Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

26.09.2008, 08:01

Déi Saach mam Gurt

Zitat

Et sollt sech jo awer mëttlerweil rëmgeschwat hunn, dass de Gurt unzeleeën keng schlecht Saach ass. Eemol well et d'Liewen rette kann an dann natierlech well d'Net-Uleeën déi iwwerflëssegst Art a Weis ass fir Punkten ze verléiren. Wéi ee Grond kann een hunn fir de Gurt net unzeleeën?

<kapprësel>
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

26.09.2008, 08:19

Änder, ech kenne Leit, déi sech d'Gurter aus klasseschen Autoen erausmontéiren, fir se net mussen unzedoen. Ech kann dat och net novollzéien, well et jo ganz kloer as, dass de Gurt emmer déi besser Iwwerliewenschancen erméiglecht.

3

26.09.2008, 08:39

Déi Leit déi den Gurt net unleeën begrënnen dat oft domat, dass sie sëch an hirer Freiheet angeëngt fillen. Ech dinn mein Gurt un, fannen awer dass dat keng Pflicht misst sin. Jiddereen soll dach kënnen mat sëngem Liëwen machen wat hiën wëllt. Et ass wéi mat den Zigretten, dem Alkohol an soss Drogen.

Wéisou kréiën mir iwerhaapt esou eppes virgeschriwwen? Een deen sein Gurt net undeet schuëd jo domat kengem aneren.

4

26.09.2008, 08:55

Een deen sein Gurt net undeet schuëd jo domat kengem aneren.

Doriwwer kann een diskutéiren. Mee wat méi Verkéiersakzidenter mat Doudegen, wat méi (nei) restriktiv Gesetzer. Doduerch gëtt dann all Mënsch "genervt" ;)
An dass de Gurt een a senger Fräiheet aschränke soll....., bon, jidderengem seng Meenung :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

5

26.09.2008, 09:08

Wéisou kréiën mir iwerhaapt esou eppes virgeschriwwen? Een deen sein Gurt net undeet schuëd jo domat kengem aneren.

Krankekeessenkäschten?

Ech fannen et do als Motosfuerer besser ouni Helm - dat suergt wéinstens fir en Stock vun Transplantatiounsorganer. Automobilisten ouni Gurt, dat get nemmen Matsch, do kann een näischt méi dermatt ufänken.

6

26.09.2008, 09:10

axa ist ein versicherungskonzern ??
Ja, auch in D --> http://www.axa.de/servlet/PB/menu/-1/index.html

Zitat

bei diesen angegebenen geschwindigkeiten solche verletzungen ????
Lauf mal ungebremst gegen eine Mauer ;)

Zitat

diese puppen sind zusammengeschraubt und nicht unbedingt neu ,haben tausend testunfälle hinter sich -die schaniere sind ausgeleiert .....
Diese Dummies sind doch ein klein wenig komplizierter aufgebaut und werden (sollten) regelmässig geprüft (werden) :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

26.09.2008, 09:12

axa ist ein versicherungskonzern ??

Ja.

Zitat

bei diesen angegebenen geschwindigkeiten solche verletzungen ????

klar wenn es ungebremst passiert !

Erstaunlich viele Leute bremsen nicht vor einem Unfall. Und die, die bremsen, waren vorher sowieso schneller.

Zitat

diese puppen sind zusammengeschraubt und nicht unbedingt neu ,haben tausend testunfälle hinter sich -die schaniere sind ausgeleiert .....

Ach, meine Scharniere fühlen sich auch manchmal ausgeleiert an :)

Dies war in erster Linie ein Publicity-Stunt, irgendwelche neuen Erkenntnisse wurden hier ja nicht gewonnen. Aber Spass hat's gemacht, und den Punkt verstärkt, dass Gurte sinnvoll sind.

8

26.09.2008, 09:14

Ech fannen et do als Motosfuerer besser ouni Helm
Nee, zitt zevill ;)

Zitat

dat suergt wéinstens fir en Stock vun Transplantatiounsorganer. Automobilisten ouni Gurt, dat get nemmen Matsch, do kann een näischt méi dermatt ufänken.
Hey, ech spende schon Blutt, dat muss duergoen (och wann se mäin Blutt wahrscheinlech direkt an den Oflaf schëdden :D )
A wann ech an d'Këscht ginn, wärten meng Organer och zu net méi vill ze gebrauchen sinn, dofier suergen ech! Vläicht nach als Hondsfudder..... mee déi friessen jo och net alles :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

9

26.09.2008, 09:20

Wéisou kréiën mir iwerhaapt esou eppes virgeschriwwen? Een deen sein Gurt net undeet schuëd jo domat kengem aneren.

Krankekeessenkäschten?

Ech fannen et do als Motosfuerer besser ouni Helm - dat suergt wéinstens fir en Stock vun Transplantatiounsorganer. Automobilisten ouni Gurt, dat get nemmen Matsch, do kann een näischt méi dermatt ufänken.

Wéisou Krankenkeesenkäschten? Mëngs du den Sarg?

10

26.09.2008, 11:01

Zitat

dat suergt wéinstens fir en Stock vun Transplantatiounsorganer. Automobilisten ouni Gurt, dat get nemmen Matsch, do kann een näischt méi dermatt ufänken.
Hey, ech spende schon Blutt, dat muss duergoen (och wann se mäin Blutt wahrscheinlech direkt an den Oflaf schëdden :D )

Ah, een vun de Staatsbeamten, déi en halwen Dag Congé kréien fir d'Bluddspenden :D

Zitat

A wann ech an d'Këscht ginn, wärten meng Organer och zu net méi vill ze gebrauchen sinn, dofier suergen ech! Vläicht nach als Hondsfudder..... mee déi friessen jo och net alles :D

Lo mol ganz am serieux: et sinn erstaunlech vill Ersatzdeeler, un déi een mol net direkt denkt, déi och bei engem ale Soff nach eppes Wäert sinn - z.B. d'Hornhaut vun den Aen asw.

Eng gudd trainéiert Liewer brengt bestemmt och eppes ;)

11

26.09.2008, 11:08

Eng gudd trainéiert Liewer brengt bestemmt och eppes

Du wärts dach net mengen, dass ech zech-dausenden Euro an den Training vu menger Liewer gestach hunn fir dass dann sou e bluddegen Ufänger um Comptoir een op déck Box maache kann. Njiet, entweder d'Liewer explodéiert zu Liefzäiten oder se geet mat an d'Këscht... oder den Uewen (wann een dat dann nach därf... Killergas an esou :D )
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

12

26.09.2008, 11:20

... oder den Uewen (wann een dat dann nach därf... Killergas an esou :D )
... wann ët zu Hamm no Karamell richt, da gët dee Moment en Diabetiker verbrannt !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

rockyfighter

unregistriert

13

29.09.2008, 19:16

Wéisou kréiën mir iwerhaapt esou eppes virgeschriwwen? Een deen sein Gurt net undeet schuëd jo domat kengem aneren.

Bass de der do wierklech secher?! Waat ass dann mat den Leit déi op den heneschten Setzer am Auto Plaatz geholl hun. Wann sou een net ugestreckt ass an et geschitt en Accident flitt sain Kierper mat voller Wucht no fir, entweder fir duerch d'Fenster...oder dem Chauffer an d'Geneck!!

Hei en klengen Clip, wéi een sech sou epes virstellen kann: http://de.youtube.com/watch?v=d87uPBXppdw&feature=related

14

29.09.2008, 19:28

Sou gesinn, huës du recht. Ech hun dat awer nëmmen op den Chauffeur bezunn, haat mech schlecht ausgedrëckt.

Henk

Schüler

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

15

03.10.2008, 08:01

De Problem vum Gurt ass, dass een e selwer muss undoen. Automatesch Systemer funktionnéieren do iergendwéi net, sinn ze komplex an huele vill Plaz. Domat wier de Problem awer vum Dësch.

