Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

30.05.2009, 10:32

2 mol [LUX] [FOURM]

Salut Letzebuerg!


Wirwaat geet et eigentlech 2x Lux forum?
www.luxforum.lu
www.lux-forum.lu

Ech mengen dat ass dach schon bessen verwiirend fir den User deen gaeren an engem Letzebuerger Forum aktiv ass.

Mir ass och schon opgefall dass wirklech weinesch Traffic bzw. Memberen an dessen Foren ass vis-a-vis vun aneren Forumen wou et souguer nemmen em een spezifeschen Thema get. Ech mengen sou kleng ass Ländchen jo awer rem net. Un wat waert dat wuehl leihen. Ass et vielleicht net bekannt? Dat waer eng Meiglechkeet, well vill Leit dei ech gefroot hun, kennen desen Forum mol net. Ass et och vielleicht well et der direkt 2 fach dovunner geet? Ass et vielleicht well vill Leit net gudd Letzebuergesch schreiwen kennen. (sou wei ech ;) )
... Ween wess.
Waer et dann net meiglech dass dei 2 Foren fusioneieren geifen zu engem quasi echten “Forum Letzebuerg”, sowuel als Internetseit wei och Admins an Moderatoren. Waer dat iwerhaapt technesch meiglech dei ganzen Threads, Struktur an Posts an enger Seit ze kombineieren?

Dat geiw menger Meenung no direkt den Forum vergreisseren an mei Succes => Traffic => Sponsoren brengen. Eppes firwat een souwiesou mei Admins an Mods brauch.

Menger Meenung no können 2 mol “den gleichen Forum” op langer sicht neischt gin. Zumindest een vun denen 2 waert vis-a-vis vun dem anderen enner goen...
Dat sou bessen wei een Formatkrich: VHS vs. Betamax oder DVD vs. Laserdisc oder aktuell Blu-ray vs. HD-DVD.

Wat haalt dir vun der Meenung oder wei gesid dir dei momentan Koexistenz?



Hei kann een switchen:

http://www.luxforum.lu/index.php?page=Thread&threadID=3078

(Sorry fir meng Rechtschreiwung. Ech hun Letzebuergesch schreiwen nie an der Schoul geleiert...)

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »KaneLux« (30.05.2009, 10:45)


2

31.05.2009, 09:27

Man man man, déi Diskussioun kennt emmer nees op. Also nach eng Kéier:

KEE VUN DEN FORENADMINISTRATOREN ASS UN ENGER FUSIOUN INTERESSÉIERT! Déi 2 Foren hunn 2 verschidden Zielgruppen.


Ech fueren ganz kollegial mat deem aneren Forum, net méi, net manner
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

31.05.2009, 09:55

@ kanelux

op verschidden sponsoren amused wieren iwert verschidden themen die hei ungeschwaat gin, ech mengen net... ;)

ech hunnn mech elo emol en bessen angelies op dem ouni strech forum, an gesinn datt themen zimmlech verschidden sinn

waat den formatkrich VHS vs. Betamax ungeet haas de den video 2000 vergiess ;) dest wor den beschten system

den qualitativ mei schlechten VHS standard huet "gewonnen" an die 2 aaner technesch besser systemer konnten sech net durchsetzen. ;)

ech gesinn die 2 foren net onbedengt an konkurenz stoen....et gett jo och nach aaner foren wie sokrates.lu, die och erem eng aaner zielgrupp huet

den facebook as navell och fir vill useren interessant......

greets
cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

4

31.05.2009, 10:16

Ech hun et vielleicht nach net geliess/gemierkt, mais wat sin dei 2 verschiede Interessegruppen bzw. Zielgruppen?

5

31.05.2009, 10:26

Mir sinn hei éischter politesch orientéiert, bäi den Noperen gett ee gewuer wien grad wéi eng Musék lauschtert :D
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

6

31.05.2009, 12:47

Ma daat hun ech gemierkt wei ech den Begreff Luxforum bei Youtube anginn hun. ;)

http://www.youtube.com/watch?v=XNl8PgKgt2I

:D



www.luxforum.lu

www.sokrates.lu/forum/

www.lux-forum.lu



Sou wei ech daat gesinn sin dat also dei bekannsten allgemeng Foren hei zu Letzebuerg? Ech fannen op deen eischten Bleck gleichen sech Foren awer schon bessen...

Naja muss een sech eben fir dei 3 een Account erstellen...

7

31.05.2009, 13:19

Ënnerscheeder tëschen deenen 3 Foren

... Schwéierpunkt : Spiller, Musik, Computer etc.(vorwiegend ganz jonk Memberen)

Zitat

... Schwéierpunkt : Philosephesch Themen, Relioun, éthësch a sozietal Froen etc.

Zitat

... Schwéierpunkt : Politik (Welt,Europa a L), Kierch a Staat, Skandaler am Land, Finanzkris etc., an hei an do och ëmool ë Witz !!!!
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

8

31.05.2009, 13:30

Ech hunn virun iwwer engem Joer e puer Wochen am luxforum geschriwwen (och ënnert dem Numm Jempi). All Kéier, wann ech ee brisant politescht Thema ugeschwat hunn, huet entweeder guer keen dorop reagéiert oder een Admin huet mir frëndlech ze verstoe ginn, dass dat Thema net erwënscht wir.

Du hunn ech et si gelooss. An dobäi bleiwt et. Déi Kanner solle mat hiren Autoen an Computerspiller glécklech ginn, duerfir brauchen si mech net.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

9

31.05.2009, 13:35

@mIJANG

Merci fir den wirklech gud zesummenfassend Äntwert. Lo wees ech op wat ech mech anstellen muss.

Dieser Beitrag wurde bereits 1 mal editiert, zuletzt von »KaneLux« (12.04.2011, 22:49)


10

31.05.2009, 13:44

bäi den Noperen gett ee gewuer wien grad wéi eng Musék lauschtert :D
:D :thumbsup:

11

28.03.2011, 08:30

hu gelies dass den aneren Luxforum zou mescht.
Änder kenns jo vleit nach drop hiweisen dass desen nach fonktioneiert
Vleit as den en oder aneren interesseiert an e wees et mol net :D

12

28.03.2011, 09:01

Ech hat schon dezent drop higewisen.

Mee et muss een der Wourecht an d'Aan kucken: Foren sinn um stierwen, hei ass dach och net méi souvill lass.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

13

28.03.2011, 12:18

Richteg! D'Foren sin um stiewen. Solle mer se dann stiewen loossen? Erwënscht as eben just nach Fastfodd a Soft-Communicatioun-politeschen Discours oder ktitesch Menungen sin nët gewënscht-weder vun Internauten a nach vill manner vun de politeschen Klassen (ëch erënneren un wort.lu). Ech sin der Meenung wann Foren zouman well manner Leit schreiwen waert et eis iergendwann leed doën dat mer eis Kommunikatiounsschinnen och nach selwer beschneiden-wu se jo schon vun offizieller Saït staark konztrolléiert a reduzéiert gin. De fraïen Internet war emol a mir sollten profitéiren sou laang mer nach daerfen....
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

14

28.03.2011, 15:21

Murf,

du renns bäi mir oppen Diiren an, an hei wärten d'Luuchten och net ausgoen mee dass emmer manner Leit hier Meenung schreiwen ass numol leider eng Tatsaach. Wanns de eng Iddi hues eppes dogéint ze ennerhuelen sinn ech den Éischten deen der nolauschtert.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

15

29.03.2011, 11:51

Ech wéilt ech hätt eng Léisung zu deem Problem mee et as wuel méi ee Gesellschaftlecheh Phänomen, an der Schoul gëtt nët mi op kritesch denken an Widderleen hin erzunn mee wéi een sëch am beschten an de Schema afügt. Iwwerall gëtt et virgefaerdegt Informatioun a Glawensschemen-een deen eng aaner Meenung huet huet se dach net mi all. Wat se um Radio, um Fernseh an op Twitter soën stëmmt an as wichteg. Di meescht di no eis kënnen wëssen nët mol méi wou d'Quellen sin fir onofhängeg, bedeitungsvoll a wiirklech wichteg Informatioun hirzekréeien. An ech faerten leider kann ee Forum do nët vill ausriichten-dovir as en nët ccol genuch. Haut muss dat zack-zack goën, beim Forum muss ee jo ëmmer sou laang op seng Aentwert weardden-da froën ech dach léiwer de Spacko-Bot op Facebook em Root, dat geet vill mi schnell....*ironieflash*
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

16

29.03.2011, 14:28

Richteg! De fraïen Internet war emol a mir sollten profitéiren sou laang mer nach daerfen....

Murf, ech geif esouguer behaapten, d'Fro ass niet, ob mer et därfen, mais op mer dat wöllen! Duerch d'Oprechthalen vum fraien Gedanken am Internet an an der Gesellschaft, droen mer niet douzou bai, dat eng Diskussiounskultur bestoen bleiwt? Vlait verlagert se sech an aner Medien, mais ass dat niet och eng Entweckelung vum Internet? Ob dat schlecht oder gudd ass, dat muss jidwereen fir sech selwer decideieren an dann deen Medium notzen, deen him eben dann am beschten lait!

Du hues wort ernimmt, mais rtl ass och niet besser! Populismus schingt erem an d'Moud ze kommen! Vun der redaktioneller Qualiteit schwätzen ech wat letzebuergesch Medien am allgemengen betrefft schons laang niet mei! Dei eenzeg Artikelen, dei am Wort journalistesch eppes daachen, sin dei Artikelen, dei d'wort vun aneren Presseagencen iwerhöllt, an niet selwer schreift! Wann schons op den privaten Reporter muss zereckgegraff gin, fir seng Internetsait irgendwei populaire ze maachen, dann sollt een sech emol Gedanken iwert d'Ursaachen maachen an niet dat als grouss Nouveauteit verkaafen!

Wat se um Radio, um Fernseh an op Twitter soën stëmmt an as wichteg. Di meescht di no eis kënnen wëssen nët mol méi wou d'Quellen sin fir onofhängeg, bedeitungsvoll a wiirklech wichteg Informatioun hirzekréeien. An ech faerten leider kann ee Forum do nët vill ausriichten-dovir as en nët ccol genuch. Haut muss dat zack-zack goën, beim Forum muss ee jo ëmmer sou laang op seng Aentwert weardden-da froën ech dach léiwer de Spacko-Bot op Facebook em Root, dat geet vill mi schnell....*ironieflash*


Och wann ee Forum nemmen eng kleng Gemeinschaft huet, ass fir mech d'Ziel schons mei no kom: dat Useren hier Meenungen austauschen - egal weivill et der sin! An wann e Forum "stierwt", dann sollen d'Useren sech mat hierer eegener Nues huelen!
Och e Forum kann zack-zack laafen, muss dat awer niet! Ech hun leiwer e bessi op eng Äntwert musse ze wärden, wou sech em d'Äntwert e bessi Gedanken virum Posten gemeet gouf, ewei iwer Zwitter&Co e Gehierfuerz ze liesen, den dann op 140 Zeechen beschränkt ass, an doweinster jo och keng proper Diskussioun an Meenungsausstauch bidd!

Och wann ech nach nei hei sin, soen ech einfach emol an d'Ron hei eran: E Forum liewt fir an weinst sengen User! Kloer, et kann een jo och niet zu all Thematik eppes beidroen an et gin vill Themen, wou ech nemmen matliesen! Wann ech mengen, mech an d'Diskussioun eranzebregen, dann maachen ech dat dann och. Mais et geet mier esou ewei all de Lait, och main Daag huet nemmen 24 Stonnen an do ass Twitter vlait "mei schnell" fir main Message un d'Lait ze brengen! Mais ass et dat, wat ech wöll?

Ech sin a puer Foren ennerwee, an heiansdo deet ech mech riichteg :puke: wann ech liesen muss, dat een eng Fro stellt, an dann als Äntwert kritt dat hien Google bemeien soll! Ech sin der Meenung, dat dei Lait mat esou Äntwerten, den Senn vun engem Forum niet ganz verstaanen hun! (Jo, et gin och Ausnahmen... wou e User emmer nemmen freet a freet, mais selwer soss naischt beidreit, dat deen dann eng Googleäntwert kritt kann ech schons verstoen...)

P.S. An Nee, ech twitteren niet!
Anarore

17

29.03.2011, 16:12

@Anaroere: als éischt mol all Respekt fir deng Emfang- a Gedankeraïch Aentwert-esou eppes as ee jo guer nët mi gewinnt. An der Regel beschränken sëch d'Aenwerten op den letzebuerger Foren oder eben och ob Eeschläg bekannten Kommentarsaïten op eesilbeg Ufeindungen.
Wort, RTL, jo ech wollt se halt nët all opzielen; woubaï de Soziokulturellen op manst wat Kommentaren ugeet heiensdo gudd gepeffert as-do hu Verschiddener nach Eer an der Box. Soss as et awer wis du sees, di meescht vun onsen Medien maaqn sech sou mann aarbecht wi néideg, sief dat well se wëssen dat de Public sëch mat sou wéineg zefridden gëtt, sief et well se wëssen dat se wann se Saachen soën oder schreiwen di bestëmmten Acteuren nët passen beschtefalls zenséiert gin a schlemmstefalls eng op den Deckel kréien.
Et as allgemeng bedauerlewch datt esou vill Ex-Froen-User op Blogs ausweichen, eben well et der souvill gin, se total diffus verdeetl sin an et nët einfach ee Blog gëtt wi et sos Foren gouf deen grouss Massen u Leit versammelt (wi soss wort.lu) an doduerch awer wéinstens eng bestëmmten Notoriétéit huet. Zesummefaassend kéint ee soën datt wichteg Informatioun di onser aller Liewen beaflossen kann esou an der Mass vun der Informatioun ennergeet an di meeschten Leit nët d'outil'en hun fir dat utile'd rauszefilteren.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann

18

29.03.2011, 16:45

woubaï de Soziokulturellen op manst wat Kommentaren ugeet heiensdo gudd gepeffert as-do hu Verschiddener nach Eer an der Box.

Ganz zefridden sich ech och perseinlech nach mat dem Soziokulturellen sengen Norrichtensendungen an dem rechercheiertem Hannergrond! Soss hun se och ganz gudd Reportagen, eppes wat ech op denen aneren Radiosenderen vermessen!
Mais leider mescht rtl&Co eben den Mainstream... Et lait an der Logik, dat nach emmer d'Medien d'Meenung vun der Allgemengheet steieren! Fir mech stellen alternatif Plattformen ewei Foren, Blogs, asw een Geigenpendant zu deem, wat ons schon färdeg gekacht an geknaat zerveiert göt!

als éischt mol all Respekt fir deng Emfang- a Gedankeraïch Aentwert-esou eppes as ee jo guer nët mi gewinnt

Merci fir dain Luew!!
Anarore

19

06.04.2011, 09:50

Lux Luxus scheint net net mei gefrot ze sin zu Letzebuerg.
No 12 Joer mecht och elo de Luxusbuerg sein Dir zou

20

06.04.2011, 11:54

Kee Wonner, dat war jo en eenzecht Trauerspill saït de di cams do haaten. Ech sin eigentlëch domat opgewues, et war jo ee Site vun der éischter Stonn souzesoën, mee saït e puer Joër hun ech mech do ewech gehaal; et wosst ee nët mi sou genne op dat elo Chatroom, Pädophilentreff oder eng Pornosaït woar,....
Ausserdem gëtt et jo schon saït éiwegkeeten msn an aaner verglaïchber, besser Servicer-do war eben kee Maart méi vir Luxusbuerg.
Stumpf ist Trumpf!
-Dendemann