Sie sind nicht angemeldet.

Fro Eng Fro

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

09.01.2009, 10:45

Eng Fro

Wat ass dat hei dann fir eng Browserkennung?

Zitat

libwww-perl/5.79
Normalerweis gesäit sou eppes esou aus:

Zitat

Mozilla/5.0 (Windows; U; Windows NT 5.1; en-US; rv:1.9.0.5) Gecko/2008120122 Firefox/3.0.5
?(
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Mysteri

unregistriert

2

09.01.2009, 10:50

Wann ech e Programm schreiwen dee sech op eng URL verbënd, kan ech do och selwer uginn wéi e sech identifizéiert. Hei huet een eng fäerdeg Librarie geholl fir sech ze verbannen mat souengem Programm, an dat do ass den Numm vun der lib :)

3

09.01.2009, 10:51

Wat kéint dat dann fir e Programm sinn? Hautesdags muss een jo mol direkt mësstrauesch sinn ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

4

09.01.2009, 10:56

Wat kéint dat dann fir e Programm sinn? Hautesdags muss een jo mol direkt mësstrauesch sinn ;)

Änder,

Ech war jorelaang an ménger aler Boîte IT Security Manager. Obschon ech elo net méi voll an der Matière dra sinn, schellen bei mir d'Alarmklacken!
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

5

09.01.2009, 10:59

Dofir hunn ech den Mysteri jo gefrot, hien kennt sech mat esou Tricken wahrscheinlech och aus. Mir fällt nämlech lo kee Proggy an ausser engem Browser, deen Zougrëff op e Forum brauch. Zumindest keen mat sou enger Kennung :huh:
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Mysteri

unregistriert

6

09.01.2009, 11:02

Also et kéint z.B. eng eegen programméiert Suchmaschinn sinn, ech hunn och mussen ähnleches maachen fir Uni/FH an hu mech net drem gekëmmert wéi dat ugewise ginn ass op deene Säiten déi ech besicht hunn. Allerdengs huet den Jempi och Recht, am Aa sollt een dat behalen well kann och e Bot sinn deen testen geet Accounts ze knacken oder Sécherheetslächer ze fannen an all därs Gespills.

7

09.01.2009, 11:15

Wann en sech nach eng Kéier weist gëtt d'Ip gespaart obwuel dat jo och keng definitiv Sécherheet gëtt.

Gutt, dass den Johnny deeglech Backuppen mëcht - im Falle eines Falles ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

09.01.2009, 11:37

Änder, mäi Bäschten - weess de nach, wéi mer dat mam Backup opgesat hun, wou ech der erkläert hun, dass ech automatiséiert all Dag eng Säit opruffen, déi en Dump vum SQL mecht?

A wann ech Saachen automatiséiert maachen, da bestemmt net mam Firefox :)

9

09.01.2009, 11:47

?(
Wourop wëlls de eraus? Ech kommen lo net sou richteg mat

Mengs de et wier eng Attack? De Jempi huet sech informéiert a krut och Undeitungen an déi Richtung (zumindest wier et méiglech) :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Mysteri

unregistriert

11

09.01.2009, 12:00

Den johnny wëll domat soen dass heen z.B. och soueppes geschriwwen huet wat sech net als Browser identifizéiert, vläicht suguer dass dat hei säi Programm war, mee dat kann lo just hien bestätegen :)

12

09.01.2009, 12:02

Änder - ech sin dat, mam Backup. Wanns de dee blockéierst, da woer et et mam gebackups :)

13

09.01.2009, 12:18

Ma gutt, dass mer dat geklärt hunn :D
So engem sou eppes dach ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

14

09.01.2009, 12:19

Ok, allgemeng Entwarnung ..... tuuuuuuut ( eng Minutt laang).
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

15

09.01.2009, 12:35

Woer jo nie eng Gefoer :)

Just als Info, fir déi, déi sou Saachen interesséieren. D'Kennung vum Browser as eng Informatioun, déi de Browser sou matliwwert, wéi en well. Wien libperl matliwwere well, kann dat maachen - den Firefox hat fréier souguer eng Méiglechkeet, fir d'Kennung ze änneren, well deemols Säiten näischt ausser dem Internet Explorer eragelooss hun. Secherheet déi sech op d'Kennung vum Browser verléisst as ongeféier sou sennvoll, wéi wann een deene béise Jongen seet, si missten sech umellen, éier se eng welle stiechten.

16

09.01.2009, 12:37

Gëff deem Spill mol méi eng symphatesch Kennung (ausserdeem wees en dann, dass du et bass an net ee vun den Béisen ;) )

Zum Beispill: Kuckuck, spär mech net, ech sinn ee Gudden
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

17

09.01.2009, 12:40

Du muss jo ower lo net mengen, dass ech lo libperl nei kompiléiren an an Zukunft manuell a jour halen, just fir dass Du eng sympathesch Browserkennung hues? Zäit och net an der Lotterie gewonnen :)

Obwuel... do kéint een en outbound proxy maachen, e besschen rewriten an all Dag en aneren domme Sproch an der Browserkennung brengen... dat wier nawell eng agréabel Bastelei :)

18

09.01.2009, 12:42

Obwuel... do kéint een en outbound proxy maachen, e besschen rewriten an all Dag en aneren domme Sproch an der Browserkennung brengen... dat wier nawell eng agréabel Bastelei :)


Kommando zréck, eng aner Bastelei huet Virrang.... forumstechnesch ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme