Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

21

23.07.2008, 07:13

Ech krut grat nach eng Mail vun Root. Do schéngen sech e puer Leit wierklech Gedanken ze maachen. E gutt Zeechen! :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

22

23.07.2008, 07:18

Ech krut grat nach eng Mail vun Root. Do schéngen sech e puer Leit wierklech Gedanken ze maachen. E gutt Zeechen! :)


Geseis dë emol, wann een mat deenen richtegen Leit ze din huët, dann kritt een uërdentlech Äntwerten, an et geschitt ëppes. Vun deem aneren Matarbëchter halen ëch guër neischt méi. Een deen esou ausfaalend muss gin, fir sëch ze verteidegen wees normalerweis neischt. ;)

Waat sooten sie dann?

23

23.07.2008, 07:22

Zitat

Gudden Owend,

Mier hun haut e bessen nodeems ären Email erakomm ass intern iwwert dess thematik diskuteiert, well eis sou een Feedback (ob dier daat elo gleewt oder net) zimmlech wichteg ass.

Et ass eis e bessen komesch fierkomm, dass et laut ärer Ausso esou schlemm sollt sin. Mier investeieren neemlech grad zu der aktueller Zait astronomesch Sommen Geld an Infrastruktur Upgrades, wou enner aanerem och esou Saachen wei Webserver mat Loadbalancers etc… um Ordre du Jour stinn.

Wei mecht sech laut ärer Erfahrung dann deen “luesen” Webserver bemierkbar? Gett ee Site guer net gelueden? Kommen fehler?

Mier huelen eis wei gesoot esou eng Reklammatioun zu Herz, besonneg elo wou grad sou vill Upgrades am Mettelpunkt stinn.

Merci.

MfG,
Meng Äntwert (wann nach een Remarquen wëll ufügen, loosst mech et wëssen):

Zitat

Gudde Moien,

ech gesinn nawell ganz gären, dass Dir Iech sou Saachen zu Härz huelt!

Bon, lues heescht, dass den Site entweder wierklech lues gelueden gëtt (30 Sekonnen fir eng banal Startsäit wéi aste.lu sinn keng Seelenheet) oder den SQL-Server ass einfach guer net z'erreechen (kuck Screenshot hei drun). Wann ech dann déi 4 Säiten, déi ech kennen an déi bäi Iech leien kucken ass d'Resultat véier mol dat Selwecht. Aner (Net-Root.lu-)Säiten lueden problemlos.

Ech hoffen ech konnt hëllefen a stinn bäi weider Froen mat Gewier bäi Fouss.

Mat frëndlechen Gréiss,
Änder
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

24

23.07.2008, 07:29

:D :D :D Du Geck!! :D :D :D

Den @Europäer an ëch, mir hun den Fall, dass d'Seit guër net luëd, an ëmmer déi "Fatal Error" kënnt, munchmol während 2 - 3 Stonnen, d.h. du kënns alt während 2 - 3 Stonnen guër net an den Forum eran.

25

23.07.2008, 07:38

Ech hunn jo e Screenshot vun der Fatal-error-Geschicht matgeschéckt :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

26

23.07.2008, 07:50

Ech hunn jo e Screenshot vun der Fatal-error-Geschicht matgeschéckt :)


Dann wärten sie sëch elo d'Käpp zerbriëchen. :)

Europäer

unregistriert

27

23.07.2008, 09:51

D'Haaptsaach ass, dass sech elo emool dem Problem ugeholl gëtt, dank dem Änder hei, dee mecht wéinestens "Neel matt Käpp". :) An deem aanere Forum kruut een ëmmer nëmmen domm Äntwerten, wann ee reklaméiert huet, gedu @Hydra, an do ass esou gemaach ginn, ewéi wann et ëmmer nëmmen déiselwecht Useren wäeren, déi dee Problem hunn. ;)

28

23.07.2008, 11:24

Moral vun der Geschicht :
Ët soll ee prinzipiell all Problem mat enger Firma esou léisen :
1) Uruffen ... de Numm vum Korrespondent um Tel. froen an sech notéieren wann hien ët nët brengt oder ausweiche wëllt
2) méi wéi 1 Kéier Uruffen notzt näischt, an do huet ee keng Tracen ..also dann ...
3) E Bréif oder Mail un den Haaptdirekter vun der Firma maachen. De Numm fënnt ee meeschtens am Impressum op der Homepage vun der Firma !
... domat hun ech nach ëmmer (oder baal) meng Problemer könne léisen.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

29

23.07.2008, 12:56

@Europäer
an
@mJANG,

jo, et muss een un d'Leit erungoën, soss geschitt neischt. Där Meenung sin ech och. Wann een Matarbëchter een domm unmëcht, schreiwt een deem sëngem Chef eng Mail oder ë Bréif. So machen ech daat.

Den Änder spillt net méi an der Sandkaul, dofir wees hiën wéi een déi Sachen richteg mëcht. :)

Europäer

unregistriert

30

23.07.2008, 15:17

Den Änder spillt net méi an der Sandkaul, dofir wees hiën wéi een déi Sachen richteg mëcht. :)
@Hydra, wéi ech um Änder sengem Avatar gesinn, huet hien d'Sandschëpp géint e méi e seriöst Instrument getosch. :D :D :P

Mysteri

unregistriert

31

25.07.2008, 09:45

Den Änder huet hei alles richteg gemaach, mee aner Leit definitiv net:

@Hydra:

Zitat

Vun deem aneren Matarbëchter halen ëch guër neischt méi. Een deen esou ausfaalend muss gin, fir sëch ze verteidegen wees normalerweis neischt. ;)

Ech huele jo mol un dass dat fir mech gemengt ass well et passt zu dem waats de geschriwwen hues an dem anere Forum an et gëtt hei och keen Unzeechen dofir dass en aneren Mattaarbechter kéint gemengt sinn. Dofir soen ech dir dat hei:
DAAT WAR KEE SUPPORT FORUM. Alles wat ech geschriwwen hun hun ech net als Mattaarbechter geschriwwen mee als Privaten. An dann nach, ech soot jo selwer, se wëssen et a kucken durno, an d'E-Mails vum Änder hu just gewisen dass ech Recht haat. An souguer dann bass de net amstand ze gesinn dass de total falsch läis. Dat nennen ech stur an naiv. An dann nach "Wann een Matarbëchter een domm unmëcht" ... Wen iergendeen aner domm ugemaach huet, wars du.

Ech hun es saat dass verschidde Leit emmer mengen se missten op hierer falscher, naiver Meenung sëtzen bleiwen, an doduerch dann falsch Saachen an d'Welt setze ginn well dat kann et einfach net sinn.

32

25.07.2008, 10:34

@Mysteri,

Leit's du ënner Verfolgungswahn, oder hälls du dëch fir esou wichtëg, dass du mëngs all Mënsch géing iwer dëch schreiwen?

Ech hun weder mat ëngem Matarbechter un dënger Firma geschwaat, nach dëch gemëngt. Hätt ech als Client vun dënger Firma, wat ech net sin, mat dir geschwaat, an du wärs mër domm an frech komm, dann hätt ech mech natierlech beschwéiërt. Well ech awer weder Client vun dënger Firma sin, nach jemols wärt gin, nach bei dir ungeruff hun, gesin ech net wat's du dann hei nees ze beanstanden huës.

Du kanns mech esou lang stur an naïv nënnen wéi's du wëlls, mech stéiërt dat net fir zwéi Sou, ech wees wiën ech sin, wat ech kann, wat ech net kann, beweisen mein Kënnen excellent zënter 35 Joër, sin op mënger Arbëcht geschätzt an unerkannt, bei mëngen Frënn an Kollegen och, bei mënger Famill besonnesch, dowéinst schreiw du dir rouhëg d'Fangeren kromm.

Mysteri

unregistriert

33

25.07.2008, 10:46

Ech hun weder mat ëngem Matarbechter un dënger Firma geschwaat, nach dëch gemëngt.
Aaahhh dofir schwätz de awer permanent vu Mattaarbechter, dat erklärt alles...

34

25.07.2008, 11:57

@Mysteri,

du därfs ophaalen, dein Geschreiws fänkt net eréischt un domm ze gin, et ass ët schon. Eng Firma huët nun emol Matarbëchter, muss ëch der dat och elo nach erklären?

Mysteri

unregistriert

35

25.07.2008, 14:21

@Mysteri,

du därfs ophaalen, dein Geschreiws fänkt net eréischt un domm ze gin, et ass ët schon.
Jo du hues natiirlech matt allem Recht an bass dat Intelligenst iwwerhaapt, ass mer lo scho bewosst ginn no allem wat ech vun dir gelies hun. Et bedeit mer och immens vill dass ech vun dir d'Erlaabnis kréien opzehalen matt schreiwen.

Abildung ass och eng Bildung

Europäer

unregistriert

36

25.07.2008, 14:35

@ Mysteri

Erlaab mer jhust eng Fro : Hues du dech hei am Forum ugemellt, fiir hei weider matt dem Hydra ze streiden ? :huh:

37

25.07.2008, 14:59

@Europäer,

Hiën huët sëch hei als Troll ungemellt. Wéi heescht et esou schéin: "don't feed the troll!"

Mysteri

unregistriert

38

25.07.2008, 15:17

Kuck Hydra, an dann sees de du geifs domm ugemaach ginn.

@Europäer: Ech hu mech schonn an dem éischte Kommentar selwer erklärt.

Dir schwätzt iwwer alles a jiddereen wéiwann et Dräck wir, an daat ass eppes wat mir guer net geet. Schonn alleng de Saz "Sollen déi och d'Halschënt vum Personal erausgeheit hun, fir méi Geld ze machen?", wat den éischte war den net an der Rei war hei am Thread, kléngt dach éierlech gesot net wéiwann e vun engem verstännegen, erwuessene Mënsch géing kommen. Keng Ahnung hun mee Meckeren an schlecht maachen vum Hydra senger Säit äus, ass dat wat net OK ass.

39

01.08.2008, 19:15

Alt nees dat Selwecht, luëd net op, duëron "FATAL ERROR".

40

10.08.2008, 18:50

Alt nees dat Selwecht, luëd net op, duëron "FATAL ERROR".


Haut och nees.

Ähnliche Themen