Sie sind nicht angemeldet.

Lieber Besucher, herzlich willkommen bei: LUX-FORUM. Falls dies Ihr erster Besuch auf dieser Seite ist, lesen Sie sich bitte die Hilfe durch. Dort wird Ihnen die Bedienung dieser Seite näher erläutert. Darüber hinaus sollten Sie sich registrieren, um alle Funktionen dieser Seite nutzen zu können. Benutzen Sie das Registrierungsformular, um sich zu registrieren oder informieren Sie sich ausführlich über den Registrierungsvorgang. Falls Sie sich bereits zu einem früheren Zeitpunkt registriert haben, können Sie sich hier anmelden.

1

23.10.2008, 10:44

Literaturkritik

Ech hun näischt dogéint, dass daat Thema waat op grouss Entrüstung bei verschidde Leit gestouss ass, zougemaach gët.
Mais ech hun eppes dogéint, dass meng lescht Matdeelung vun ongef. 10 Auer einfach verschwanne gedoe gët,wou ech dra gesoot hun, dass ech all meng Beiträg zu deem Thema geläscht hätt !
Ech froe mech iwerhaapt op ech hei nach weider schreiwe soll................. !
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

2

23.10.2008, 10:56

Mais ech hun eppes dogéint, dass meng lescht Matdeelung vun ongef. 10 Auer einfach verschwanne gedoe gët,wou ech dra gesoot hun, dass ech all meng Beiträg zu deem Thema geläscht hätt !

An deen Thread hat genee doduerch och guer kee Sënn méi... . Bon, e steet nees do, wann dat Dech glécklech mecht. Jiddereen därf sech lo selwer seng Meenung bilden ob dat Thema net vläicht besser gelöscht wier :|
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

3

23.10.2008, 11:11

lösch ë ganz.
Das sogenannte Theodizeeproblem :
Kann oder will Gott das Leid in dieser Welt und die Untaten seiner Kirchenmänner nicht verhindern?
Wenn er es nicht kann, ist er nicht allmächtig, wenn er es nicht will, dann ist er nicht allgütig !

4

23.10.2008, 13:19

lösch ë ganz.
Dann ass den Problem jo elo geléist. :)

5

23.10.2008, 18:15

Ech muss awer elo soen dass déi Réaktioun vun verschidenen Leit iwert dem Meckerjang sein Thread einfach lächerlech ass.

Hien huet den Jegas dach net erof gemach. Et war esouguer echt, dass hien durch Zoufall den Jegas an engem Kultur-Forum erem fonnt.
Wann én bedengt wat an desem Forum schon Frechhéten an Beleidigungen (déi wirklech ennert Gürtellinie gang sin) gefall sin. Do hätt én an fréieren Zeiten jo bal all Thread zou machen missen.

Natirlech elo kann én soen: Jo dat war fréier. Mais wär do méi hard durch gegraff gin, hätten mir net esouvill Useren verluer.
An elo ass et just den contraire an komplett iwerdriwen.

Den Meckerjang brengt wéineschtens nach e besschen Witz a Peffer an dat Ganzt. Mais fir verschiden 'zart besait Séilen' déi absolut kén Witz an Humor schengen ze hun, war dat secher zevill. Et kann én awer och net andauernd nemmen iwer esou doudsérieux an drechen Themen wéi Politik, Banken oder Wirtschaft diskutéieren. Sos entweckelt sech dat ganzt lues awer secher zu engem ganz éschten an ouni Witz gehalenen Wirtschafts-an Politikforum.

Meckerjang bleiw esou wéis du bass.

6

23.10.2008, 20:30

@Fifi,

eigentlech wollt ech neischt schreiwen. Ech hun mir ët elo eng Zeit iwerluecht an hei ass ët:

ech gin dir recht, dass hei Frechheeten gepost gin sin, déi ënnert d'Gürtellinn gangen sin. Dat waren awer Frechheeten, déi Fraën gemach kruuten. Do huet et ganz oft ganz laaaaaang gedauert, iër een angegraff huet. X( Den mJANG stoung déi Zeit op den Fraën hirer Seit, dat wëll ech net vergiessen.

Dass hei d'Angreifen esou prompt war, huet mech iwerrascht. Den mJANG hätt kennen gefroot gin, den Numm aus sengem Post erauszehuelen, an domat hätt et sech gehaat.

Ëmmerhin huet den mJANG eis jo och gewisen, wéi eisen fréiëren User d'Traap eropgefall ass an elo zu engem groussen Literatur- an Telé's-Kritiker an enger grousser deitscher Zeitung gin ass. ;)

Den mJANG soll dat awer net esou eescht huelen, den Protest war net fir den mJANG ze verletzen.

Déi zart beseit Séilen schwätzen awer nun emol gären iwert Bankenkriis, Politik etc. Mech perséinlech interesséiert eis Monarchie séiër wéineg. Also deen een schreiwt dat eent, deen aneren dat anert. Du muss elo och keng Moral hei machen, well mir net andauernd hei den Clown wëllen markéiëren oder iwert eis Grande-Duchesse wellen schreiwen. Wanns du gären lachs, dann kuck an den Thread "Gelungenes an Witzeges"

Jiddereen kann jo ë besschen nodenken, iër hien/hatt zevill sec schreiwt. Ech schreiwen och oft sec, ech wees dat. Dat ass meng Art an Weis mech auszedrëcken. :( Souguer wann ech bis 50 ziëhlen, hëlleft ët oft neischt. :huh: Mir därfen awer net esou weit kommen, dass hei keen méi schreiwt, well ë muss färten, dass ën eng Remarque gemach kritt.

Also mJANG, wéi ass ët? :)

7

24.10.2008, 07:35

Eemol am Mount eppes posten awer mat der Kritik sinn mir séier do, fein...
Ech muss awer elo soen dass déi Réaktioun vun verschidenen Leit iwert dem Meckerjang sein Thread einfach lächerlech ass.
Merci

Zitat

Hien huet den Jegas dach net erof gemach.
Dat gesinn ech an nach aner Leit awer ganz anecht...

Zitat

Wann én bedengt wat an desem Forum schon Frechhéten an Beleidigungen (déi wirklech ennert Gürtellinie gang sin) gefall sin. Do hätt én an fréieren Zeiten jo bal all Thread zou machen missen.
Dir hat/hutt d'Méiglechkeet drop ze reagéiren, déi huet den Jegas an dësem Fall net. Obwuel den Jegas jo duerch mech gespaart ginn ass, loossen ECH NET zou, dass elo hei de Geck mat him gemaach gëtt an em näicht anescht ass an deem Thema gangen.

Zitat

Natirlech elo kann én soen: Jo dat war fréier. Mais wär do méi hard durch gegraff gin, hätten mir net esouvill Useren verluer.
An elo ass et just den contraire an komplett iwerdriwen.
Wéi hätt der dann elo gären? Gemolt, oder wéi? Ech hunn et schon e puermol gesot: wann dir mat mengen Décisiounen net averstanen sidd, sot et an sicht iech en aneren Admin. Keen Thema. Mee soulaang ech Admin sinn, décidéiren ech wéi ech et fir richteg halen. (An et mecht mech soulues wierklech rosen, dass hei bäi der kléngster Klengegkeet direkt e Riesenfaass opgemaacht gëtt!)

Zitat

Den Meckerjang brengt wéineschtens nach e besschen Witz a Peffer an dat Ganzt. Mais fir verschiden 'zart besait Séilen' déi absolut kén Witz an Humor schengen ze hun
Et gëtt jo wuel näicht méi subjektives wéi Humor, also vun do hier.....

Zitat

Sos entweckelt sech dat ganzt lues awer secher zu engem ganz éschten an ouni Witz gehalenen Wirtschafts-an Politikforum.
Jiddereen hei laacht gären, mee muss et dann wierklech iwwer den Jegas sinn?

Zitat

Meckerjang bleiw esou wéis du bass.
Och domat huet wuel keen e Problem, ech am allermannsten, mee et wärt een dach wuel eng Kritik äusseren därfen ouni hei direkt un d'Kräiz geneelt ze ginn. Kann hei een mir och nëmmen een eenzegen Grond nennen firwat ech meng Zäit an dësen Forum stiechen soll an mir dann och nach Remarquen muss gefalen loossen? Een eenzegen Grond, w.e.g? An dobäi ass et mol nach net mäin Forum. Wann ech lo sou driwwer nodenken froen ech mech selwer firwat ech hei de Clown spillen.
Wësst dir eigentlech wéivill Zäit den Johnny an ech an de Projet "Serverwiessel" investéiren? Gratis ass dat Ganzt och net. Awer direkt op d'Tromm schloen wann engem eppes net geet.... gutt ze wëssen!

Sou, lo wësst der meng Meenung.
Politik ist die Kunst, die Bürger immer wieder so schnell über den Tisch zu ziehen, daß sie glauben, die dabei entstehende Reibungshitze sei Nestwärme

8

24.10.2008, 09:10

Jiddereen kann jo ë besschen nodenken, iër hien/hatt zevill sec schreiwt. Ech schreiwen och oft sec, ech wees dat. Dat ass meng Art an Weis mech auszedrëcken. :( Souguer wann ech bis 50 ziëhlen, hëlleft ët oft neischt. :huh: Mir därfen awer net esou weit kommen, dass hei keen méi schreiwt, well ë muss färten, dass ën eng Remarque gemach kritt.

Ech gesinn elo, dass dat hei net kloër ass. Mat "Remarque gemach kritt" mengen ech net déi "Remarque'en" vun den Admins. Där gouf et elo eng eenzeg an ongeféiër 4 Méint. Ech mengen domat virun allem déi onugebruëchten Remarque'en déi vun User kommen.

Wann ech eppes schreiwen, woumat ën aneren User net d'accord ass, kann deen mir dat ganz uerdentlech soën. Do muss net ë Männchen deen sech rullt vun lachen iwert mein Ecran jauwen, do muss och net eng Hoërfaarw (an dësem Fall blond) mat enger Attack op Fraën am allgemengen mat dran bruecht gin. Dat sin déi Remarqu'en déi domm an total iwerflësseg sin. Sie éieren deen User deen së schreiwt net. Och esou dohin gepuchten Remarquen wéi: "et ass mir elo ze blöd!", soën vill iwer ë User aus. Eigentlech wollt ech net am Détail dorop angoën, mee ech hun eppes ungeschwaat dat falsch verstanen ginn ass, also: elo steet et hei!

Déi meescht User hei schreiwen awer net iwerhiëflech, arrogant oder besserwësserech. Mir kënnt et z.B fir, dass ë User eppes schreiwt, wouvun ech net vill verstinn, dat mech awer interesséiert. Dann froën ech no an kréien meng Fro ganz uërdentlech, munchmol mat Recherchen beäntwert. Genau esou ergeet et mir, wann ech eppes hei eranposten, dat fir mech Froën opwerft, meeschtens gin déi Froën flott an am Détail beäntwert. Oft fannen ech och eppes net richteg an kritiséieren dat. Och do kréien ech meeschtens eng uerdentlech Äntwert. Esou gefällt den Forum mir, an dofir sin ech och nach ëmmer derbei.

Mir sollen elo net hei un där Remarque vun den Admins hänken bleiwen. Sie sin dofir do, eis ze soën, wann mir iwerdreiwen. Admin. an dësem Forum ze sinn ass net flott. Mir sin all esou selbstsëcher, dass mir eis net gären eppes soën loossen, sin och zum Deel op eiser Arbechtsplaatz net gewinnt dass een eis widersprëcht. Fir dësen Forum awer an der Reih ze halen, muss ech mir och alt emol eppes vun engem Admin soën loossen, och wann ët mir am éischten Moment net gefällt.

@Änder,
mir éieren är Arbecht, :) och wann dat munchmol net esou eriwer kënnt.

Den @mJANG huet hei nach nie den Tockskapp (wéi gëtt dat dann elo geschriwen?) marquéiert. Seng Posten sin meeschtens flott an lehrreich. Och dem mJANG seng Äntwerten sin léif, interessant an manéiërlech.

Fir mein Deel ass déi Sach elo gelaaf.

PS: fir déi aus dem Forum ouni Bindestréch, déi elo mengen sie missen an hirem Forum schreiwen, hei géingen d'Fatzen fléiën an mir wären eis an d'Hoër gerooden: "mir schwätzen eis hei aus". Hei gëtt net mat PN'en geschafft, fir dass nëmmen keen Post hei soll stoën, deen den Forum an engem schlecht Liicht "kéint" do stoën loossen, hei gin och net systematesch Thread'en zougemach, well eis Admins der Meenung sin, dass deen Thread schlecht "dobaussen" kéint machen. Sou, dat huet och elo nach missen sin! Wann ech schon amgangen sin...

9

24.10.2008, 22:55

Hun ech eppes verpasst? A een oder waat ass Jegas??? ?(