Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

22.12.2010, 20:34

Plenneraktioun vum Forum, 2. Versuch

No den läschten Problemer mam Zougreff op den Forum, déi duerch en Hardwareproblem bäi eisem Hoster veruersaacht waaren (ass awer nees an der Rei) hat en Member d'Fro gestallt wou eis läscht Aktioun fir den Forum ze plenneren hänke bliwwen wier. Bon, mir kruten diermols 't Datebank net komplett eriwwer an d'Motivatioun war e beemol och net méi ESOU grouss ;)

Mee déi Nofro huet mech awer dozou bewegt mäin Gleck nach eng Kéier ze probéiren. An mat vill Hellef vum Johnny huet et des Kéier geklappt. Eng zimlech aktuell Versioun vum Forum fannt dir elo och hei: http://207.192.69.243/lfwbb/html/index.php?page=Portal

Test mol w.e.g. ob alles geet. Ech hunn kee Feeler fonnt mee et wees ee jo nie. Test ausserdeem d'Vitesse. Bedenkt awer, dass et am Ufank méi lues geet (bis ären Browser den Forum gecached huet).

Sou, gläichzäiteg stinn e puer Optiounen zur Auswiel mat wéi enger Software mir viruschaffen sollen: Woltlab, SMF oder phpbb. Den Woltlab ass jo mol schon do, den owend hunn ech d'Conversioun op SMF gemaach. Déi Versioun vum Forum fannt dir hei: http://207.192.69.243/smf1112/index.php

An den nächsten Deeg probéiren ech d'Conversioun op phpbb. Dann kennen mer testen wat eis am Bäschten gefällt. SMF an phpbb sinn gratis, Woltlab kascht nees eng Lizenz wann mer weiderhinn wellen Updaten hunn. Ech perséinlech wier mat Woltlab oder phpbb an Glecklechsten.

Also, spillt mol mat deenen 2 Versiounen an kuckt fir se ze femmen. Ech leeen meng Hand net an d'Feier, dass sämtlech Berechtegungen richteg gesat gi sinn mee déi setzen ech dann, am Fall wou, réischt op der definitiver Versioun richteg. An keng Angscht fir ze experimentéiren, nom Testen ginn déi Foren nees gelöscht an mir benotzen eng nei Installation fir eisen alen Forum eriwwer ze huelen.

Ech waarden op Feedback...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

2

24.12.2010, 17:18

D'Versioun mat phpbb ass elo och do (mäin Favorit): http://207.192.69.243/lux-forum/forum/index.php

Natierlech nach ouni eisen Header, asw...
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

3

24.12.2010, 17:48

D'Versioun mat phpbb ass elo och do (mäin Favorit): http://207.192.69.243/lux-forum/forum/index.php

Natierlech nach ouni eisen Header, asw...

Änder,

Ganz vill Zitatiounen sinn net richteg eropgeluede ginn, dat selwescht gëllt fir bal all Signaturen.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

4

24.12.2010, 17:58

Zitatiounen: dee Problem ass net sou einfach léisbar. WBB an phpbb benotzen do verschidden Formater. Kennt anschengt och deels doduerch, dass den WBB den WYSIWYG-Editor benotzt an phpbb net. Mee d'Zitater sinn mol do. no e puer Postings sinn déi al Zitater jo aus dem Senn ;)

Den Problem mat den Signaturen ass ähnlech gelagert mee méi einfach ze léisen: Den User gläicht seng Signatur nees un a schon ass den Problem aus der Welt.

Ech sinn mol schon frou, dass den Transfert iwwerhaapt méiglech war. WBB ass net sou verbreet an dofier sinn net vill Konvertéirungsmoduler ze fannen. Ass och een vun den Grenn firwat ech léiwer mat enger oppener Software géing virunfueren.

Ass keng perfekt Léisung mee méi hunn ech net unzebidden :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

5

24.12.2010, 18:10

Ass keng perfekt Léisung mee méi hunn ech net unzebidden :)

Änder,

Dat ass schon ok, du hues jo ganz Recht, ech wollt just schreiwen, wat mir beim Testen opgefall ass.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

6

16.12.2011, 12:41

An den nächsten Deeg wärt den Forum fir e puer Stonnen ausgeschalt sinn. Mir plenneren endlech op en aneren Server (Merci Johnny).

Nodeems den Forum ausgeschalt ginn ass gett eng Kopie gemaach an op den aneren Server opgespillt. Do gett den Forum nees ageschalt. Bis dass déi nei DNS-Astellungen sech verbreet hunn kritt der nach deen alen, ausgeschalten Forum ugewisen. Duerno automatesch deen neien.

Wa mer den genauen Zäitpunkt wessen, kritt der Bescheed.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

7

16.12.2011, 17:46

Et gesäit no Méinden, 12 Auer aus, wann root.lu dat dann esou mecht wéi se gesot kruten.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

16.12.2011, 18:38

Graff gesot geschitt e Méindeg dat heiten:

Géint halwer 12 get de Forum desaktivéiert. Dorobberhin get den aktuelle Status kopéiert an op en neie Server gesat.

Um 12 Auer get dann am DNS (d'Telefonsbuch vum Internet) den Numm 'http://lux-forum.lu' op deen neie Server gesat.

Em des Zäit wäert d'Kopie vum Forum och um neie Server sinn, and get dann aktivéiert.

Well d'Telefonsbuch DNS lo awer vun deene meeschten Internetprovideren nemmen all puer Stonnen aktualiséiert get, kann et je nodeems bis deen Dag drop daueren, bis 'http://lux-forum.lu' op deen neie Server weist. Dir erkennt dat dorunner, dass op deem ale Server de Forum désaktivéiert ass, um neien wäert en aktivéiert sinn.

Fir déi ganz ongedelleg get de Forum temporär och op 'http://lux-forum.make.lu' zur Verfügung gestallt. Wann äere Provider also liddreg ass, kommt Dir awer op de Forum.

Fir Froen, oder bei Problemer zu der Geschicht sinn ech ennert 'johnny@make.lu' erreechbar.

Niewebäi, ech hun momentan Administratiounsrechter um Forum - dat ass spezifesch fir d'Plenneren an get duerno och erem ausgeschalt.

9

16.12.2011, 22:07

Plënneraktioun

Dir 2 (Änder & Johnny) schengt daat jo wierklech professionell ze meeschteren.
All meng Felicitatiounen !
Dir kéint jo baal ë Buch driwer schreiwen,
mam Titel " Wie plündere ich ein Forum "
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

10

16.12.2011, 22:30

Merci fir d'Blummen mee dem Johnny gehéiren des Kéier d'Lorbeeren. Hien huet dat Technescht gemaach, ech hat net vill domat ze doen.

Den groussen Virdeel vun der Aktioun läit op der Hand: wesentlech manner Käschten an mir sinn selwer Här an Meeschter vum Server, sinn also onofhängeg vun engem Hoster. Ausfäll därften net méi virkommen, d'Vitesse sollt och klammen an Backups sinn garantéiert. Mir plenneren op dem Johnny säin Server bäi Linode.com , a well ech selwer och do sinn kann ech behaapten: do ass Geschéck. A fir den Präis vum aktuellen Hosting kritt een bäi hinnen e ganzen Server ob deem eng etlech Siten kennen lafen.

En aneren Virdeel, deen eis zwar lo manner betrefft: en Server an den USA kann vun hei aus net sou einfach monddout gemaach ginn, ausser et treppelt een den Amien vläicht op d'Féiss ;-)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

11

19.12.2011, 08:32

Ech perséinlech wier mat Woltlab oder phpbb an Glecklechsten.
Ech fannen dat WoltLab (och wann d'Soft eng Lizenz kaascht... esou deier ass se awer nit) eng ganz stabil Saach ass, den Support an hierem Forum fannen ech selwer exellent...
Den Plugin-Store ass och eng Klasse Leschtung vun WoltLab...
Bleiwt bei WoltLab! (Nee, ech kreien keng Prozenter do!)

Als Hoster kann ech perseinlech letzebuerg.net mat guddem Gewessen empfehlen (ech sin schons sait 2008 bei hinnen), een vun den Admin'en ass e ganz gudden Bekannten vum mir, den Support ass tadellos an d'Prais'er brauchen sech och nit ze verstoppen!! (meng 2 Cent)

Anarore
Anarore

12

19.12.2011, 09:01

Géint en eegenen Server kann en Hoster net usténken. Schon guer net wanns de fir den Präis vun engem banalen Hosting en ganzen Server kriss.

Wien sech awer net souwäit an d'Informatik eraknéien wëll, fir deen ass den Hosting natierlech déi klassesch Léisung.

Wat den Woltlab ugeet: Software ass effektiv net schlecht mee ech hunn einfach eng Oder fir fräi Software ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

13

19.12.2011, 09:42

Géint en eegenen Server kann en Hoster net usténken. Schon guer net wanns de fir den Präis vun engem banalen Hosting en ganzen Server kriss.
Korrekt, mais bei hinnen gin et och Server'en, just dat ech do (nach) nit genuch am Suedel setzen. An och mam banalen Hosting, kann een schons wait kommen ;)
Wien sech awer net souwäit an d'Informatik eraknéien wëll, fir deen ass den Hosting natierlech déi klassesch Léisung.
Ass emmer d'Fro, ob an weivill een sech investeiert, eben eng perseinlech Geschicht...
Wat den Woltlab ugeet: Software ass effektiv net schlecht mee ech hunn einfach eng Oder fir fräi Software ;)
Am Prinzip sin ech och "offener" sin Open- a Free- Software, mais huet och seng Nodeeler (doriwwer keinten mer elo stonnenlaang discuteieren...) Ennert dem Strech, ass een emmer un Irgendeen gebonnen ausser et schreift een sech seng "Doleance'en" selwer, mais dat heescht erem Invest ;(

Ech sin ganz zouzversiichtlech, dat d'Lux-Forum.lu-Team sech schons fir dat wärt entscheeden, wat hinnen eben am beschten lait, fir d'User heescht et dann just "à prendre ou à laisser" :P

Vill Spass an Erfolleg beim Plenneren, ech drecken d'Daumen :thumbup:

btw: Ewei hues de d'Testmigratioun vun WoltLab ob smf gemeet?? (ech sin ze faul fir ze googeln, gin et eierlech zou :rolleyes: ) Geif mech interesseieren, wann sech bei mir d'Fro eng Keier geif stellen (mat phpBB wor ech nit esou wärm gin)

Anarore
Anarore

14

19.12.2011, 09:58

migratioun: do ginn et converteren, déi dat quasi vollautomatesch maachen. kuck mol bäi smf
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

15

19.12.2011, 11:33

Anarore, letzebuerg.net hun ech nach net kannt, interessant ze wessen.

Wat hier VPS-Offeren ugeet, wéisst ech allerdengs net, ob ech do wéilt ubäissen.... wien elo nach engem neie Client en Debian Lenny oder Etch offréiert, kemmert sech ganz kloer net vill em déi Offer. Ausserdem sinn ech, wat Virtualisatioun ugeet, kee Frend vun OpenVZ. Et huet seng Virdeeler an Nodeeler, mee wann ech en virtuelle Server well bei engem Provider kafen, giff ech et net wellen.

Sou, Jongen, lo plennere mer....

16

19.12.2011, 12:34

... a mir sinn fierdeg geplennert.

17

19.12.2011, 16:34

migratioun: do ginn et converteren, déi dat quasi vollautomatesch maachen. kuck mol bäi smf
Wärt ech mier emol bei Gelegenheet (wann Congé ass) mei genau ukucken! Wost niet, dat smf endlech e stabilen Converter hät - alles wat ech bis dohin (aus Spaas un der Saach) probeiert hat, wor nach unstable an dementspriechend nit 100% ze gebrauchen. Dat eenzegt, wat mech steiert, ass den Fakt, dat dei 2 Systemer op dem selwechten Server leien mussen. Ok kann een emgoen, dat (no der Migratioun) e Backup gemeet göt, dann eng Neiinstallatioun (op dem Serevr, wou een den neien System eben well hun, an dann den Backup erem agespillt! (Wann ech Zait hun, probeieren ech et eng Keier aus!)
Wat hier VPS-Offeren ugeet, wéisst ech allerdengs net, ob ech do wéilt ubäissen.... wien elo nach engem neie Client en Debian Lenny oder Etch offréiert, kemmert sech ganz kloer net vill em déi Offer. Ausserdem sinn ech, wat Virtualisatioun ugeet, kee Frend vun OpenVZ. Et huet seng Virdeeler an Nodeeler, mee wann ech en virtuelle Server well bei engem Provider kafen, giff ech et net wellen.
Ewei gesot, ech benotzen (am Moment) nemmen Hosting, fir meng Usprech geht dat (am Moment) duer...

... a mir sinn fierdeg geplennert.
Schingt jo Alles geklappt ze hun :thumbsup:
RESPEKT fir Är Ärbecht :thumbsup: :thumbup: :thumbsup: :thumbup: :thumbsup:
Anarore

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »Anarore« (19.12.2011, 16:40)

18

19.12.2011, 16:57

... a mir sinn fierdeg geplennert.
Schingt jo Alles geklappt ze hun :thumbsup:
RESPEKT fir Är Ärbecht :thumbsup: :thumbup: :thumbsup: :thumbup: :thumbsup:

Mer haten dat eng Kéier geprouft, dofir ass et gudd gaangen ;)

Soulues ass den change am DNS och duerch, bei mir geet d'Adresse http://lux-forum.lu erem...

19

19.12.2011, 20:54

un d'Plënnermänner

Super Aarbecht. Merci am Numm vun all de Useren !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

20

20.12.2011, 17:55

"Portal"-Knapp

Super Aarbecht. Merci am Numm vun all de Useren !

An der ënneschter Reih vun engem Post gouf ët ëmmer, niëwend "Zitieren" ë praktesche Knapp "Portal".
Kann een deen nach dobäisetzen ? Merci !