Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

Maranello_M

Administrator

  • »Maranello_M« ist der Autor dieses Themas

Beiträge: 209

Wohnort: Esch-sur-Alzette

  • Nachricht senden

1

25.03.2010, 12:07

Themen hei am Forum...

Salut,

ech hun eng kleng Bitte un Ierch:

Ass et meigelech dass dir wann dir nei Themen hudd, wegl. een neien "Thema" opmaacht :-)

1) Geseit een dann wann een epes nosicht, direkt wou een drun ass ...
2) Motiveiert et duerch dei mei einfach Struktur vieleicht Leit dei mis Dato just Liesen och mat ze schreiwen!

Unsech kann een 95% vun dem waat hei geschwart geht soss einfach an Rubrique "waat alles net am Wort steht" eran schreiwen ;-)


Merciiii am Virraus

Laurent
Eine eigene Meinung ist ein Luxus, den sich nicht viele Menschen leisten. (Alfred Polgar, österr. Schriftsteller u. Kritiker, 1873-1955)

2

25.03.2010, 20:49

RE: Themen hei am Forum...

Unsech kann een 95% vun dem waat hei geschwart geht soss einfach an Rubrique "waat alles net am Wort steht" eran schreiwen
.. Salut Laurent,
Am Prinzip hues de scho recht fir ze soen, dass d'Formuléierung vun der Rubrik "alles waat nët am Wort steht" nët ganz glecklech ass. Mir ass awer soss näischt besseres agefall !
Ech hun daat Thema virun ronn engem Joer hei opgemaach mat folgender Bëgrënnung :

Zitat von »mJang«

Dienstag, 5. Mai 2009, 22:46
Themen déi nët am WORT stinn ! Ech wollt eng nei Rubrik opmaachen déi ët erméigleche soll, Themen ze behandlen, déi besonnesch zu L, aus mangelndem Verständnis fir Begrëffer wéi Pressefräiheet, Meenungsfräiheet an Objektivitéit bei der Berichterstaatung ,ze kuerz kommen.
Déi Themen aus däer virun allem beim d'WORT an awer och an aaner ideologesch oder politesch gefierfte Medien bewosst ënnerschloe gin, sin nët zulescht d'Resultat vun enger skandaléiser Pressebestiecheung vun seiten der Regierung ! (ech maachen op mäi kierzlech hei gepostete Beitrag opmierksam iwer déi gréisste Mediebestiechung vum ganze Globus, hei zu L)
Nëmmen fortschrëttlech gësënnte a finanziell guddsituéiert Leit können däer vum bëschoflechen an CSV gesponserten WORTimperium absichtlecher Désinformatioun duerch Gebrauch vun den neie Medien wéi Internet, asw. entgéigewierken.
Awer waat ass mat deene Bierger déi wéint Alter, Aarmut, ongenügender Bildung, den Zougang zu deene neie Medien verschloss bleiwt ????
Déi mussen sech wuel oder iwel mat de Wort-Ligen a bewosst lückenhafte Berichter zefridde gin ! Ass daat de Fortschrëtt an onsem 21 Joerhonnert !
Hei en Artikel deen der nie am WORT wärt liesen !
Wann dir esou ähnlech Artikelen hud... dann heihin domatt, an ënner dëser Rubrik posten !!
D'Wortredakteuren können nëmmen dobäi léieren !

an ët stellt sech opgrond vun de weltwäite Skandaler vun der Kierch ëmmer méi eraus,
dass daat waat ech deemools behaapt hun sech ëmmer méi bewahrheitet.
Mir liewen schliesslech am 21ten Joerhonnert an däer krimineller Heuchelei vun der Kierch muss endlech ë Riegel virgeschobe gin !
Ech empfannen ët nëmmen als traureg, dass mer an onsem ësou frommen Marienland esou eng Rubrik an onsem Forum iwerhaapt brauchen
an ët ass schlëmm, dass an däer Rubrik ëmmer méi Themen opgeworf gin, déi d'Wort bewosst ignoréiert,
nom Prinzip " waat nët däerf sin, ass nët am Marienland " ...............
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

3

10.04.2010, 16:19

Wat ass nëmme lass mat iech alleguerten ????