Wann een den ABS, den Airbag an den ESP all Kéier misst aschalten (Ech weess, dass een ESP deemno wéi ofschalte kann), da géifen och vill Leit ouni fueren. Vergiessen, denken et wier net néideg ESP fir déi kuerz Streck ze hunn, denken, déi Systemer wiere kontraproduktiv asw. Dofir setze sech Verkéiersexperten jo och dervir an, dass esou Systemer serieméisseg an all Auto sollen dra sinn.

Wéi meng Mamm elo en neien Auto kaaft huet, huet mäi Papp mech allen Eeschtes gefrot, ob si da wierklech ESP bräich "esou, wéi sie fiert". Ech hunn einfach emol drun erënnert, dass si schonn een Auto wéinst enger Aisplack an de Fiels gesat huet. Esou ass awer d'Denkweis, ob et elo ass, well ee selwer besonnesch gutt, besonnesch virsiichteg oder besonnesch luess fiert, et fënnt een en topesche Grond, de Gurt emol grad net unzedoen. Mier huet de Gurt schonn eng Kéier d'Liewe gerett. Déi eenzeg Ausnahmen, wou ech net undinn, ass, wa mer zu dräi hannen an engem Nissan Micra sëtzen. Probéier dat emol, wann allen 3 och nach gutt geniert sinn... :rolleyes:

Greets,

Henk

16

03.10.2008, 08:21

A mengen Aën eng nawell gudd Methode fir en Bäifuerer vum Gurt z'iwwerzeegen as eng Vollbremsung - net eng Kéier kuerz vum Gas, mee bei 100 oder sou eng Kéier richteg an den Anker dass den Bremsassistent matzitt an den ABS mattackert. En onvirbereedten Bäifuerer flitt do nawell hemmungslos Richtung tableau de bord an téitscht sech d'Niesschen.

Zumindest wann se bei mir matfueren, dinn se duerno alleguer fräiwelleg de Gurt un. :)

17

03.10.2008, 09:09

@Henk,

den Airbag um Beifahrersëtz kanns du ausschalten, wéinestens op deenen 2 Autoën déi mir hun.

Wann du nämlech ë Kannersëtz (fir Pippelcher) um Beifahrersëtz fest mëchs an den Airbag gëtt ausgeléist, kann d'Kënnchen sech den Hals briëchen.

http://www.spiegel.de/auto/aktuell/0,1518,329656,00.html

Europäer

unregistriert

18

03.10.2008, 09:29

Ech haat virunn e puër Joër e schwéieren Autosaccident, mir ass ee voll an déi riets Säit gebretscht, an duerch de choc, ass mein Auto dunn frontal géint e Luuchtepoteau geflunn. Erwisenerweis, hunn de Gurt (& den Airbag) mer d'Liewe gerett, mee de choc waar esou staark, dass ech duerch de Gurt 2 Rëpper gebrach haat, an déi aaner getéitscht. En plus waar de Gurt, als Bluddergoss, um ganzen Uewerkiirper oofgezeechent.

Duerfiir, an egal wéi, am Auto nie de Gurt vergiessen ! :)

Henk

Schüler

Beiträge: 149

Wohnort: Latzbuerg

Beruf: Keen, also Fonctionnaire

  • Nachricht senden

19

03.10.2008, 10:13

@Henk,

den Airbag um Beifahrersëtz kanns du ausschalten, wéinestens op deenen 2 Autoën déi mir hun.

Wann du nämlech ë Kannersëtz (fir Pippelcher) um Beifahrersëtz fest mëchs an den Airbag gëtt ausgeléist, kann d'Kënnchen sech den Hals briëchen.

http://www.spiegel.de/auto/aktuell/0,1518,329656,00.html
Kréi keng Kanner, da brauchs de dat do net ze wëssen... :evil:

Greets,

Henk

20

03.10.2008, 10:22

Ech hun der awer. :love: :love: