Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

08.06.2008, 22:26

Problemer mam Zougrëff op de Forum

Seit haut hun ech déi gréissten Problemer beim Oplueden vum Forum. Et dauert an dauert an dauert an......................................................................................................................................................

.................................................................................................................................................... an dauert.

All meng aner Internet-Adressen loossen sëch am Nu oplueden, just den Forum net. Waat ass lass?

2

08.06.2008, 23:00

RE: Problemer mam Oplueden vum Forum

Seit haut hun ech déi gréissten Problemer beim Oplueden vum Forum ....
... ech hun der ët schon x-mol gesoot , lued der am Liewen nët zevill op ,da kanns de ët och besser genéissen .....
e schéinen Owend nach !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

3

08.06.2008, 23:57

RE: RE: Problemer mam Oplueden vum Forum



Seit haut hun ech déi gréissten Problemer beim Oplueden vum Forum ....
... ech hun der ët schon x-mol gesoot , lued der am Liewen nët zevill op ,da kanns de ët och besser genéissen .....
e schéinen Owend nach !
:D :D Merci fir deng Äntwert @mJANG. Muër kréien ech och vielleicht eng vun engem techneschen Admin.

4

09.06.2008, 07:01

Schéngt e klengen Knuet bäi Root.lu gewiercht ze sinn, kënnt iwwerall mol fir. Ech hunn z. B. zanter gëschter Problemer mam Billerservice vun Google (Picasa). Einfach e bessi Gedold hunn :)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

5

09.06.2008, 08:01

Schéngt e klengen Knuet bäi Root.lu gewiercht ze sinn, kënnt iwwerall mol fir. Ech hunn z. B. zanter gëschter Problemer mam Billerservice vun Google (Picasa). Einfach e bessi Gedold hunn :)

Änder,

déi mussen ë fermen Knuet gehaat hun. Zeitenweis koums du guer net eran, an dat den ganzen Dag iwer. Haut den Moiën geet et nees perfekt.

Jempi

Administrator

Beiträge: 2 590

Wohnort: Beim neien Prisong

Beruf: Meckerer

  • Nachricht senden

6

09.06.2008, 09:15

Änder,

Gëscht war stonnelaang den Server guet net um Netz (ongeféier 3 Stonnen vun 12 bis 15 Auer), duernoer waren d'Äntwertszäiten exécrabel, et war onméiglech, eppes ze maachen. Haut ass den Probleem geléist.

Ech hat schons gefaart, den Laurentius hätt nees en Upgrade vun der Datenbank gemaach.
"Truth is the most valuable thing we have. Let us economize it."
Mark Twain

Europäer

unregistriert

7

09.06.2008, 09:19

Déi Problemer hunn ech och mattkritt, haat schonns geduecht, et lig erëm un der Post. ;)

8

09.06.2008, 09:58

forum offline

onsen SPETZELDINGSCHT haat secher eng sonndesschicht !! :)

cy
wou sin ech drun ?

de richtege Wee : "Ne rien nier à priori, ne rien affirmer sans preuve."

"Deception is a state of mind and the mind of the State" :thumbup:

9

22.07.2008, 07:09

Ass de moien un root.lu gaangen:

Zitat

Moien,

als Webmaster vun aste.lu, als Admin vun lux-forum.lu an als User vun aneren Siten, déi bäi Iech gehost sinn erlaaben ech mir mäin Mëssfalen vun Ärem Service zum Ausdrock ze bréngen. Déi lëscht Deeg reagéieren är Serveren lues bis guer net, d'SQL-Datebanken sinn zäitweis net z'erreechen. Lues a lues kréien ech massiv Reklamatiounen vun den Benotzer, déi ginn ech dann heimat un Iech weider. Wat leeft do bäi Iech? Dovunner ofgesinn: den Datenverloscht vun virun 2 Méint huet mäin Vertrauen net onbedéngt gestärkt...

An der staarker Hoffnung, dass sech bäi Iech eppes deet verbleiwen ech

Mat frëndlechen Gréiss,
André Wagener
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

10

22.07.2008, 08:03

Dann offréiren se der lo warscheinlech e Mount gratis oder sou :)

Net dass dovun eppes besser géif ginn...

11

22.07.2008, 08:08

@Änder,

huës du gudd gemach. Déi éiweg "Fatal Error", déi nervt. Gëschter no 22.00 Auer war et alt nees esou weit. Géi hinnen op d'Strëmp, vielleicht hëlleft dat. :)

12

22.07.2008, 08:08

Et ass wéi ëmmer: ier ech bäi root gaangen sinn, hunn ech nëmmen dat Beschten vun hinnen héiren. Soubal de Laurent an och ech bäi sie gaangen sinn......

Gutt, et ginn och aner Provideren... ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

13

22.07.2008, 08:10

Ët ass jo eréischt an deenen läschten Wochen, wou dat do ëmmer nees virkënnt. Sollen déi och d'Halschënt vum Personal erausgeheit hun, fir méi Geld ze machen?

Europäer

unregistriert

14

22.07.2008, 10:20

@Änder,

huës du gudd gemach. Déi éiweg "Fatal Error", déi nervt. Gëschter no 22.00 Auer war et alt nees esou weit. Géi hinnen op d'Strëmp, vielleicht hëlleft dat. :)
Daatselwecht soën ech och. :)

15

22.07.2008, 10:56

Eent steet fest, doduërch, dass elo schon an zwee Foren iwert hir Problemer geschriwen gët, ass net grad eng gudd Reklamm fir sie.

16

22.07.2008, 11:02

Dat ass jo den Zweck vun der Übung ;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

17

22.07.2008, 14:43

Hei d'Äntwert vun root.lu:

Zitat


Bonjour,

Mir hun är Kritik an dei vun ären Client'en opgeholl. Et war eis bis lo säit däer läschter grousser mise à jour vun eise Maschinnen virun ronn 1,5 Joer nach näischt zu Oueren komm dass d'Säiten rem sollen ufänken mei lues ze gin, mee lo wou der et soot: Eise MySQL-Server leeft de moment tatsächlëch emmer mei oft un der limite, mir wäerten dann do nach am Laaf vun dëser Woch d'Hardware e bëssen opstocken sou dass et ab Enn dëser Woch nees sollt wei gewinnt schnell laafen. Leider besteet dee Server aus e bëssen mei spezieller Hardware, sou dass eng direkt Oprëschtung mat däer Wuer dei mer op Stock hun net ka gemeet gin, dowéinst musse mer divers Saachen bestellen an dowéinst kënne mer do och virum Weekend näischt maachen.

Waat den Ausfall vum 9. Juni betrëfft, daat war eng ausseruerdentlëch onglécklëch Verkettung vun Emstänn dei eis sou an deenen ronn 6 Joër vun eisem Bestoën och nach net virkomm ass, do huet Murphy's Law eis voll erwëscht. Mir setzen natierlëch alles drun dass sech sou ee Super-Gau net mei widderhëllt, sou maache mer mëttlerweil zwee getrennten Backups op physikalësch zwou getrennten Plaatzen, sou een Quasi-Totalverloscht wäert sëch also soubaal net widderhuelen.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

18

22.07.2008, 14:47

Maja, do schaffen jo dann och Leit déi Manéiëren hun, an dëng Mail war net fir neischt. :D

19

22.07.2008, 14:50

Maja, do schaffen jo dann och Leit déi Manéiëren hun
;)
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

Europäer

unregistriert

20

22.07.2008, 18:56

Et ginn also nach Admins, déi sech fiir hiire Forum an d'Useren asetzen. Merci Änder ! ;)

Ähnliche Themen