Gëschter gouf bal ganz Lëtzebuerg vun enger Stéckstoffdioxidwolléck vernicht, an iech schéngt dat alles kal ze loossen. Just den mJANG huet dozou ee kuerze Kommentar ofginn, awer et war him schon zevill, fir nach ee laange vernichtende Kommentar iwwer de JCJ ofzeginn, oder zumindest d'Méritten vun de Staatsbeamten ervierzesträichen. An haut fällt 3 Véirels vun der politescher Elite aus Polen a Westrussland an ee Bësch a geet an di éiweg Juegdgrënn an, a keen fënnt et der Wärt, och nëmmen ee Wuert hei ze schreiwen.

Huet dat wierklech nëmmen mat der Fréijorsmiddegkeet ze dinn ? ?( ;)
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

4

10.04.2010, 17:45

Wat ass nëmme lass mat iech alleguerten ????

Gëschter gouf bal ganz Lëtzebuerg vun enger Stéckstoffdioxidwolléck vernicht, an iech schéngt dat alles kal ze loossen. Just den mJANG huet dozou ee kuerze Kommentar ofginn, awer et war him schon zevill, fir nach ee laange vernichtende Kommentar iwwer de JCJ ofzeginn, oder zumindest d'Méritten vun de Staatsbeamten ervierzesträichen. An haut fällt 3 Véirels vun der politescher Elite aus Polen a Westrussland an ee Bësch a geet an di éiweg Juegdgrënn an, a keen fënnt et der Wärt, och nëmmen ee Wuert hei ze schreiwen.
Huet dat wierklech nëmmen mat der Fréijorsmiddegkeet ze dinn ? ?( ;)
.... dass dee Fliiger mat e puer héige polnesche Politiker erooffällt ass nun eemool eng Fatalitéit wou ët kee Sënn mecht, daat laang an engem Forum ze kommentéieren.
Wann awer ons Verwaltung vun der Protectioun vun de Bierger näischt daagt, dann ass daat keng Fatalitéit, sondern eenzeg an alleng d'Wierk vum Juncker deen ët offensichtlech als en Horror ëmpfënd, héier Beamten am techneschen Dengscht mat däer richteger Ausbildung a Qualifikatioun op deene richtege Plaatzen anzestellen !
...........
P.S. Ech wëll awer bei dëser Geleegenheet emool eng Kéier kloer stellen, dass ech nët, wéi schon e puer Memberen ët hei ugeholl hunn,
d'Opfer vum Junker senger egozentrescher Personalpolitik beim Staat sin oder war.
Ganz am Géigendeel, ech ka mech dorann wierklech nët bekloen !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

FlashBack

unregistriert

5

11.04.2010, 10:22

Wat ass nëmme lass mat iech alleguerten ????

Gëschter gouf bal ganz Lëtzebuerg vun enger Stéckstoffdioxidwolléck vernicht, an iech schéngt dat alles kal ze loossen. Just den mJANG huet dozou ee kuerze Kommentar ofginn, awer et war him schon zevill, fir nach ee laange vernichtende Kommentar iwwer de JCJ ofzeginn, oder zumindest d'Méritten vun de Staatsbeamten ervierzesträichen. An haut fällt 3 Véirels vun der politescher Elite aus Polen a Westrussland an ee Bësch a geet an di éiweg Juegdgrënn an, a keen fënnt et der Wärt, och nëmmen ee Wuert hei ze schreiwen.

Huet dat wierklech nëmmen mat der Fréijorsmiddegkeet ze dinn ? ?( ;)


Daat ass bestemmt wéint dem schéinen Wieder :)

6

11.04.2010, 14:14


Daat ass bestemmt wéint dem schéinen Wieder :)


Genau

(Helm schon am Grapp, ech sinn elo fort...)