€ bannen a baussen.

3

17.05.2010, 11:11

@Ganymedes --

Merci, mee dat ass net genau dat, wat ech sichen. Ideal wier sou eng Selbst-Wäsch-Anlag wéi an der Zäit zu Hamm eng woer, oder och eng einfach Plaz, wou ee kann mat Waasser an (matbruechtem) Botzgeschierr hantéiren.

4

17.05.2010, 12:26

Bäim Goedert zu Angelduerf ass sou eng Wäschplaz krut ech hei grat gesot. Zu Bascharage bäi der Aral war emmer eng mee déi ass net méi do. Alternativ stellen ech dir meng Garagenentrée gären zur Verfügung :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

5

17.05.2010, 13:34

Merci, Änder - zu Audun hannert Esch ass och eng. Ass awer alles liicht onpraktesch, vun der Distanz hier.

A pass op mam offréiren vun der Afaart... ech kéint dat nach unhuelen ;)

6

17.05.2010, 16:48

A pass op mam offréiren vun der Afaart... ech kéint dat nach unhuelen

Be my guest
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

23.05.2010, 01:48

Zitat

Ech hun zwar Stellplaz an der Garage,mee do ass explizit net virgesinn, mat Waasser an Seef ze hantéiren.


Heescht dat dass et op der Stellplaz an der Garage net erlabt ass (Hausordnung?) e Gefiir ze wäschen? Respektiv net meiglech well keng Plaz do ass oder Saachen do sinn dei net daerfen naass ginn...?

Op der öffentlecher Strooss ass et an deene meeschten Gemengen, an och nom code de la route, verbueden e Gefiir mam Schlauch ze waeschen. Tolereiert gett dann allenfalls waeschen mat Eemer a Schwamp ouni Schlauch...

Et bleiwen awer nach Alternativen zum Beispill:

Selwer Waeschen baussen an der Afaart vun der Garage wou et bannen net meiglech ass? (eng Garagenafaart op Privatterrain faellt net enner Restriktiounen vun engem Gemengenreglement oder code de la route fir d'oeffentlech Strooss)
A falls do "keng 2 Autoen lanscht eneen kommen" maach et zu enger Dageszait wous de wees dass keen aaneren Co-resident ran/eraus fiirt an duerch dein Waeschen keint gehennert ginn.

Samdes oder Sonndes Selwer Waeschen op der Personal-Parkplaaz vun denger Aarbecht?

Selwer Waeschen an engem Eck wou dein Gefiir net hennert, op enger Tankstell mat expliziter Erlabnis vum Patron wells de Stammclient bass fir dein Auto ze betanken?
Religionen wachsen nicht im Bauch sondern im Kopf.
Die fünf ersten Dogmen der Religion von der Börse lauten:
Die Börse ist aller Anfang.
Die Börse hat aus zwei ihrer Rippen das Geld und die Erde erschaffen.
Im Garten Eden hat das Geld die Börse geschwängert.
Die Börse hat einen grossen rot glänzenden Apfel gelegt mit Eva und Adam im Kern drinne.
Die ersten Menschen haben sich aus dem reifen Apfel gebohrt und sich die Erde untertan gemacht, chaotisch unter der Oberaufsicht von Börse und Geld.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »iRobot« (23.05.2010, 01:54)


8

23.05.2010, 21:38

Zitat

Ech hun zwar Stellplaz an der Garage,mee do ass explizit net virgesinn, mat Waasser an Seef ze hantéiren.


Heescht dat dass et op der Stellplaz an der Garage net erlabt ass (Hausordnung?) e Gefiir ze wäschen? Respektiv net meiglech well keng Plaz do ass oder Saachen do sinn dei net daerfen naass ginn...?


D'Reglement seet, dass d'Garage uniquement fir Autoen ofzestellen ass. Reng theoretesch dierft mol mäi Moto net do stoen... en plus gett et och kee Waasser, a kee Stroum an der Garage.

Zitat


Op der öffentlecher Strooss ass et an deene meeschten Gemengen, an och nom code de la route, verbueden e Gefiir mam Schlauch ze waeschen. Tolereiert gett dann allenfalls waeschen mat Eemer a Schwamp ouni Schlauch...


Jo, dat wier wuel de Maximum, mee eng Parkplaz virun der Dir z'erweschen ass och Chance ;)

Zitat


Et bleiwen awer nach Alternativen zum Beispill:

Selwer Waeschen baussen an der Afaart vun der Garage wou et bannen net meiglech ass? (eng Garagenafaart op Privatterrain faellt net enner Restriktiounen vun engem Gemengenreglement oder code de la route fir d'oeffentlech Strooss)
A falls do "keng 2 Autoen lanscht eneen kommen" maach et zu enger Dageszait wous de wees dass keen aaneren Co-resident ran/eraus fiirt an duerch dein Waeschen keint gehennert ginn.


Schwéier méiglech, dat - enk Afaart, an natierlech keen Access op Waasser.

Zitat


Samdes oder Sonndes Selwer Waeschen op der Personal-Parkplaaz vun denger Aarbecht?


24/7 Firma. An natierlech och kee Waasser baussen um Parking.

Zitat


Selwer Waeschen an engem Eck wou dein Gefiir net hennert, op enger Tankstell mat expliziter Erlabnis vum Patron wells de Stammclient bass fir dein Auto ze betanken?


Ech hunn och schon dorunner geduecht, mee Tankstellen sinn net méi wéi fréier. E 'Patron' gett et do net méi, héichstens e Gérant, an dee giff et méi arrangéiren, wann ech giff duerch seng Waschanlag fueren ;)

Hätt nie geduecht, dass dat sou e blöde Probleem ass...

9

24.05.2010, 09:00

A pass op mam offréiren vun der Afaart... ech kéint dat nach unhuelen

Be my guest
;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme