Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

23.01.2009, 07:24

Elektroautoën

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

23.01.2009, 08:49

Du muss dem Agassi loossen, dass en dat mat ganz vill Verve a perséinlechem Asaz weiderdreiwt. Israel huet elo scho vill Steckdousen, déi verfügbar sinn, fir E-Autoen opzelueden. Dat sinn déi Initiativen, déi den E-Auto op eemol ganz interessant maachen.

3

23.01.2009, 08:52

Ech begréissen déi Initiative op alle Fall. Mee eng méi allgemeng Fro: wann dat do Erfolleg hätt, wou kënnt de ganzen Stroum hier? Geet déi Rechnung op?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

4

23.01.2009, 09:49

A wéi déi opgeet, Änder.

Lo mol ouni mat kWh an dergläichen ronderem ze geheien: en Auto mat Bensinn/Diesel huet am bäschte Fall e Wierkungsgrad vun 35-40%, dat as bei héicher Vitesse op der Autobunn. Am durchschnettleche Stadverkéier as et éischter bei 10%, op der Landstrooss vläit 20%. Den E-Moter huet 97% a méi, mee Du verléierst duerch d'Batterie an d'Stroumiwwerdroung, soe mer mol 80% en total.

Wanns de de Liter also an enger moderner GuD-Turbine verfeiers, déi en Wirkungsgrad vun 55% huet, kriss de 55%*80%=44% eraus, dat as mindestens dat duebelt vum Landstroossenauto a gären dat véierfacht vum Stadauto. Reng ennert Ausnotzung vun der selwechter Energie, déi haut verfeiert get.

En plus kannst de lo ordentlech Solar an aner net emmer verfügbar Stroumquellen dropgeheien, wann Deng Autoen dagsiwwer um Firmeparkplaz stinn an optanken.

5

23.01.2009, 09:56

Wanns de de Liter also an enger moderner GuD-Turbine verfeiers


Ma grat dat hunn ech jo gemengt. Richteg interessant wier et jo wann een guer keen Ueleg méi misst verbrennen. Alternativ Energien sinn jo schéin a gutt, näicht dogéint, mee wa mir näicht Fossiles méi verbrenne wëllen an an nächster Zukunft keen mat der eeërleeënder Wollmëllechsau kënnt..... geet et dann ouni Atomstroum duer?
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

23.01.2009, 10:11

Änder - d'Approche as einfach. Wa mer lo soen, mir wellen vun haut op muer guer keen Ueleg verbrennen, dat get näischt. Mee wa mer soen, mer ginn eis zefridden mat der Halschecht, dat as jo awer schon mol net schlecht. An dann kann een nach emol erofschalten a soen, duerch den Ausbau vum solaren kéinst de d'Halschecht nach eng Kéier em d'Halschecht reduzéiren.

Stroumversuergung haut geet graff esou: Grondlaascht duerch Atomkraaftwierker, an Kuelen. Woubäi Kuelen natierlech eng Katastrophe as. Mettellaascht an deelweis Spetzelaascht duerch Gas, Atom, Fuel, an Späicherkraaftwierker (Veianen). Wat's de méi solar a Wand mat an d'équatioun brengs, wat's de méi fossil kanns eraushuelen. D'Kraaftwierker brauchs de zu engem gewessen Deel emmer nach, fir ze reguléiren. Mee amplaz 10 geet et da mat engem oder zwee duer.

Nuklear kanns de net wierklech lass ginn, ausser Du senkst d'Grondlaascht. Dat kriss de - limitéiert - z.B. hin, andeems de de Standby ofschaafst.

7

23.01.2009, 13:00

De Motor as eng Sach Stroum get awer och nach gebraucht fir Klima Radio Fensteren Alarm Luuten. Et as de Klient den Entscheed wat fir en Auto an der Zukunft rennen mescht

8

30.04.2010, 14:32

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

9

30.04.2010, 14:37

Den Elektroauto kënnt mëttelfristeg, ob mer dat lo gudd fannen oder net. E gëtt mat enger nach nie do gewiechter bombastescher Marketing a Promotionwell an de Maart gepusht-dat steet fest an as schons laang emgaang ze passéiren-och bei eis.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

10

30.04.2010, 14:39

Ass jo och eng vun den wéinegen EU-Initiativen, déi ech begréissen. Wann dat mam Stroum dann eppes gëtt
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

11

30.04.2010, 14:43

Dat mam Stroum as di grouss Fro! Rechnerech as et schon méiglech dat ganzt mat renewables zum laafen ze kréien-praktesch awer net sou schnell emsetzbar wéit et misst geschéien. Mee et waerte nach vill Leit staunen wéi schnell et lo do virun geet. Fir den emploi as et op allefall eng gudd Saach-elo as et unde Letzebuerger entreprisen döi chancen ze ergraïfen di sech am Moment do bidden! Ech gesin di ganz Entwecklung an deem beraïch als grouss chance-och fir onst Land sech nei ze orientéiren an sech ganz vir ze platzéiren-elo oder nie!
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

12

30.04.2010, 16:23

@Murf, déi Marketings- a Promotiounswell hunn ech dann zwar verpasst...

13

30.04.2010, 16:58

Si as nemmen gudd wanns de der ob eng Kéier en Elektroauto wells kaafen an du frees dech mol net wisou dat sou as. Ech soen: wait and see....
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

14

30.04.2010, 17:22

Si as nemmen gudd wanns de der ob eng Kéier en Elektroauto wells kaafen an du frees dech mol net wisou dat sou as. Ech soen: wait and see....

Wéisou sinn ech nach ëmmer mat méngem Q7 zefridden??? Najo, wéi de Murf seet: Uéit end siii!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

15

30.04.2010, 20:56

Si as nemmen gudd wanns de der ob eng Kéier en Elektroauto wells kaafen an du frees dech mol net wisou dat sou as. Ech soen: wait and see....


Vu dass de Senn mer momentan net no engem E-Auto steet, wierkt se dann jo wuel net.

Oder et kéint dorunner leien, dass ech keng Steckdous an der Garage hun, an E-Autoen nach schwengsesch deier sinn, an de Bensinn nach net genuch kascht, fir den E-Auto interessant ze maachen.

16

03.05.2010, 11:17

Komesch, du bas vlaït keen "opimnion leader" also net wichteg, raïch schéin a brühmt genuach an zweschenzaït weess jo all Kan datt Leit alles kaafen wat bis eng PErsoun X virgemeet huet.
Q7 an X6 dat war virun 3 Joer wanns de haut wells den Decken markéiren braus d'en Tesla Roadster-bon hei a Letzebeurg sin mer emmer bessi vill mi lues-ech hu mech well drun gewinnt. Gleewe mer ses ech sin all Daag dankbar dovir datt vill Letzebuerger sou lethargesch sin an hiert Potenziall beim Staat oder bei den Banken mat Zaïdoudschloen verballeren-dat mecht mir d'Saach net méi schwéier.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

17

10.05.2010, 12:48

Murf, deen läschten Run op greng Technologien, wat Autoen ugeet, woer wuel den Toyota Prius, an dat woer 2004/2005 'Moud'.

Kuck d'Venten vun Tesla, da gesäiss de, dass do net vill geschidd. Wat sech momentan bei de 'Räichen a Schéinen' verkeeft, sinn verkreppelt Hybriden op Basis vun S-Klasse Mercedes a sou weider.

18

13.10.2010, 07:34

Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

19

13.10.2010, 08:57

Zitat

Erennert un VHS, Betamax, Video8, asw
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

20

14.10.2010, 09:16

Änder, dorem giff ech mer keng Gedanken maachen - all E-Auto wäert sech doheem un der 230V-Steckdous mat 16A luede loossen. Hei geet et em speziell Uschless, déi méi séier kenne lueden (op Basis vun 3-Phasen/400V oder souguer nach méi), mat Ofrechnungssystemer an däergläichen.

Déi éischt E-Autoen sinn souwisou keng ausgesprachen Laangstreckeween, do ass d'Steckdous doheem genuch, fir mat der Technik an de Marché ze kommen.